An hirer Kandheet war d’Christiane Wickler dacks bei hirer Groussmamm am Norden: d’Famill hat e klenge Bauerebetrib, an et ass do, wou de Kär fir der Christiane Wickler hir „gréng Astellung“ geluecht gouf. „Do ass ëmmer alles verschafft an d’Natur gewäerde gelooss ginn.”
D’Liewensweis vun der Groussmamm an den Entrepreneursgeescht vum Papp hunn der Christiane Wickler hiert Liewe matgepräägt. Mat 22 Joer krut si vun hirem Papp eng Bensinnsstatioun am Grenzduerf Uewerpallen.
Dat war net witzeg
Hir Begeeschterung doriwwer huet sech a Grenze gehalen – grad wéi dem Papp seng Begeeschterung, wou hien 1960 gewuer gouf, datt säin éischt Kand – potenzielle Successeur vun der Entreprise Wickler – e Meedche war.
„Net witzeg, wat mécht en Entreprener mat engem Meedchen“, seet d’Christiane Wickler mat engem Laachen.
Si huet den Challenge nawell ugeholl, d’Äerm eropgestrëppt an op d‘Zänn gebass.
Gewënscht hat si sech e Buttek – an där hat si elo een: wuel ee mat Sprit, awer eben e Buttek. Sou wäit, sou gutt. Bis de Papp si forcéiert huet, dobäi och nach Pneuen ze verkafen an eng Wäschanlag ze bedreiwen. Dat war guer net am Sënn vun der jonker Geschäftsfra. Si wollt näischt verkafen, wat si selwer net begeeschtert.
„Dat war net witzeg“ – d’Christiane Wickler huet hire Kampfgeescht entdeckt. An „de Buttek“ no hire Virstellungen ausgebaut. Mat deene Produiten, déi hir gefalen. Mat deem, wat si passionéiert.
Passioun ass dat Allerwichtegst
„Passioun ass dat Allerwichtegst, well et ass dat, wat ee moies aus dem Bett dreift.“
Nieft der Passioun nennt d’Christiane Wickler als wichteg Atoute vun engem gudde Geschäftsmann oder -fra, datt ee muss Mënschefrënd sinn an en ekonomesche Gedanken hunn. Awer och den néidege Bëss, ëmmer nees opstoen ze kënnen an an allem dat Gutt ze gesinn.
Am Gespréich mat dëser haut ganz erfuerener Geschäftsfra kréien ech d’Gefill, datt si sech domat zu 100 Prozent identifizéiert. An och déi richteg Nues huet, fir um Bols vun der Zäit ze bleiwen.
Dofir reest si och gären: fir datt si sech kann inspiréieren a kucken, ob si mat hirem Bléck nach um leschte Stand ass. Gläichzäiteg sinn dës Reese fir si eng Ressource, fir opzetanken.
Haltbarkeetsdatum vun de Fraen
De Gedanken, fir an noer Zukunft méi lues ze trëppelen, kënnt der dynamescher Fra guer net an de Sënn – si inspiréiert sech léiwer un enger Madamm Macron, där si „Merci seet, well se den Haltbarkeetsdatum vun de Fraen elo mol ëm 25 Joer an d’Luucht gesat huet”.
Dass si selwer den Tour duerch hir Butteker mécht a sech net ze schued ass, fir hei an do eppes riichtzeréckelen, eng Hand unzepaken, quittéiert si mat engem Schmunzelen an: „Ech sinn en Tässelkett”.
Erfrëschend buedemstänneg fir déi Fra, déi Presidentin vun de Femmes cheffes d’entreprises ass.
Si huet e wakerege Bléck, ass riicht eraus an eckt och emol un. Awer si weess ofzeweien an ass sech bewosst, datt si eng immens grouss Chance hat mat deem, wat si krut. „Dankbar“ ass d’Wuert, wat fält.
Ass et an hiren Ae wichteg, datt een sech och an Zäite vun Erfolleg bewosst bleift, datt ee vläicht méi Chance hat wéi aner Leit?
„Absolut!” confirméiert d’Christiane Wickler – „well da léiert een deelen. Wann ee sech däers net bewosst ass, da mengt ee jo ëmmer, et misst ee méi kréien. Wann een awer weess, datt een au départ scho méi huet – a punkto Chance – da brauch een dat net ze kompenséiere mat 26 Porschen. Ech hunn nëmmen een Hënner, ech kann en nëmmen an een Auto setzen.“
D’Philosophie vun der Uewerpallener Geschäftsfra ass vu Kand un eng vun Nohaltegkeet, an datt si fir hiren Ofstiecher an d’Landespolitik eng gréng Parteikaart gewielt hat, domat nëmme logesch. Déi laang Zesummenaarbecht mam fréiere Biekerecher Buergermeeschter Camille Gira, hir eege Geschicht an hir Erfarung hunn hir gewisen, datt extreme Wuesstum weder fir d’Geschäft nach fir d’Mënschen de richtege Wee ass.
„De Planéit brauch eis net – mir brauchen hien awer. A virun allem musse mer aus der Raffgier eraus.” Sou formuléiert d’Christiane Wickler hir Siicht. „D’Objektiver vun engem Land däerfen net d’Staatsbeamtepensioune sinn. Et mussen déi nächst Generatioune sinn”.
Villfältegkeet, Complementaritéit – och am Zesummeschaffe vu Fraen a Männer a vu Mënsche vun ënnerschiddlechsten Originnen – an eng grouss Opmierksamkeet a Sensibilitéit fir d‘Ëmfeld si Wäerter, déi een am Gespréich mam Christiane Wickler eraushéiert.
An de Fuuss am Logo vum Pallcenter erkläert déi fréier Bensinnsstatioun-Ierwin esou: Et ass en Déier, wat een net zäme kann, wat een net iesse kann, en huet en immens schéine Pelz, eng schéi Faarf an déi dacks zitéiert „Ruse“, déi Bauernschläue. Ech sinn aus dem Norden an ech fannen déi Bauernschläue ass wichteg am Geschäft.”
Dat Schlëmmst, wat der Christiane Wickler kéint geschéien, wier de ganzen Dag missen an engem Büro ze sëtzen.
„Ech brauch Auslaf. Ech sinn e Fuuss.”
En Artikel vum Nathalie Bender