Tai-Chi Eng Sportaart duuss wéi Seid, an och genau esou bestänneg

Tai-Chi, kuerz fir Taijiquan, ass eng traditionell Beweegungs- a Kampfkonscht aus China. Am Géigesaz zu aneren asiatesche Kampfsportaarten ass dat sougenannt „Schattenboxen“ awer keng äusserlech Kampfkonscht, mee eng ënnerlech. Et geet ëm d’Sich no de Verbindungen am Kierper, déi – wa richteg genotzt – Energie fräisetzen a sou heelend Wierkungen ausléise kënnen. De Volker Bänsch […]

Slackline

Slacklinen, dat ass d‘Balancéieren op engem flexibele Band aus Konschtfaseren, dat tëschent zwee Punkte fixéiert gëtt. Hei fënns du 8 Grënn, firwat Slacklining gesond fir dech ass.

Gesond a monter duerch de Wanter

De Wanter kënnt, a mat him de Risiko fir sech eng Erkältung, e Schnapp oder en Houscht an d’Haus ze huelen. Fir datt dat Iech net geschitt, hei e puer Tipps a Liewensmëttel, déi Iech gesond a monter hale sollen an dobäi nach e bësse Faarf op Ären Teller bréngen. Rout Rommelen: Rout Rommele sinn […]

D’LASEL

D’LASEL ass d’Schoulsportfederatioun fir d’Lycéeën an d’Uni. Wat bitt si un a wat sinn hir Projeten?

Fit am Bett

Sex – déi wahrscheinlech schéinsten Niewesaach vun der Welt. Erotesch a romantesch Momenter mat sengem Partner ze erliewen, léisen am Mënsch eng gewëssen Zefriddenheet aus. Wat déi meescht Männer a Fraen awer net wëssen, ass, datt duerch de Sport an d’Ernärung d’Loscht op deen aneren nach méi grouss ka ginn. An dëse folgenden Zeile ginn […]

Konschttherapie am Prisong

Konschttherapie ass eng alternativ Psychotherapie, déi op der Konscht baséiert an ëmmer méi beléift gëtt. Am Prisong gëtt am Kader vum Programm Tox eng Konschttherapie ugebueden a mir hu mat der Psychologin Corinne Thill doriwwer geschwat. Madame Thill, Dir sidd Psychologin am Prisong an Dir bitt och do eng Konschttherapie un. Kënnt Dir eis méi […]

D’Natur erwächt, d’Polle leider och

D’Fréijoer ass do, d’Wieder gëtt endlech erëm besser, d’Sonn kënnt eraus, an d’Natur erwächt. Alles fänkt erëm un ze bléien, ze wuessen a gutt ze richen. Mir kënnen erëm méi eraus an d’frësch Loft. Leider ass dat net fir jiddereen eng grouss Freed. Vill Leit leiden ënner Pollenallergien, och Heeschnapp genannt. Mir hunn eis mat […]

Waasser

Waasser huet eigentlech keng Nodeeler. Ob een eng gutt Schlupp Waasser no enger intensiver sportlecher Aktivitéit zou sech hëlt, e waarmt Bad an enger Bidden no engem kale Spadséiergang am Wanter hëlt oder een einfach nëmmen e Sprong an d’Schwämm bei waarme Summerdeeg mécht: D’Waasser deet dem mënschleche Kierper einfach nëmme gutt. Virun allem ass […]

An apple a day…

… keeps the doctor away!En aalt englescht Spréchwuert, dat beweist, datt ee scho laang iwwer d’Virdeeler vum Apel Bescheed weess. An der moderner Sprooch kéint een en och Superfood nennen. gutt géint Longenerkrankungen moies, géint ze héije Bluttdrock Immunsystem gëtt gestäerkt den Apel als Hausmëttel hëlleft beim Ofhuelen hält d‘Gehir gesond schützt d‘Gefässer schützt d‘Liewer […]

Fit virun der Flimmerkëscht?

Fréier goufen et Aerobic-Programmer um Fernsee, wou ee matmaache konnt, ouni an de Fitnessstudio ze fueren. Haut hu mer do ganz aner Méiglechkeeten a vill méi Auswiel.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.