Foto: Christof Weber (Collection CNL)
„Curiositas – désir de voir, ou de savoir en général.“ Virwëlz – d‘Loscht dorun, eppes ze gesinn oder eppes ze wëssen. Dëse klengen Extrait aus dem Lexikon hänkt flott agerummt an an Zeen gesat virum Büro vum Claude Conter. De Claude Conter, Responsabel vum Lëtzebuerger Literaturarchiv, laacht bei engem Bléck op dëst Bild. „E Cadeau vun enger Mataarbechterin. Wéi si hei ugefaangen huet, hu mir eis iwwert de Virwëlz ënnerhalen. Et ass de Virwëlz, deen eis Aarbecht undreift.“
Béid Wierder, „Virwëlz“ an „Archiv“, schéngen op den éischte Bléck net zesummenzepassen. Bei Archiven denken déi meescht Leit u verstëbste Bicher, onendlech Reie mat Schief, Stëllstand, d‘Vergaangenheet oder den Doud. An trotzdem ass dat liewegt Wësse ronderëm wichteg Schrëftsteller zu Miersch doheem. An de Vermächtnisser, den „Nachlässen“ vun de Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen oder haut och ëmmer méi oft de „Vorlässen “, déi d’Schrëftsteller an d‘Schrëftstellerinnen dem Archiv schonns zu Liefzäiten iwwerginn, fënnt een oft iwwerraschend, ëmmer awer lieweg Géigestänn, déi vum Liewen a Schafe vum Auteur respektiv der Autorinn erzielen. Do ginn et Notize ronderëm Texter, do si Fotoen, Tagebicher, Schreifutensilien, awer och Carte d‘identitéen a Päss an aner „Liewensdokumenter“.
Esou och am fréieren Emmanuel-Servais-Haus, ursprénglech d’Doheem vun engem Lëtzebuerger Politiker a Schrëftsteller, an deem säit dem Joer 1995 den CNL ënnerbruecht ass. Um Wee duerch de Park, iwwert d’Trap bis bei d’Dier vum Archiv gëtt ee vu Sprooch a Literatur begleet – Gedichter a Skulpturen dekoréieren de ganze Wee.
De Claude Conter ass hei säit 2012 Direkter. Den 43-järege lëtzebuergesche Germanist a Literaturwëssenschaftler ass mat Leidenschaft bei der Saach. Zesumme mat sengen 21 Mataarbechter a Mataarbechterinnen organiséiert hien eng ronn 50 Manifestatiounen am Joer. An dat ass just een Deel vun der Aarbecht. Den CNL konservéiert „d’Vor- an d‘Nachlässe“ vun Auteuren an Autorinne, déi zum literaresche Krees zu Lëtzebuerg gehéieren, onofhängeg vun hirer Nationalitéit. Et ass e Fuerschungsinstitut – an et ass e Literaturhaus, an deem eng Hellewull Manifestatiounen, Seminairen, Workshoppen, Virträg, Liesungen esouwéi Kanner- a Jugendbicher-Foiren organiséiert ginn. Ausserdeem ginn zäitgenëssesch Auteuren ënnerstëtzt. „Och wann d’Promotioun vun der Literatur net eis eigentlech Aufgab ass“, erënnert de Claude Conter. Am Fong kucke mir, wéi sech d’Bestriewungen um literareschen Terrain säit dem Joer 1815 zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt huet. „Englesch“ – erkläert eis den Direkter vum CNL – „gëtt och bei eis am Land ëmmer méi wichteg“. Gläichzäiteg erlieft d‘Lëtzebuergescht grad eng Renaissance – zum Beispill duerch d’sozial Medien, an deene gären an oft an der Landessprooch kommunizéiert gëtt.
Ee vun de gréisste Projete vum CNL ass de lëtzebuergeschen Autorenlexikon, deen – ganz modern an zäitgeméiss – och online an a Form vun enger App kann agesi ginn. Méi wéi 1200 Auteuren an Autorinne sinn haut schonn do agedroen an iwwer verschidde Sichfunktiounen ze fannen – zum Beispill wann een no Lyrik op Franséisch sicht. „Ganz wichteg: et geet am Lexikon ëm d’Auteuren, net ëm d’Texter“, betount de Claude Conter. De Lexikon gëtt vill benotzt – e gëtt méi wéi 1 Millioun mol am Joer opgeruff. „Dës grouss Usammlung un digitalen Informatiounen ass e Wee zu enger Literaturgeschicht vum Land“, mécht de Claude Conter op d’Wichtegkeet vum Projet opmierksam. Schliisslech hunn d’Literatur an déi mat hir verbonne Wëssenschaften zu Lëtzebuerg nach keng ganz laang Traditioun an net iwwerall eng grouss Lobby. Och dorun schafft hie mat senger Equipe. Hie sammelt, kontrolléiert a préift, wat literaresch interessant an derwäert ass, konservéiert ze ginn. Hie besicht zesumme mat senge Mataarbechter a Mataarbechterinne Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen oder och d’Famillje vu verstuerwene Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen a bréngt déi wichtegst Schätz an d’Archiv.
Opwändeg Kataloge sinn Zeie vun Ausstellungen, an deenen een déi gesammelt Zäitzeie bewonnere kann.
Am Zäitalter vun der Digitaliséierung ginn et där Objeten natierlech manner. Vill Auteure schreiwen hir Texter komplett um Computer an hunn um Enn net méi déi verschidden Text-Versioune mat de Korrekturen. „Eis Aarbecht verännert sech. Et kann een net einfach e ganzen Harddisk archivéieren. Da musse mir eben erëm nei Weeër goen“, seet de Claude Conter nodenklech. Grondsätzlech ass him eent besonnesch wichteg: ze weisen, datt et tatsächlech Literatur op lëtzebuergesch an aus Lëtzebuerg gëtt – an zwar gudder! „Och d’Schüler sollen dat wëssen. Vill kennen der just ganz wéineg vun de lokale Schrëftsteller. Do muss och eppes an der Schoul passéieren.“ Den Ament gëtt am CNL Material fir Lycéeë ronderëm d’Auteuren an d‘Autorinne vu Lëtzebuerg ausgeschafft. „Mir wëllen einfach dofir sensibiliséieren, dass d’Literatur wichteg fir e Land ass!”
en Artikel vum Birgit Pfaus-Ravida
Weider Informatiounen iwwert den CNL fannt Dir ënnert www.cnl.public.lu oder op der Facebook-Säit www.fb.me/CNL.LUX/