Dat ass eng Fro, déi sech hautdesdaags virun allem déi Jonk an d’Leit an der Stad stellen. Ob een op en eegenen Auto verzichte kann, hänkt natierlech staark dervun of, wéi eng Alternativen et gëtt, fir mobil ze sinn. Wann et drëm geet, kuerz Strecken ze iwwerwannen, ass ee muenchmol mam Vëlo besser beroden ewéi mam Auto, virun allem wann et op de Stroossen an der Stad emol erëm staut.
Mam vel’OH! oder engem eegene Pedelec (sou nennt ee Vëloen, déi en elektreschen Hëllefsmotor hunn a bis zu 25 Stonnekilometer schnell fuere kënnen), kënnt een esouguer nach méi bequeem un d’Zil.
Zanter Kuerzem dauche queesch duerch Europa och ëmmer méi E-Scooteren op, déi fir kuerz Strecken alternativ zum Vëlo kënnen interessant sinn a virun allem als Ergänzung zum ëffentleche Verkéier geduecht sinn. Dës E-Scootere ginn awer aktuell nach relativ kontrovers debattéiert, well oft Firmaen eng Stad dermat iwwerfluten a se dono quasi iwwerall ronderëmstinn, well et keng fest Plaze gëtt ewéi beim vel’OH!. Zu Lëtzebuerg huet bis elo just d’Firma Bird probéiert, dës E-Scooteren unzebidden, wat no knappen 10 Deeg vun der Stad Lëtzebuerg erëm verbuede gouf. Et bleift also ofzewaarden, ob sech dëst Verkéiersmëttel zu Lëtzebuerg als Kuerzstreckenalternativ zum Auto duerchsetze kann.
Déi wichtegst Alternativ zum Auto ass a bleift awer den ëffentlechen Transport, deen an de Stied natierlech däitlech méi Méiglechkeete bitt wéi am ländleche Raum. Mee wat den ëffentlechen Transport méi effizient gëtt, wat méi Leit wäerten op den Auto verzichte kënnen. Dofir investéiert Lëtzebuerg an de Schinneverkéier – den Zuch an den Tram – a plangt, bis 2030 all d’Buslinnen ze elektrifizéieren. Eng wichteg Initiativ, fir méi Leit derzou ze bréngen, den Auto stoen ze loossen oder sech vläicht guer keen ze kafen, ass natierlech och de gratis ëffentlechen Transport, deen den 1. Mäerz 2020 a Kraaft getrueden ass.
Mee wat ass dann elo awer, wann et net anescht geet an en Trajet mam Auto muss zeréckgeluecht ginn, zum Beispill well den ëffentlechen Transport net zur giedlecher Zäit fiert oder ee vläicht eppes méi Grousses transportéiere muss?
D’Léisung heescht Carsharing! Wann een éischter onreegelméisseg en Auto brauch, ass de Carsharing eng gënschteg Alternativ zum eegenen Auto, deen ee sech als éischt emol fir deiert Geld kafe muss an deen dann nach reegelméisseg Käschte mat sech bréngt wéi Bensinn, Versécherungen, Steieren a Sue fir Revisiounen a Reparaturen.
Aktuell gëtt et hei zwou Méiglechkeeten: CFL-Flex mat iwwer 150 Autoen op insgesamt 60 Statiounen am ganze Land a Carloh mat aktuell 43 Autoen op 25 Statioune ronderëm d’Stad Lëtzebuerg. Béid Déngschter funktionéieren esou, datt ee jee no Abonnement a Gréisst vum Auto e bestëmmte Montant pro Stonn a Kilometer bezilt. Dat kascht dann tëschent 1,95 an 3,95 Euro d’Stonn an tëschent 0,21 an 0,64 Euro de Kilometer. An deem Präis sinn dann déi ganz Käschten, déi en Auto mat sech bréngt, all scho mat abegraff. Wien also zum Beispill mam Carsharing vu Miersch aus bei den Ikea akafe fiert a säin neit Regal dann heembréngt, ka mat ongeféier 25 Euro rechnen.
De Carsharing kann also eng gënschteg Alternativ fir jidderee sinn, deen den Auto net am dagdeegleche Liewe brauch, mee just fir bestëmmte Geleeënheeten oder kuerz Strecken.
Carsharing muss awer net onbedéngt duerch eng Firma ugebuede ginn: Och wa sech Noperen, eng Wunngemeinschaft oder Frënn en Auto deelen, ass dat Carsharing.
Well déi sougenannte „Sharing-Economy“, zu där de Carsharing gehéiert, ëmmer méi populär gëtt, sprange mëttlerweil och bekannt Autosmarken op deen Zuch op. Verschidden Autoe si mat enger App verbonnen, sou datt ee säi Gefier ganz onkomplizéiert ka Frënn, déi den Auto dann iwwer d’App ouni Schlëssel kënnen opspären, zur Verfügung stellen. Doniewent ginn et och Funktiounen, mat deenen ee sech d’Käschte fir den Auto iwwer d’App deele kann.
Statistesch gesi steet e Privatauto am Duerchschnëtt 23 Stonne pro Dag onbenotzt op enger Parkplaz, an dat bei héije Fixkäschten am Ënnerhalt.
De Carsharing ass eng Léisung fir dëse Problem an et bleift ze hoffen, datt ëmmer méi Leit dorop zeréckgräifen!
En Artikel vum Etienne Degeest