Wat Dir braucht:
Zoubereedung:
Den Ahornsirop lues brutschele loossen. De Filet vun der Int wierzen an als éischt op der Hautsäit, derno op där anerer Säit 6 Minutte broden. 10 Minutten op der Dier vum waarme Schäffchen roue loossen.
D‘Gebeess bei klenger Hëtzt an engem Kachdëppen schmëlze loossen an de Peffermënz an d‘Äerdbier (a klenge Stécker) fir e puer Sekonnen derbäimaachen.
D’Fleesch op d’Säit stellen an den Ahornsirop zesumme mam Jus vum Fleesch liicht kache loossen. Mat Gebeess, Salz, wäissem Peffer an engem Schotz Apelwäin-Esseg läschen. E Schnatz Botter derbäi maachen. Bis op däi gewënschten Konsistenz reduzéieren.
Op engem Teller presentéieren a mat den Hammbieren dekoréieren.
E Rezept vum Léa Linster
Restaurant Léa Linster
Fréiseng
(00352) 23 66 84 11-1
www.lealinster.lu
Wat Dir braucht:
1 Blutint
2 Zoppeläffelen „3 Friichten Gebeess“
2 Zoppeläffelen Ahornsirop
Salz a Peffer
E puer Blieder Peffermënz
Rout Friichten (Äerdbier, Hammbier)