Botter a waarm Decken!

Hautdesdaags ass et vläicht e bësse méi roueg ginn, mee nach virun enger 20 Joer koumen all guddes Daags schéi faarweg Héichglanzprospekter an d’Boîttë gefladdert, fir d’Leit op ee flotten Ausfluch ze invitéieren. Huet een dann dat Klénggedrécktent gelies (Möglichkeit zur Teilnahme an einer Verkaufsveranstaltung), dann huet ee séier spatz kritt, datt hei eng ganz kommerziell Maschinerie hannendru gedréit huet.

Eigentlech kommen déi sougenannte Kaffisfaarten, déi der eelerer Generatioun nach gutt bekannt sinn, vun de Butterfahrten, déi bis 1999, zemools an Däitschland en Highlight waren, zougeschnidden op déi Drëtt Generatioun. Dës Senioreveranstaltunge waren ëmmer op engem Schëff, dat iwwer d’Douanesgrenzen eraus an internationaalt Gewässer getuckert ass, wou d’Passagéier dee Moment konnten zollfräi akafen, am Ufank haaptsächlech Botter, Tubak an alkoholescht Gedrénks. Et war deemno eigentlech e maritimt Géigestéck zu den Tax Free Butteker, déi eis vun de Flughäfe jo nach a beschter Erënnerung sinn.

Mee eigentlech war net d’Akafen eleng dee grousse Spaass bei esou Ausflich, mee ganz einfach den tëschemënschleche Kontakt fir all déi al Dammen an Hären, déi vill ze vill oft eleng waren an einfach Gesellschaft gesicht hunn.

Nodeem 1999 dës Botterfaarte laut EU-Recht net méi zoulässeg waren, hu sech doraus geziilt d’Kaffisfaarten entwéckelt, déi touristesch interessant Géigenden ugefuer hunn a wou riedegewand Moderatoren dacks schonn am Bus fir dohin, awer och nach op der Plaz, de Passagéier ultramodern, gutt kuscheleg a virun allem BËLLEG BËLLEG BËLLEG!!! Heizdecken esou iwwerzeegend proposéiert hunn, datt muench Bomchen a Pätter dës Kuscheldecken en Gros fir déi ganz Famill akaaft hunn, dat gëtt nämlech nach méi BËLLEG, BËLLEG, BËLLEG!!! Et waren a sinn also faktesch mobil Schefferalleeën, wou de Leit fir mannerwäerteg Produkter d’Suen aus der Täsch gezu ginn.

Och wann den Hype sech noutgedrongen an der leschter Zäit e bësse geluecht huet, sou weess déi, besonnesch bei Journalisten, beléiften Damm Vicky Pedia ze erzielen, datt an eisem Nopeschland Däitschland nach all Joer eng 5 Milliounen Passagéier esou Ausflich buchen, fir hire Suen lasszeginn, an dat straalt natierlech och iwwer d’Grenzen eriwwer an eist Ländchen. Ze lackele brauch een net allze vill: eng Annonce an enger Zeitung fir den 3. Alter oder e faarwegt Fluchblat, doniewent niddereg Präisser fir de Bus (deen alt emol guer net bis op déi versprache Platz fiert) an och nach e SUPER SUPER SUPER Kaddo fir jiddwereen, dee matfiert, GARANTÉIERT!

A scho stréimen se mat Massen an d’Bussen, Trinyen an d‘Lussen, wéi Hierken, déi sech këssen, streiden sech ëm déi viischt Platze beim Chauffer an hir Schmieren scho bei der éischter rouder Luucht auspaken. De Pätter Fränz vun Hëpperdang mécht der Joffer Virginie vu Bechkléngmaacher schonn erëm säfteg Avancen a pëtzt en A zou an si den Hënner, iwwerdeems wou dat agebilte Marie, déi domm Kou vu Nuechtmanescht, dem Emelie vun Diddeleng säi kamouden donkelgrénge Wanterrack kritiséiert. “…an déi Schong, kuck emol, et ass jo fir sech ze schummen …, vläicht gëtt et haut um Bostalsee jo fir hat och en neit Puer …”, BËLLEG BËLLEG BËLLEG!!!

Mee fir d’éischt gëtt awer emol eppes giess! Dat opulentes Mittagessen aus dem Prospekt entpoppt sech zwar als dréchene Sandwich mat engem Rondel Zoossiss, wou s de kanns derduerch kucken, mee d‘Schmieren am Bus hu jo och gutt bäigehal! Elo geet et gläich lass mat der Teilnahme an einer Verkaufsveranstaltung an engem Hotel ronn 30 Kilometer vum Bostalsee ewech, wou ee geschniegelte Moderator esouvill léiwe Bomaen en A zoupëtzt, datt ee mengt, hie géif motoriséiert Seriebiller knipsen. Doniewent weist hien all Pätter den trumpegen Daum an d’Luucht, natierlech net ouni vum lénkst bis bei dat rietst Ouerläppchen rabeg ze grinsen an dobäi ongeféier 68 blénkeg wäiss Zänn ze exposéieren. „An haut gëtt et eppes ganz Besonnesches: Heizdecke mat agebauter Klimaanlag, fir am Summer an am Wanter, dat musst Dir onbedéngt hunn, Dir Dammen an Dir Hären, déi neisten Technologie haut exklusiv fir Iech, Dir Dammen an Dir Hären, an dat zu onwarscheinlech gënschtege Präisser … duerchgestrache Normalpräisser, haut an exklusiv nëmme fir Iech, Dir Dammen an Dir Hären fir nëmmen sou an esouvill Euro, bal geschenkt! Gräift elo zou!”

An iwwerdeems wou d’Gréitche vu Réiden seng 5 donkelblo Decken mat der Mastercard bezilt, pëspert hatt senger Nopesch vu Géisdref vertraulech an d’Ouer: „déi nächst Woch fuere mir awer och erëm mat, op Seebrügge, do soll et di neist Kollektioun vun Heizdecken mat Aromatherapie ginn, an alles esou BËLLEG BËLLEG BËLLEG!!!“

En Artikel vum Sully Prud‘homme

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.