Placeholder Dummy template

D’Schreiwen hei am Land ass méisproocheg

CNL – „Literatur liesen an erliewen“

E Bréif un déi bescht Frëndin? E Post-it mat Notize fir en neit Buch oder en Heft mat Iddie fir deen nächste Comic? Wann s du wëlles hues, berüümt ze ginn, da wier et nawell sënnvoll, esou Saache mol gutt ze versuergen. Déi kéinten nämlech enges Daags an de Literaturarchiv kommen, de Centre national de littérature (CNL).

© CNL
© CNL

De CNL ass zu Miersch, an engem imposante Gebai mat schéinem Gaart, der Maison Servais. De Sëtz vum Literaturarchiv, dee 1788 vum Nottär Philippe Servais gebaut gouf, ass e wéineg ewéi dat, wat e versuergt: e besonnescht Unikat mat vill Geschicht. Aktuell entsprécht d’Sammlung vum CNL ronn 4.000 Këschte mat Archivmaterial an 93.500 Bicher, Zeitungen, Zäitschrëften an Artikelen, déi an der Bibliothéik stinn. D’Bibliothéik ass am Bibliothéikskatalog https://www.a-z.lu/ opgeholl, wärend d’Archiv ënner https://opac-cnl.public.lu/ ze fannen ass. 

E Maart, fir esou besonnesch Unikater oder Manuskripter ze kafen, gëtt et zu Lëtzebuerg awer net. Dowéinst kritt d’Literaturarchiv déi meeschte Saachen einfach geschenkt. An dat muss net onbedéngt eréischt nom Doud vun der Persoun sinn. D’Dichterin Anise Koltz zum Beispill huet schonn zu Liefzäite villes un d’Literaturarchiv ofginn. Dowéinst ass hir Sammlung am CNL besonnesch grouss. Zanter dass et d’Literaturarchiv gëtt, ginn awer och ëmmer nees Familljememberen Dokumenter of. Dat ka souwuel schrëftlecht Material sinn ewéi och e besonnesche Géigestand, deen d’Persoun definéiert huet oder hir wichteg war. Esou fënnt een an der Ausstellung och ee vum Nico Helminger sengen Hitt – mat Dedicace! Oder e Poesiealbum vun der Rosemarie Kieffer.

93.500

Dokumenter

Dass esou vill kann erhale ginn, war awer net ëmmer de Fall, a virun allem méi eeler Unikater wieren einfach verluer gaangen, bedauert d’Nicole Sahl. Si ass Conservatrice a këmmert sech am CNL ëm de Volet Archiv. Besonnesch virun 1995, also virun der Ouverture vum CNL, wier villes verschwonnen, well et keng dediéiert Plaz gouf, wou dës Erënnerungsstécker konnte versuergt ginn. Et wier och einfach keen allgemengt Bewosstsinn dofir ginn, dass beispillsweis Notizen, Manuskripter oder Bréiwer vun Auteuren e Wäert kéinten hunn, sief et fir Student*innen, Fuerscher*innen, mee och einfach fir Leit, déi sech fir d’Lëtzebuerger Literatur interesséieren. D’Solange Häusler ass Bibliothecairin an erkläert, dass d’Material op der Plaz muss consultéiert ginn an net dierf mat heem geholl ginn. Nieft der spezialiséierter Luxemburgensia-Bibliothéik fënnt ee bei de Bicher aus den Auteursbibliothéiken och Unikater, mat Dedicacen oder handgeschriwwenen Notizen dran. 

De CNL ass mat der Missioun gegrënnt ginn, alles ze erhalen, wat mat der Literatur vum Grand-Duché ze dinn huet. An dat bedeit och automatesch, dass d’Sammlung vill verschidde Sprooche vereent. Lëtzebuerger Auteuren a Schrëftstellerinne schreiwen nämlech dacks op méi Sproochen, oder net onbedéngt op Lëtzebuergesch. Däitsch ass déi Sprooch, déi mat ongeféier 52.500 vun de ronn 93.500 Dokumenter an der Bibliothéik vum CNL am heefegste vertrueden ass, duerno kënnt Franséisch an op drëtter Plaz eréischt Lëtzebuergesch mat iwwer 20.000 Dokumenter. Am Ganze fënnt een am CNL Publikatiounen a 46 Sproochen. Doniewent bedreift de CNL och de beléifte Lëtzebuerger Auteurslexikon, dee reegelméisseg aktualiséiert an erweidert gëtt. 

Nicole Sahl, Solange Häusler
Nicole Sahl, Solange Häusler
© Christof Weber (Collection CNL)

Mee „alles erhale“ bedeit awer och vill Aarbecht. Fir dass interesséiert Leit e Bréif, e Manuskript oder soss en Dokument kënne sichen an dann tatsächlech och fannen, muss alles, wat an de CNL erakënnt, och anstänneg katalogiséiert ginn. Eng Aarbecht, déi vill hannert de Kulisse passéiert, mee essenziell ass, fir dass de CNL als Archiv an als Präsenzbibliothéik vum Public ka genotzt ginn. Scho bei der Grënnung wier et wichteg gewiescht, dass d’Literaturarchiv net eng verstëbste Plaz gëtt, wou einfach alles „geparkt“ gëtt, esou d’Nicole Sahl. An dat ass och ëmgesat ginn. De CNL ass eng Plaz, op där sech Chercheuren, Professioneller ewéi och de Grand public iwwer d’Lëtzebuerger Literatur kënnen informéieren. Dat souwuel op der Plaz wéi och online. All Mount presentéiert de CNL an engem Artikel den „Objet du mois“. Am August war dat dem Dicks säi Rees-Schreifset.

A fir d’Maison Servais mat Liewen ze fëllen, mécht de CNL net just d’Sammlung no baussen op, mee organiséiert och reegelméisseg Evenementer. Nieft engem Archiv an enger Bibliothéik ass de CNL och e Literaturhaus, wou Leit sech begéine kënnen. D’Formater si villfälteg. D’Offer geet vu Konferenzen iwwer Gespréichsronne bis zu Liesungen. Zwee bis dräi Mol de Mount gëtt owes um hallwer 8 en Event proposéiert. Ma och d’Präisiwwerreechung vum Literaturpräis „Prix Servais“ ass alljoers am CNL. Donieft bitt d’Literaturarchiv vill pedagogescht Material fir d’Schoulpersonal, fir déi Lëtzebuerger Literatur och ënnert de jonke Lieserinnen a Lieser méi bekannt ze maachen. Eng Erausfuerderung fir d’Zukunft gëtt sécherlech den Ëmgang mat digitale Korrespondenze wéi E-Mailen oder Handy-Noriichten, esou d’Nicole Sahl. Wéi wäit geet d’Versuergen an d’Erhalen? Schonn haut wier een amgaangen, un dëse Froen ze schaffen.

Recherchéieren, informéieren, mee och beieneekommen, diskutéieren a sech austauschen; dovunner lieft d’Schreiwen hei am Land. A sécherlech huet eng Plaz, déi et erméiglecht, dass sech alles ëm d’Literatur aus dem Grand-Duché dréint, derzou bäigedroen, d’Zeen auszebauen. D’Lëtzebuerger Literatur huet schonn eng rasant Entwécklung hannert sech, a genee dat gëtt am CNL dokumentéiert a gefërdert – an dat schonn zanter 30 Joer! Den 30. Gebuertsdag gëtt an där Logik natierlech och richteg gefeiert. Fir den 22. September huet de CNL an d’Maison Servais zu Miersch agelueden an och domadder op en Neits bewisen, dass e Literaturarchiv voller Liewen ass.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.