Chrëschtdagsbeliichtung an eise Gemengen

Wann d’Auer ëmgestallt gëtt an den Auto moies sou lues ufänkt, zougefruer ze sinn, da steet de Wanter virun der Dir. Ëm Enn November fänken déi éischt Chrëschtgirlanden an de Stroosse vu Lëtzebuerg u mat liichten an am Dezember ass dann endlech all Kanton dem Chrëschtdagsféiwer verfall.

Cassisfelder a Pinguinen: Beefort rockt!

© Naturpark Mëllerdall/Pierre Haas Wou am Joer 1639 de Jean Baron de Beck, Gouverneur vun der Provënz Lëtzebuerg, d’Beeforter Schlass kaf huet, war et eng mëttelalterlech Buerg. De Jean de Beck hat déi néideg Mënz, fir nieft der Buerg e Renaissanceschlass bauen ze loossen. An dësem Schlass, wat haut nach steet, huet hien ni gelieft. […]

Weekräizer a Weekapellen:

Wéi stomm Zäitzeie stinn si uechter eist ganzt Ländchen op Kräizungen, déi sougenannte Weekapellen. Wou kommen se hier an aus wat fir enge Grënn sinn si gebaut ginn? Et ass eng Erausfuerderung, heiriwwer ze schreiwen, well an eiser Literatur esou gutt ewéi keng komplett Dokumentatiounen zu dësem Thema ze fanne sinn. Nach haut ginn d’Kanner […]

Léierpied

Zu Lëtzebuerg ginn et eng Abberzuel vu Léierpied. Awer wat genee kann een hei léieren?

Films “made in Luxembourg”

Filmer aus Lëtzebuerg Wou de Monsieur Hublot an de Superjhemp hierkommen Spéitstens säit de Laurent Witz 2014 den Oscar fir dee beschten animéierte Kuerzfilm fir säi Monsieur Hublot kritt huet, ass och eist klengt Ländche keen onbeschriwwent Blat méi an der weltwäiter Filmlandschaft. A mat der Verfilmung vun eisem Lëtzebuerger National-Kachkéis-Held, dem Superjhemp, ass erëm […]

Eechternoacher Foasicht

Schonn iwwer 130 Joer gëtt et se schonn zu Eechternoach, d’Foasicht, also zënter 1885. Et soll een awer net mengen, datt et virun 1885 keng Fuesent zu Iechternach gouf. [membership level=”2,3,4″] Only show for level 2, 3, or 4 users. [/membership] „D‘Fueszäit“, huet de Professer Dominik Constantin München ëm 1815 festgehal, „gëtt vu Liichtmëssdag bis […]

Op de Spure vum Charly

„Säi Frënd de Charly ass ee Geck. E fiert duerch d’Avenue erof iwwer d’nei Bréck. Laanscht d’Charlysgare an de Rollengergronn. Do brauch en ongeféier annerhallef Stonn“, heescht et an engem ale Vollekslidd vum Colette a Fernand Wark. An och wann et an dësem Lidd an éischter Linn ëm dem Jhangli säin Tour duerch Lëtzebuerg geet, […]

Pak d’Schwammbox an

Wéi sech Ufank Mee nach e puer lescht Schnéiflacken op Lëtzebuerg veriert haten, wollt een nach net esou richteg drun denken: Säit dem éischte Mee huet d’Schwammsaison zu Lëtzebuerg offiziell ugefaang. Dat gëllt och fir déi beléifte Baggerweieren zu Rëmerschen, déi zu der Gemeng Schengen gehéieren. Mee déi Weiere sinn net nëmmen eng Fräizäit- an […]

Gëff der Natur eng Chance

© Sicona Beim Theema Naturschutz a Landschaftsfleeg leien d‘Meenungen an der Politik, de Medien an Doheem um Familljendësch meeschtens wäit auserneen. Datt eppes muss ënnerholl ginn, ass kloer, mee wéi een déi ganz Saach soll ugoen, war an ass bal ëmmer de Problem. Ma aus engem Enn den 80er-Joren entstanene Projet huet sech bis haut […]

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.