Chrëschtdags-Bûche mat Hunneg-Bottercrème

Dir braucht:

Fir de Biscuitsdeeg:

70 Gramm Miel
30 Gramm Stäerkt
1 Téiläffel Backpulver
Eewäiss
E puer Drëpsen Zitrounejus
1 Pouz rengt Salz
Eegiel
70 Gramm Zocker
1 Pak Vanillzocker
1 Iessläffel kachend Waasser

Fir d’Hunneg-Bottercrème

250 Milliliter frësch Vollmëllech
200 Gramm Pudderzocker
400 Gramm mëlle Botter
100 Gramm lëtzebuergeschen Hunneg

Zoubereedung

Miel, Stäerkt an de Backpulver an eng grouss Schossel siften. D’Eewäiss zesumme mat e puer Drëpsen Zitrounejus an enger Pouz Salz steif schloen an op d’Säit stellen. D’Eegiel mam Zocker, dem Vanillzocker am Waasser opschloen, bis d’Mass méi hell a méi grouss gëtt.

De Bakuewen op 150 Grad hëtzen.

D’steift Eewäiss an d’Eegielmass virsiichteg mat engem Schnéibiesem ënner dat gemëschte Miel hiewen. Den Deeg op engem, mat Bakpabeier beluechte Bakblech, gläichméisseg verdeelen a wärend 20 Minutten am Schäffchen hellbrong gi loossen. Wärend der Bakzäit e proppert Kichenduch ufiichten an e wéineg rengem Zocker driwwer streeën.

De Biscuitsdeeg direkt nom Baken duuss kappiwwer op dat fiicht Kichenduch mam Zocker stierzen a mam Duch oprullen. Iwwerdeems den Deeg am Duch ofkillt, en ëmmer erëm virsiichteg of- an oprullen, fir datt e mëll bleift an net brécht.

Fir d’Hunneg-Bottercrème 1 bis 2 Iessläffele Waasser an engem Kachdëppen opkachen, dann d’Mëllech derbäi schëdden. De Pudderzocker dra schëdden a mam Schnéibiesem verréieren, bis d’Mass schaimeg gëtt. Vun der Kachmaschinn huelen, den Deckel opleeën a ganz ofkille loossen.

De Botter an enger Schossel schaimeg schloen (ongeféier 5 Minutten) an den Hunneg lues derbäi ginn. No an no déi ofgekillte Mëllech derbäi schëdden an ëmmer erëm gutt réieren.

Déi oppen Deegrullen mat der Hunneg-Bottercrème besträichen an erëm zesummerullen. Un all Rull déi zwee Wuppen 2 bis 3 cm schréi ofschneiden. D’Rulle vun baussen och mat Bottercrème beschmieren an d’Wuppen op d’Bûchen leeën. Ronderëm mat Crème garnéieren. Mat enger waarmer Forschett eng Struktur aus Holz an d’Crème rëtzen. Eng Spiral an Zocker oder Schockela dauchen an d’Bamréng un de Wuppe formen. Mat Chrëschtdekoratioun verzieren a mat Pudderzocker bestreeën.

Rezept a Foto: Berthe Elsen-Melkert (Kachen.lu)

Dëst Rezept fannt Dir och op Däitsch bei Kachen.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.