Placeholder Dummy template

„Eenzegaarteg hei am Land“

Cooperations Wiltz ass e Virbild a puncto Inklusioun

Bestëmmt hutt Dir scho vun der „Nuit des Lampions“ héieren, déi am Norde vun eisem Land stattfënnt. Net jidderee weess awer, datt dëst Event vun der ASBL Cooperations organiséiert gëtt, déi nieft der Société Coopérative Cooperations zur grousser Boîte Cooperations Wiltz gehéiert. Dësen Artikel gëtt eng kleng Iwwersiicht iwwer déi ganz Organisatioun.

Mir sinn ee Betrib, mee mir hunn zwou Rechtsformen“, stellt d’Elvira Mittheis, d’Direktesch vun der ASBL Cooperations direkt am Ufank vum Gespréich kloer. Wärend d’ASBL Cooperations de kulturellen a sozialen Aspekt ofdeckt, funktionéiert d’Cooperative als sozial-ekonomesche Betrib mat engem héije Stellewäert fir d’Inklusioun.

Fir d’éischt kucke mir eis awer den Historique vun der Cooperations Wiltz un. D’Inklusioun an d’sozial Participatioun stoungen direkt vun Ufank un am Mëttelpunkt. Alles huet nämlech mat engem Kënschtleratelier ugefaangen. „Dat war u sech d’Gebuertsstonn vun der haiteger Cooperations“, erkläert d’Direktesch. Am Joer 1983 huet zu Wolz e kënschtleresche Projet stattfonnt, bei deem Kënschtler aus Éisträich, England a Lëtzebuerg involvéiert waren. D’Iddi war deemools, Kënschtler mat enger mentaler Beanträchtegung an de Projet ze integréieren. No Gespréicher mat der Gemeng Wolz gouf dunn e Stéck Land zur Verfügung gestallt, wat zwee Joer méi spéit zum „Jardin de Wiltz“ ëmgewandelt gouf. Obwuel de Projet u sech ofgeschloss war, gouf un der Weiderentwécklung vun dësem Site geschafft. An dëser Phas ass och e Gäertneratelier entstanen. 1990 war et schliisslech sou wäit, datt d’ASBL gegrënnt gouf. Nëmmen e Joer méi spéit koum d’Cooperative derbäi. „De Grond war, datt d’Leit sou ugestallt konnte ginn“, erkläert d’Madamm Mittheis. Haut si ronn 200 Leit am Betrib vun der Cooperations Wiltz beschäftegt, wouvun der 35 bei der Associatioun an de Rescht bei der Cooperative schaffen.

Wat déi verschidde Beräicher vun der Associatioun ugeet, kann ee feststellen, datt de kulturelle Volet eng zentral Roll spillt. D’Organisatioun vun Eventer – wéi déi scho genannten „Nuit des Lampions“ – gehéiert zu hiren Haaptaufgaben. Dëst Event huet kleng ugefaangen, ass awer zënter 2007 ëmmer méi gewuess an zitt haut Dausende vu Spectateuren un. Bands an Artiste suergen derfir, datt gutt Stëmmung a flott Ënnerhalung gebuede gëtt. Och Kënschtler ginn invitéiert, déi zum Beispill Masken- an Theaterworkshoppe bei dësem Liichtspektakel ubidden. Obwuel d’Ënnerhalung am Fokus steet, bleiwen d’Lampionen awer de wichtegste Bestanddeel, ënnersträicht d’Madamm Mittheis. En zentraalt Element ass heibäi awer och d’Participatioun vun de Leit mat besonnesche Bedierfnesser. Si bréngen hir Fäegkeeten an déi verschidden Ateliere mat an. „Déi eng bastelen d’Lampionen, anerer këmmeren sech ëm d’Gaardenaarbechten oder hëllefe beim Verkaf vun Iessen a Gedrénks“, seet d’Direktesch vun der ASBL.

De soziale Volet kënnt awer och net ze kuerz: D’ASBL bitt z. B. Wunnraum un, ënner anerem a Form vun engem Foyer fir aacht Leit mat Beanträchtegungen. Dës Persoune kréien Ënnerstëtzung am Alldag. Änlech agéiert e Centre de loisirs, dee Fräizäitaktivitéite fir Leit mat Handicap offréiert. Dës Aktivitéite reeche vu Spadséiergäng a Kachcoursë bis hin zu Konschtprojeten. Weider gëtt et nach d’Déngschtleeschtungsoffer „Mäi Liewen“, bei där autonom Persoune mat Statut kënnen Hëllef kréien a vun enger Persoun vun der Associatioun begleet ginn. Dës Hëllef gëllt fir Rendez-vousen, Dokteschvisitten oder d’Wunnengssich.

En anere Beräich, an deem d’ASBL engagéiert ass, ass de „Centre de propédeutique professionnelle“ (CCP). Jonker vu 16 Joer un, déi net méi an d’Schoul wëlle goen, kënnen hei verschidden Atelieren testen an eventuell eng Léier ufänken. Wa si sech fir e spezifeschen Atelier entscheeden, kënne se do eng Ausbildung maachen a spéider eventuell do schaffen“, erkläert d’Direktesch. De „Jugendbüro Éislek“ ass eng weider Ulafstell, bei där zwee Mataarbechter vun der Associatioun Jonker am Alter vun 12 bis 30 Joer mat kënschtlereschen a participative Methoden un Theeme wéi Krich oder Demokratie eruféieren. Och de Wolzer Kino, de Ciné Prabbeli, mam derzougehéierege Café, gëtt vun der Associatioun geleet. Säit Kuerzem ass si och fir d’Organisatioun vum „Festival de Wiltz“ zoustänneg.

Wat elo d’Cooperative ubelaangt, stellt ee mat engem méi geneeë Bléck eng breet Pallett u verschiddenen Ateliere fest. Zu dëse sougenannten „Ateliers d’inclusion professionnelle“ zielen e Service maintenance, eng Haushaltsféierung, e Restaurant, eng Bäckerei, eng Epicerie (mam Numm „Ale Moart“) a souguer e Bitzatelier. Souguer de Campingsite zu Wolz steet mëttlerweil och ënner hirer Opsiicht.

Dës ganzt Fonctionnement géing awer net ouni d’Ënnerstëtzung vun der Gemeng goen. „Vun Ufank un ass d’Gemeng Wolz an eis Planungen agebonnen, besonnesch am Jugendberäich. Dat gëllt och fir déi finanziell Ënnerstëtzung, déi mir vun hinne kréien. Dëse Support geet sou wäit, datt déi Jonk am Kader vu verschiddene Projeten d’Beruffsliewe vun enger Buergermeeschtesch kënne kenne léieren“, seet d’Direktesch vun der Associatioun.

Mee den Drang no méi besteet nach ëmmer. Och wa schonn eng grouss Unzuel un Aktivitéiten a Stäipen ugebuede gëtt, hunn déi Verantwortlech vun der Cooperations Wiltz nach ëmmer nei Iddien am Kapp. „Mir plangen z. B. e kreativen Atelier, wou en innovatiivt Konzept agebaut ka ginn. Méi kann ech nach net verroden“, erzielt d’Elvira Mittheis. Mee heiansdo geet et awer och an déi aner Richtung an d’Projete ginn hiren eegene Wee: „E puer hu sech esou weiderentwéckelt, datt mir net méi dofir zoustänneg sinn. Mir hunn hinne gewëssermoossen eng Starthëllef ginn“, seet d’Madamm Mittheis.

Et gesäit een, d’Cooperations steet fir villes: Innovatioun, Inklusioun, Kultur, Soziales an nach sou munches méi. A genee dat mécht dëse Betrib esou eenzegaarteg. Dorobber ass d’Direktesch besonnesch houfereg. „Dat gëtt et soss néierens zu Lëtzebuerg, datt d’Leit an engem soziokulturellen, inklusive Betrib zesummeschaffe kënnen“, sou d’Madamm Mittheis. An domat huet si vollkomme Recht.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Fotoen: © Cooperations Wiltz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.