Placeholder Dummy template

© Sos Faim 

Wou d’Lëtzebuerger Kooperatioun histeiert

„Fair-Politics“-Barometer

Am Kader vun der Kooperatiounspolitik fält ëmmer erëm den Numm Cercle des ONG (Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg). Dës national Plattform ass den Daachverband vu ronn 90 Memberorganisatiounen, déi vum Cercle federéiert ginn an déi iwwerall op der Welt Kooperatiounsprojete maachen. Niewent senger Roll als Vermëttler tëschent den ONGen an dem Ministère féiert den Daachverband och Negociatiounen, fungéiert als Interessevertrieder vun den ONGen, mécht Sensibiliséierungsaarbecht zu Lëtzebuerg a fillt der Regierungspolitik mam „Fair-Politics“-Barometer reegelméisseg de Bols.

Fréier huet een nach net vu Kooperatioun oder, op franséisch, „Coopération internationale au développement“ geschwat, mee vun Entwécklungshëllef respektiv Entwécklungszesummenaarbecht. „Dat sinn al Begrëffer, déi haut net méi sou benotzt ginn“, erkläert eis de Sebastian Weier, politesch Verantwortleche vum Cercle des ONG. „Dat kléngt esou, wéi wa mir nëmme baarmhäerzeg wieren, also gudde Gewëssens géife Saache verschenken, respektiv konnotéiert et och, datt mir Leit géifen hëllefen, déi aus iergendwelleche Grënn net eens ginn.“

Dës Approche entsprécht net méi dem aktuelle Modell vun der Weltwirtschaft, an deem mir liewen, seet hien. „Wann een hautdesdaags op enger Plaz un engem Rad dréint, da geschitt op enger anerer Plaz eppes.“ Fréier hu mir eis als räich Länner gesinn, déi deenen aarme Länner gehollef hunn. Haut gëtt probéiert – als Partner – zesummenzeschaffen, fir datt eng nohalteg Entwécklung entsteet. Mee dëst ëmmer op Aenhéicht passéieren ze loossen, ass an der Praxis net sou einfach. „Well am Endeffekt awer vill Sue vun eis dohinnerfléissen, an deen d’Suen huet, decidéiert dacks e bësse méi“, sou dem Sebastian Weier säi Fazit. Alternativ zur Kooperatioun kéint een och de Begrëff „international Solidaritéit“ benotzen, dee gäre vum Cercle des ONG agesat gëtt. Dësen Term wier politesch awer nach net sou bekannt.

Méi bekannt ass en anere Volet vum Cercle – de „Fair-Politics“-Barometer, deen an der Reegel eemol pro Legislaturperiod publizéiert gëtt an deen der Kooperatiounspolitik vun der Regierung op den Zant fillt. De Sebastian Weier ass matverantwortlech fir dëse Barometer, deen Enn 2024 – ronn ee Joer no de Walen – erauskoum. Dofir gouf sech op d’Inhalter aus dem Koalitiounsaccord fokusséiert. „Eisen Haaptkrittär beim Ausschaffen ass d’Fro vun der Kohärenz an der Politik“, seet hien.

© AEIN

De Sebastian Weier erkläert sech: „Eis ass et wichteg, datt, wann d’Kooperatiounspolitik eppes ennerhëlt, fir d’Partner ze ënnerstëtzen, net an engem aneren Deel vun der Politik vu Lëtzebuerg eppes geschitt, wat dat quasi annuléiert.“ Hien nennt d’Beispill vun engem Kooperatiounsprojet, bei deem ee mat klenge Baueren zesummeschafft an hinnen aner Agrikulturtechnike bäibréngt, wéi zum Beispill Bewässerungsanlagen, fir datt se d’Méiglechkeet hunn, sech selwer ze ënnerstëtzen a méi produktiv kënne ginn. Mee gläichzäiteg kritt déi lëtzebuergesch an europäesch Landwirtschaft vill Subsiden. Déi kleng Baueren aus dem Kooperatiounsprojet kënnen net sou bëlleg produzéiere wéi déi europäesch Baueren duerch d’Agrarsubventiounen a bleiwen op hire Produite sëtzen. D’Wirtschaftspolitik ass an dësem Fall net kohärent mat der Kooperatiounspolitik.

Opgrond vum Knowhow an den Erfarungen, déi de Cercle a seng ONGe sech deelen, fille si der Regierung am „Fair-Politics“-Barometer de Bols. Doranner gi verschidden Theemen op hir Kohärenz analyséiert an d’Conclusiounen unhand vu Faarwen illustréiert: Bei gréng ass alles op enger Linn (keng Inkohärenz), bei orange ginn et Inkohärenzen, mee d’Regierung schafft drun, fir déi aus dem Wee ze raumen, bei rout ginn et Inkohärenzen, déi d’Politik entweeder net gemierkt oder bewosst ignoréiert huet.

„Am Fall vun Inkohärenze gëtt gekuckt, u wéi enge Schrauwe muss gedréint ginn, fir d’Gläichgewiicht erëm hierzestellen“, erkläert de Sebastian Weier. Meeschtens ass et esou, datt entweeder d’Wirtschaftspolitik oder d’Kooperatiounspolitik sech upasse muss. „Allerdéngs stelle mir fest, datt an der aktueller Regierung d’Wirtschaftspolitik méi eng héich Prioritéit huet wéi d’Kooperatiounspolitik.“ Domadder géif Lëtzebuerg d’Wirtschaftsziler iwwer dat grousst offiziellt Zil vun der Kooperation stellen – nämlech d’Iwwerwanne vun der Aarmut. „Mir sinn och heiansdo e bësse streng“, gëtt de politesch Verantwortleche vum Cercle zou. „Mee dat ass och eis Aufgab. A mir verstinn och, datt et komplizéiert ass.“

Hien nennt als Beispill d’Liwwerkettegesetz, dat d’Firmen derzou verflicht, de Respekt vun de Mënscherechter um Wee bis bei de fäerdege Produit transparent oppenzeleeën. „Lëtzebuerg wëll esou e Gesetz nëmme stëmmen, wann et Konsens op europäeschem Niveau gëtt. Gläichzäiteg blockéiert Lëtzebuerg dëse Konsens an der EU.“

© Sos Faim

Mee wéi gesäit déi Lëtzebuerger Entwécklungsstrategie bis 2030 eigentlech aus? D’UNO huet eng Agenda bis 2030 mat de 17 sougenannten Entwécklungsziler (soustainable development goals) ausgeschafft. „Aus dem UNO-Tëschebericht vun 2024 geet ervir, datt Lëtzebuerg seng Ziler bis 2030 net wäert erreechen, scho guer net, wa mer net vill méi Suen dorannerstiechen“. Och international gesäit et net roseg aus. Am internationalen Ëmfeld stellt ee fest, datt d’Kooperatioun gekierzt gëtt, deels ganz drastesch. Net nëmmen an den USA, wou Deeler komplett ofgeschaf goufen, mee och an eisen Nopeschlänner ginn et Kierzungen. Eng Saach ass fir de Sebastian Weier sécher: D’Attack op d’Kooperatiounspolitik vun de rietse Parteien ass scho méi al wéi déi aktuell geopolitiesch Spannungen. Et wier ëmmer scho gesot ginn, dat wäre Suen, déi ee besser hätt, doheem ze investéieren. „Lëtzebuerg ass eent vun de wéinege Länner, déi d’Kooperatioun net gekierzt huet an och weiderhin ee Prozent vu sengem Revenu national brut dofir benotze wëll.“

Am Koalitiounsvertrag gëtt Afrika explizitt als primär Regioun vun der Kooperatioun ugesinn. „Allerdéngs wëll déi aktuell Regierung d’Kooperatioun vill dofir notzen, fir de Privatsecteur ze fërderen.“ De Sebastian Weier beschreift dat esou: „Mir hëllefen iech, an da kréie mir als Retour Zougang zu ären Energieressourcen oder Mineralien. Dat heescht, et freet een ëmmer eppes zeréck. Mir streiden eis mam Ministère doriwwer, wéini dat ze vill no beieneen ass.“ Och op EU-Niveau gëtt dëst ëmmer méi esou praktizéiert. „Mir maachen eis Suergen, datt dat iergendwann den Haaptfokus gëtt.“ De Sebastian Weier schwätzt vun enger Course ëm déi Saachen, déi mir brauchen, fir Batterien oder Wandturbinnen hierzestellen.

Fazit ass op jidde Fall, datt Lëtzebuerg keng explizit Strategie bis 2030 huet. Dofir awer verschidde Strategië fir d’Kooperatioun, déi awer nach aus der viregter Regierungspolitik stamen. Ob a wéi déi ëmgesat ginn, doriwwer huet de Cercle nach keng kloer Äntwert kritt. Dozou komme vill Onsécherheeten um internationalen Niveau, wou sech bal deeglech d’Bedéngungen änneren, net nëmmen op där anerer Säit vum Atlantik. Dem Sebastian Weier seng Conclusioun: „Mir musse flexibel sinn.“

En Artikel vum Eric Rings

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.