Placeholder Dummy template

Casino Luxembourg: do, wou jonk Konscht gepusht gëtt

Konscht erhalen, erliewen, produzéieren: Muséeën a Konschthaiser sinn net just do, fir Konschtwierker vu fréier ze konservéieren oder se dem Grand public a Form vu Sammlungen ze weisen, mee och fir d’Schafe vun neier Konscht ze fërderen. Eng Plaz, wou genee dëst zu Lëtzebuerg méiglech ass, ass de Casino Luxembourg – Forum d’Art Contemporain. En Abléck.

Warscheinlech ass scho jidderee vun eis Honnerte Kéiere laanschtgefuer, ouni sech wierklech ëmzekucken. Vis-à-vis vun der Gëlle Fra, op där anerer Stroossesäit, en Tick méi no lénks, läit de Casino Luxembourg. Tëscht de villen aneren historesche Gebaier fält dat sandfaarwegt Haus mat der gliesener „Veranda“ kaum op, an awer ass et derwäert, sech hei emol méi genee ëmzekucken. De Casino Luxembourg ass nämlech net einfach just e Musée, mee eng Aart Plattform: fir Kënschtler, Konschtbegeeschterter an all déi, déi sech nach net decidéiert hunn.

Wärend vill Muséeën sech virun allem op d’Weisen an Erhale vu Konscht spezialiséiert hunn, huet de Casino Luxembourg nämlech eng liicht aner Funktioun. Mat sengem Fokus op Wierker vu jonke Kënschtler sollen dës hei ënnert d’Äerm gegraff an eng gewëssen national an international Visibilitéit kréien, well vu datt et zu Lëtzebuerg keng Konschthéichschoulen oder aner Weiderbildungsméiglechkeete fir jonk Konschtschafender gëtt, iwwerhëlt de Casino en Deel vun dëser Roll. Mat sengem „Infolab“, senger „ArtBookBox“ an sengem Raum fir Performancen, Concerten, Theaterstécker an aner Eventer um Rez-de-chaussée esouwéi sengen Ausstellungsräim um éischte Stack ass de Casino déi perfekt Kombinatioun aus Musée a Kreativlabo fir all Zorte vu moderne Wierker.

© Mudam Luxembourg

D’Gebai aus dem 19. Joerhonnert huet eng beweegte Geschicht: vu „Casino bourgeois“ iwwer „Foyer européen“ bis hin zu „Forum d’Art Contemporain“ war de Roude Fuedem awer ëmmer deen, datt hei Kultur wierklech gelieft gouf – wat wier also eng besser Plaz fir nei Konscht wéi de Casino? A fir datt Jonker och op de Goût vun der Konscht kommen, sinn de Programm an d’Offer vum Konschtforum esou ausgeluecht, datt fir all Altersgrupp eppes dobäi ass. Schonn an der Poussette kann een d’Ausstellunge vum Casino entdecken, dat bei de spezifesche Féierunge fir Eltere mat Bëbeeën all leschte Freiden am Mount.

Eng Neiheet: Fir d’Saison 2024/25 wëll de Casino seng Relatiounen zu de Konschthéichschoulen am noen Ausland nach méi stäerken a bitt den hauseegene Fuerschungslabo am „Casino Display“ elo als Post-Master-Programm fir Konschtstudenten un. All éischte Sonnden am Mount sinn dann déi Kleng vun dräi bis sechs Joer un der Rei: Fir si gëtt et de „klengen Atelier“, e kreative Workshop, bei deem se a Begleedung vun hiren Elteren dierfe kreativ ginn. Logesch ass et dann och, datt fir déi e bësse méi grouss Kanner och e „groussen Atelier“ stattfënnt, dëst all Samschden a jeeweils mat enger anerer Aktivitéit. Och Schoulklassen, Maison-relaisen a Crèchë sinn am Casino wëllkomm a kréie mam Programm „Scol’art“ Atelieren a Workshoppen op hir spezifesch Uspréch zougeschneidert.

© Mudam Luxembourg

Fir datt dann och eng gewësse Reegelméissegkeet an dat Ganzt kënnt, kënnen Elteren hire Kanner d’„KLIK-Kaart“ huelen, e Pass, duerch deen se net just Reduktiounen am Casino kréien, mee och en Abonnement fir den zweesproochege Konschtmagasinn mam selwechten Numm. Eisen Highlight: Kanner tëscht sechs an zwielef Joer kënnen am Casino hire Gebuertsdag feieren an dierfen sech niewent enger Féierung och e coole Kreativ-Workshop eraussichen oder awer sech zesumme mat hiren Elteren eng „Klik-Klak-Box“ huelen, e Set, fir eng Aktivitéit selwer ze maachen.

Well de Fokus vum Casino virun allem um jonke Public läit, gëtt et natierlech och eng ganz Rei Offere fir Jugendlecher a jonk Erwuessener. Zanter 2023 organiséiert de Casino esou zum Beispill eemol am Mount de „casinoBookClub“, eng Aart Liesgrupp, bei där sech zesumme mat anere Kënschtler a Konschtinteresséierten zu verschiddene Bicher mat Theeme ronderëm Konscht a Gesellschaft kann ausgetosch ginn. Och den „afterWORKshop“ fir Leit vun 18 Joer un ass eng cool Méiglechkeet, an enger Grupp kreativ ze ginn an sech ze echangéieren. Eng flott Plaz heifir ass de „Casino Display“, deen zanter 2021 an der Galerie Konschthaus Beim Engel ass a Jonken eng Plattform soll bidden, wou se net just hir eege Wierker, Iddien a Gedanken dierfe presentéieren, mee wou se och eng Ulafstell fanne fir alles, wat mat Konschtschafen ze dinn huet.

© Mudam Luxembourg

Wien da mol keng Loscht huet, sech an de Casino oder seng Annexen ze beweegen, dee kritt och doheem esou munches gebueden, well duerch de „Casino Channel“ ginn net nëmmen d’Ausstellunge videografesch festgehalen, mee och Interviewe mat de Kënschtler, Behind‑the-Scenes-Ausschnëtter a vill weider flott Momenter, déi engem en Abléck an d’Welt vun der moderner Konscht bidden. Bock op méi? Da kuck dir déi ganz Offer mat allen Infoen op casino-luxembourg.lu un!

En Artikel vum Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.