Chambre des salariés

Eng Institutioun am Déngscht vun de Salariéen

Zu Lëtzebuerg vertrëtt d’Chambre des salariés (CSL) d’Interesse vu 615.000 Salariéen, Léierbouwen, Léiermeedercher a Pensionéierten aus dem Privatsecteur, Residenten oder Frontalieren.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Si ass hir Stëmm bei de legislative Prozeduren an, an de sozioekonomeschen Institutioune vum Land.

Missiounen an Aktivitéiten

D’CSL verteidegt d’Interesse vun de Salariéen, de Léierbouwen, de Léiermeedercher an de Pensionnairen.

Si ass en offiziellt Berodergremium am Zentrum vun de legislative Prozeduren. D’Interventioun vun der CSL an de Gesetzesprojeten, déi an hir Zoustännegkeet falen, ass e weesentlecht Element vun der Lëtzebuerger Demokratie. All Joer formuléiert d’CSL ronn 90 Avisen zu Theemaen an de Beräicher Ekonomie, Soziales, sozial Sécherheet, Educatioun a Beruffsausbildung. Op dësem Wee verteidegt si d’Liewensqualitéit, d’Kafkraaft, d’Rechter an d’sozial Acquise vun deene Leit, fir déi se verantwortlech ass.

Duerch d’Nominatioun vu Personalvertrieder bei der Gesondheetskeess (CNS), der Pensiounskeess (CNAP) a bei de juristesche Prozeduren iwwer Aarbecht a sozial Sécherheet, schützt d’CSL d’Interesse vu senge Salariéen.

Och eng Rei Vertrieder, déi als Assesseure beim Aarbechtsgeriicht zu Lëtzebuerg mat derbäi sinn, gi vun der CSL virgeschloen fir d’Interesse vun de Salariéen ze vertrieden. Si ass natierlech och a verschiddene konsultative Kommissioune vertrueden, fir do d’Interesse vun de Salariéen ze vertrieden.

D’CSL ass e sozioekonomeschen Think Tank.

Ofgesi vun hirer konsultativer Funktioun, developpéiert d’CSL sozioekonomesch Dossieren op nationalem an europäeschem Niveau, fir esou d’Positioun vum Salarié an de makrosoziale Rapporten méiglechst objektiv duerzeleeën an domat d’Positioun vun der Legislativ an der Exekutiv ze beliichten. Dofir organiséiert d’CSL och gratis Diskussiounsronnen iwwer d’Aarbechtswelt.

D’CSL informéiert iwwer d’Aarbechtsrecht an iwwer d’Aarbechtswelt.

Op der Internetsäit vun der CSL kann ee Publikatiounen iwwer d’Aarbechtsrecht, d’sozial Sécherheet a d’Steierwiese gratis eroflueden.

Déi meescht Publikatioune sinn zweesproocheg.

D’CSL setzt sech ganz besonnesch fir d’Gesondheet, d’Sécherheet an d’Wuelfillen op der Aarbechtsplaz an.

En Deel vun den Aktivitéite vun der CSL ass virgesinn, fir eng Preventiounskultur ze erschafen an Aktivitéiten am Interessi vun der Gesondheet, der Sécherheet an dem Wuelfillen ze developpéieren. Si sensibiliséiert d’Salariéen an och d’Employeuren iwwer d’Enjeuxe vum Wuelfillen op der Aarbecht.

Si huet en Index iwwer d’Aarbechtsqualitéit an d’Wuelfillen op der Aarbecht ausgeschafft: de Quality of Work Index, en Index, deen hëlleft, d’Evolutioun vun den Aarbechtsbedéngungen an der Aarbechtsqualitéit zu Lëtzebuerg ze evaluéieren. Doriwwer eraus bitt si eng Hëllef fir Affer vun Aarbechtsstress iwwer de Service Stressberodung.

Kontakt
Chambre des salariés
18, rue Auguste Lumière
L-1950 Luxembourg
Tel: 27 494 200
www.csl.lu
csl@csl.lu

Mat sengem Centre de formation pour adultes hëlleft d’CSL de Salariéen, sech weiderzebilden:

Luxembourg Lifelong Learning Center

De Luxembourg Lifelong Learning (LLLC), de Centre de formation pour adultes vun der CSL ass ee vun de gréissten Zenteren fir Weiderbildung zu Lëtzebuerg. Mat duerchschnëttlech 10.000 Aschreiwungen pro Joer, verbessert den LLLC stänneg seng Servicer a Formatiounen.

Seng Roll a seng Offer:

Den LLLC proposéiert eng ganz Panoplie u Formatioune fir bal all Interessenten a fir jiddereen accessibel.

Seng Roll besteet doran:

  • d’Léieren ze vereinfachen
  • Formatiounen unzebidden, déi un d’Besoine vun de Salariéen ugepasst sinn
  • d’Participante beim Realiséiere a bei der Reussite vun hire Formatiounsprojete ze begleeden

Hir Offer besteet aus:

  • Owescoursen a Coursen am Dag
    Seminairen
  • Universitär Formatiounen
  • Spezialiséiert Formatiounen
  • Diplomer, déi den Zougang zu Universitéitsstudien erlaben
  • Formatiounen op d’Mooss
  • Beglaubegungen

Déi ganz Offer fannt Dir op www.LLLC.lu

Seng Partner a seng Formateuren

Am Austausch mat senge Formateuren – Experten vum Terrain an aus der Praxis – wéi och mat Partner vun nationaler an internationaler Renommée – Universitéiten, Héichschoulen -, den LLLC aktualiséiert stänneg seng Offer an de Contenu vun senge Coursen.

Seng Philosophie

Wann d’Weiderbildung richteg ëmgesat gëtt, kann se e weesentleche Bestanddeel vun der berufflecher a perséinlecher Entwécklung vum Salarié sinn an him hëllefen, am Alldag aktiv ze bleiwen. Dofir ass et wichteg, dem Salarié ze hëllefen, seng Kompetenzen a säi Savoir-faire un d’ekonomesch Changementer unzepassen an domat säi berufflecht Weiderkommen maximal ofzesécheren.

Den LLLC ass der Meenung, datt d’Weiderbildung d’Citoyennetéit an déi perséinlech Weiderentwécklung vum Mënsch ënnerstëtzt an e wichtegt Instrument am Service vun der Ekonomie an dem Aarbechtsmaart ass.

Kontakt:
Luxembourg Lifelong Learning Center
2-4 rue Pierre Hentges
L-1726 Luxembourg
Tel: 27 494 600
www.LLLC.lu
formation@LLLC.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.