Placeholder Dummy template

Chiche!: Wou Flüchtlinge Spezialitéite kachen

E Gespréich mat der Matgrënnerin Marianne Donven

Mëttlerweil ginn et sechs Chiche!-Restauranten, e puer Bistroen an e Foodtruck. Dës ginn alleguer vu Flüchtlinge bedriwwen, déi soss warscheinlech keng Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg kritt hätten. E Gespréich mat der Marianne Donven, Matgrënnerin vum Projet.

Duerch dëse Projet, mee och duerch hir Funktioun beim Ministère, huet si quasi all Refugié kenne geléiert, deen op Lëtzebuerg komm ass. „Wann et eppes ze feiere gouf, hu mir zesumme gekacht. Esou ass d’Iddi vun engem Restaurant entstanen“, erzielt eis d’Marianne Donven. 2016 ass als éischt e Restaurant mam Numm Syriously entstanen, deem säi Kichechef dunn awer säin eegene Wee gaangen ass.

2017 ass niewendrun an der Route d’Esch zu Hollerech e Lokal fräiginn, an et hat sech séier e Kichenteam zesummefonnt, fir den éischte Chiche!-Restaurant opzemaachen. „Vun do un ass et eng Erfollegsgeschicht ginn“, seet d’Marianne Donven. „Mir hunn eis ëmmer méi vergréissert an d’Mauere vun den Haiser niewendrun agerappt, fir méi Plaz ze hunn.“ Allerdéngs war vun Ufank u kloer, datt dës Raimlechkeeten iergendwann hu missten ofgerappt ginn. Am Summer 2019 war et dunn esou wäit, an d’Baggere stounge virun der Dier. Zu deem Moment waren 18 Mataarbechter am Restaurant beschäftegt a si hate vill Clienten. En neit Lokal huet misste fonnt ginn.

Allerdéngs gëllt bei der Sich no engem Restaurant ëmmer de Krittär, datt kee Fonds de commerce ka bezuelt ginn. „Mir hunn net vill Reserven, well et eist Zil ass, sou vill wéi méiglech Aarbechtsplazen ze schafen. Dofir musse mer ëmmer sou enk wéi méiglech wirtschaften“, erkläert d’Marianne Donven. Gesicht gi Lokaler an der Faillite oder Raimlechkeete vu Gemengen, déi dem Chiche! zur Verfügung gestallt kënne ginn.

Fündeg sinn si um Lampertsbierg ginn, wou e Lokal an d’Faillite gefall war. De Restaurant war vun Ufank un ëmmer gutt besicht. „Déi éischt Méint war souguer eng Schlaang virun der Dier, well jiddereen do wollt iesse kommen“, erënnert d’Marianne Donven sech.

Fotoen: © chiche.lu

No der Covid-Pandemie ass e weidere Restaurant zu Esch-Uelzecht opgaangen, 2022 een zu Leideleng, deen awer zwee Joer méi spéit erëm huet missten zougemaach ginn, well d’Gemeng doranner e Jugendhaus opgemaach huet. 2023 ass e weidere Chiche! zu Bouneweg entstanen, 2024 een zu Betteng op der Mess. Doniewent huet Chiche! de Café am Mudam iwwerholl. Enn Januar ass dat sechst Lokal zu Ettelbréck an d’Liewe geruff ginn. Zousätzlech bedreift d’Ekipp vum Chiche! an der waarmer Joreszäit de Bistro um Séi vun der Gemeng Esch-Sauer zu Lëlz, e Foodtruck virum Mudam, bei deen een e Sandwich oder Falafel ka siche goen, an d’Lokal La Guinguette vun der Villa Vauban. Ganz nei ass de LUGA-Pavillon zu Ettelbréck, deen si säit dem 12. Mee exploitéieren. „Och mat deene méi klenge Standuerter kënne mer déi eng oder aner Aarbechtsplaz schafen.“

Am Ganze besteet d’Chiche!-Ekipp aktuell aus 77 Mataarbechter a 27 verschiddenen Nationalitéiten: Syrer, Iraker, Afghanen, Eritreeër an Ukrainer sinn déi gréisste Gruppen. Doniewent sinn nach verschidden afrikanesch Länner, Albanien, Kirgisistan, Tadjikistan … Alleguer hunn se e CDI (Contrat à durée indéterminée). Ronn d’Hallschent vun hinnen huet de Status vum unerkannte Refugié (Bénéficiaire de protection internationale), déi aner Hallschent hat net d’Chance, Asyl ze kréien. Si kruten dunn en Titre de séjour als Travailleur salarié. Op gutt Lëtzebuergesch: Si konnten iwwer hir Aarbecht regulariséiert ginn. Duerch hiren Aarbechtsvertrag beim Chiche! hunn si d’Méiglechkeet kritt, hir Pabeieren an d’Rei ze maachen, spréch: Si kruten eng Openthaltsgeneemegung a sinn domadder net méi am Asyl.

D’Marianne Donven kritt all Dag ronn zéng CVen eran – besonnesch vu méi schwierege Fäll. Dës komme vun ONGen oder Sozialbüroen. Fir dës Leit ass et immens schwiereg, eng Aarbecht zu Lëtzebuerg ze fannen. Dacks ass et och d’Sproochebarriär, déi se blockéiert. „Bei eis brauchen se iwwerhaapt näischt ze schwätzen; et geet duer, wann se Tomate schiele kënnen. No e puer Méint kënnen si sech verstännegen, dat geet ganz séier iwwer d’Aarbecht.“ Et gëtt net gekuckt, wie wéi eng Kompetenzen huet, mee wien am dréngendsten en Aarbechtskontrakt brauch.

Generell gëtt an de Chiche!-Lokaler syresch-libaneesesch Kiche gekacht. E puer Platen zu Bouneweg an och d’Kaart um Lampertsbierg sinn ukrainesch. Dëst, well do eng zéng Dammen aus der Ukrain ugestallt sinn. Bei der Ariichtung vun de Lokaler leet d’Ekipp Wäert drop, nëmme gebrauchte Miwwelen an Deekoartikelen anzesetzen. „Mir kafen ni eppes Neies“, betount d’Marianne Donven. Trotzdeem gëtt opgepasst, datt alles zesummepasst an den Interieur harmonesch a gemittlech wierkt, fir datt de Client sech wuel fillt.

D’Marianne Donven war bis viru Kuerzem beim Ausseministère ugestallt – en Job, deen si mëttlerweil un den Nol gehaangen huet, well se net méi mat der Flüchtlingspolitik vun der Regierung averstane war. Si versteet net, wisou net alleguer d’Refugiéë wéi déi aus der Ukrain behandelt ginn: „Loosst d’Leit dach schaffen. Si wëllen alleguer schaffen.“ Si erkläert, datt vill Flüchtlingen am Ufank dacks just en „Häufchen Elend“ sinn. „A wann ech gesinn, wéi se sech dono entwéckelen duerch hir Aarbecht, déi se hunn, dann ass dat onheemlech. Wann ee bis en Akommes huet a fir seng Famill ka suergen, dat ännert d’Leit komplett.“

Um Enn vum Gespréich verréit eis d’Marianne Donven, datt si stänneg op der Sich no neie Lokaler sinn – eeben ouni deiere Fonds de commerce. Si seet: „Vläicht gëtt et jo nach déi eng oder aner Gemeng, déi gären e Chiche! op hirem Territoire hätt an eis déi entspriechend Raimlechkeete wéilt zur Verfügung stellen.“

En Artikel vum Eric Rings

E Kachrezept:

Falafel-Sandwich 

Falafele bestinn haaptsächlech aus zerklengerte Kicherierbessen a Gewierzer a ginn der arabescher Kichen zougeuerdent. Wéini a wou genee dëse Plat entstaanen ass, ass onkloer. Munch Historiker soen, d’Falafelen hätten hiren Ursprong an Ägypten, anerer ginn éischter vum Libanon oder vu Palästina aus. Hei fënns du e Rezept, dat eis vun der Kichen-Ekipp aus dem Chiche! zur Verfügung gestallt gouf.

Zutaten

  • 2 Falafelen an eng Scheif Pitabrout pro Persoun
  • frësch Peffermënz
  • a Scheiwe geschnidde Kornischongen
  • a kleng Würfele geschnidden Tomaten
  • gehackte Péiterséileg an Zaloteblieder, déi a schmuel Sträife geschnidde sinn
  • Tarator-Zooss (Seesampast vermëscht mat Waasser, Salz an Zitroun)  


Zoubereedung

  1. Eng Scheif Pitabrout op eng propper Uewerfläch oder op Bakpabeier leeën.
  2. 2 Falafele preparéieren (entweeder fäerdeger oder där, déi ee mat Falafelpolver preparéiert).
  3. Eng Handvoll Peffermënz, a Scheiwe geschnidde Kornischongen, kleng Stécker Tomaten, gehackte Péiterséileg an Zalot um Brout verdeelen, sou datt eng rechteckeg, diagonal Form vun ca. 15 op 4 cm entsteet.
  4. 2 Falafelen op dësen Zutaten zerdrécken.
  5. D’Tarator-Zooss groussflächeg iwwer d’Falafele verdeelen, dobäi vun enger Säit zur anerer goen.
  6. De Falafel-Wrap formen, andeems een d’Aussesäit vum Brout no banne faalt an de Wrap dann oprullt.
  7. De Wrap entweeder mat dënnem Pabeier ëmwéckelen, fir en ënnerwee z’iessen, oder op en Teller leeën, an 2 cm déck Scheiwe schneiden a mat gebrodene Gromperen a Kornischongen zerwéieren.

D’Ekipp vum Chiche! wënscht e gudden Appetit!

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.