Chrëschtdag huet fir d’Leit verschidde Bedeitungen. Déi eng gesinn e grousst Fest, ob mat Famill, Frënn oder Kolleege ronderëm sech. Bei engem schéi gedeckten Dësch mat gutt vill Iesse sëtzt een zesummen an enger gemittlecher waarmer Stuff, wann et dobausse schneit; fir déi gleeweg Chrëschten ass d’Gebuert Christi mat engem Besuch an der Kierch d’Bedeitung vu Chrëschtdag a fir d’Kanner natierlech vill Kaddoen ënnert engem grousse Chrëschtbeemche mat ville faarwege Luuchten an natierlech d’Séissegkeeten, déi een den Dag am Iwwerfloss däerf iessen.
Alles an allem e schéine Feierdag.
Mee dat ass net fir jiddereen esou. Et gi ganz vill Leit hei zu Lëtzebuerg, déi Chrëschtdag dobaussen op der Strooss sëtzen, ouni Daach iwwer dem Kapp.
Wéi fillen déi Leit sech? Wat bedeit Chrëschtdag fir si a wéi erliewe si deen Dag? Ech hu mer meng Gedanken zu deem Theema gemaach an e puer betraffe Leit déi Froe gestallt. Wat ech dobäi erzielt krut, kënnt dir hei liesen:
Den Dag ass guer net schéin.
Et ass kee Mënsch op der Strooss, alleguerten d‘Butteker sinn zwee Deeg laang zou. Déi meescht Bistroe sinn zou, obwuel een dofir jo och Sue brauch. Eng Saach ënner villen, déi mech ëmmer erëm un esou Deeg nervt, ass, dass ee mol keng Toilettë fënnt, wou vill aner Leit sech keng Gedanke brauchen ze maachen, fir nëmmen ee Beispill ze nennen.
Esouguer de Chrëschtmaart ass zou. A wann een dann nach eleng ass, ouni Frënn, well där huet een op der Strooss keng, dann denkt een nach vill méi u seng Famill an un déi Zäit, wou een nach e Kand a Chrëschtdag eppes Besonnesches war. Da fillt ee sech nach vill méi eleng. Grad esou, wann ee viru Chrëschtdag duerch d‘Stad geet an an d’Butteker kuckt, wat ech aus Prinzip zwar net maachen, well ech keng Suen an der Täsch hunn, ma da gesäit een déi vill Léit, déi – sou spendabel a konsumgäil – Kaddoe kafen, wou jiddereen sech erënnert, dass meeschtens nëmme geschenkt gëtt, fir gutt do ze stoen a net wéinst dem Geste. Oft geet et hinnen dach nëmmen drëm, de beschte Kaddo ze fannen, fir e gudden Androck ze hannerloossen. Sou empfannen ech déi Konsumgesellschaft a fir Chrëschtdag ass dat dach just e rentabelen Dag fir d’Geschäftsleit.
An wann ech laanscht d’Restaurante ginn a schonns d’Flemm hunn, well ech eleng sinn an ouni Famill, a gesinn all déi vill Leit, fir déi et anscheinend e schéinen Dag ass mat hire schéine Kleeder, extra flott ugedoen, a sech de Bauch vollschloen, wärend ech dobausse stinn an de Mo grommelt vun Honger. Wat soll ech dann do empfannen??? Haass op déi Leit? Nee wuel net, ech si mer meng Problemer jo awer selwer siche gaangen. Mee neidesch sinn ech zwar, an net wéineg – dat ginn ech och zou. Ech kréien en Haass op Chrëschtdag an dann en Haass op mech selwer. Den Dag ass et eben esou, dass mer alleguer méi sensibel sinn.
D’Leit sinn zwar vill méi empfindlech a spendabel iwwer déi Deeg, a wann si ons gesinn d’Manche maachen (heesche goen; Umierkung vun der Redaktioun), da loossen se och emol den een oder anere Cent méi sprangen.
Dat eenzegt, wat deen Dag iwwerhaapt fir ons op ass, dat ass den „Noël de la Rue“ am Fieldgen. „D‘Wanteraktioun“ ass just d‘Nuecht iwwer op, wéi en normale Sonndeg. Vläicht deen een oder aneren, deen een trëfft op dem „Noël de la Rue“ an dann ass ee scho frou, e bësse Gespréich a Begleedung ze hunn an et fillt een sech net méi sou eleng. Am Ufank huet een nach d’Gefill, wéi wann deene „besseren“ Leit eppes géif un eis leien. Mee da mierkt ee schnell, datt et just drëms geet, fir deene Leit, déi doheem an hirer waarmer Stuff de Fernsee kucken, ze weisen, dass d‘Stad eppes fir hir Leit mécht. A soubal den RTL verschwonnen ass, ass op eemol keng mediegäil Prominenz méi do, déi engem d’Hand gëtt – awer nach d’Benevolle mat enger gudder Taass waarme Kaffi.
Wat ech mir fir Chrëschtdag wënschen? Meng Famill ze gesinn, wat leider net geet a mengem Fall, mee Fridde wënschen ech jidderengem op der ganzer Welt.
Mäin Dagesoflaf um Chrëschtdag? Wann ech aus dem Foyer eraus an d’Keelt gejot ginn, well et Zäit ass, sinn ech dobaussen, op der Sich no enger waarmer Plaz oder no eppes, dat op ass.
Lescht Joer war fir mech dat schlëmmste Chrëschtdag, dat ech jeemools hat. Moies aus dem Foyer eraus gejot, dunn awer zu där Zäit nach e Squatt gehat, wou ech zwar net gepennt hunn, well et d‘lescht Chrëschtdag ze vill kal war. Mir hate wëlles, zu e puer Leit eisen eegene Chrëschtdag ze feieren an haten esouguer zesummegeluecht fir e puer Käerzen, Kartongen, Telleren a Becheren, eppes ze iessen – een hat esouguer e Stollen dobäi an en aneren e bëssen Alk. Mir hunn ugefaangen, eis richteg gutt ze fillen, wéi an enger eegener Famill, an eis Laun war super. Keng Depressiounen, alleguerten hate mer dat berühmt schéint Chrëschtdagsgefill. Mee mir waren nach keng zwou Stonnen do, du koumen d’Flicken an hunn eis alleguer erausgepucht an d’Dieren an d‘Fënstere verbarrikadéiert – an dat op Chrëschtdag! Mir haten nach Gléck, dass mer eis puer Habseelegkeete konnte mathuelen, well do louchen nach Saache vu Leit, déi dee Moment net do waren, déi Saachen hunn d’Flicken einfach mat agespaart. „Tjo, Pech“ war alles, wat si dozou soe konnten. Ma Happy Christmas. Dat war e schäiss Chrëschtdag, deen ech wuel ni vergiesse wäert.
Meng Gefiller fir Chrëschtdag? Ma ech fille mech eleng an trauereg, et gesäit een do nach méi, dass net genuch Léift ënnert de Leit ass. Et ass e kalen Dag, an net nëmmen, wat d’Wieder ugeet.
Geschriwwe vum „Flanter“