Hautdesdaags ass Nohaltegkeet esou wichteg wéi nach ni. Et gëtt ëmmer méi op erneierbar Energien an ëmweltfrëndlech Alternative gesat, fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren. Esou fiert e gudden Deel vun de Lëtzebuerger Busser mat Bio-/Äerdgas oder Stroum. Mee net nëmmen am Persounentransport, mee och am Wuerentransport, fënnt en Ëmdenke statt. Esou hu sech zum Beispill zwee Transportbetriber, Arthur Welter a Bolloré Logistics mat Total Engergies zesummegedoen, fir hir Emissiounen ze reduzéieren.
An engem Pilotprojet fiert deen éischte mat engem 100%eg duerch „Biokraftstoff“ bedriwwene Camion vum LuxAirport op de Flughafe Paräis-Roissy Charles de Gaulle. Dëse Camion produzéiert dobäi just e Brochdeel vum CO2, deen e Camion produzéiert, dee mat normalem Diesel fiert. En normale Camion produzéiert nämlech ongeféier 340 kg CO2 pro Streck, de Camion mam Biokraftstoff just 85 kg. Dat si bal 40 Tonnen CO2-Erspuernes pro Joer, just mat engem Camion.
De Biokraftstoff vun Total Energies heescht HVO100, dat steet fir Hydrotreated Vegetable Oil. Dëse besteet aus nohaltege Materialie wéi zum Beispill Planzen-Offäll an alem Frittefett oder aneren ale Fetter. Dës ginn dann traitéiert an zu Biokraftstoff weiderverschafft. Dat Ganzt dréit dann och zu enger Kreeslafwirtschaft bäi.
Den HVO100 ass net nëmme méi nohalteg, mee kann och vun all Diesel-Gefier ouni Modifikatiounen um Motor ouni Risk getankt ginn. Bis elo ginn et leider just wéineg Tankstellen, déi den HVO100 ubidden, dobäi kënnt, datt e méi deier ass wéi den normalen Diesel an den Ament just fir de Laangstrecken-Transport geduecht ass. Ausserdeem ginn et leider keng steierlech Virdeeler fir d’Betriber, déi op de Biokraftstoff ëmsteige wëllen. E gëtt nämlech trotz de geréngen CO2-Emissioune genau ewéi den Diesel aus Mineral-Ueleg besteiert.
Als Autofuerer kann een natierlech op konventionelle Biodiesel zeréckgräifen, dësen huet nämlech och eng besser CO2-Bilanz wéi den traditionellen Diesel. Ausserdeem kann een en ouni Bedenke mat normalem Diesel mëschen. Den Nodeel ass, datt e méi deier ass an datt et just wéineg Tankstelle ginn, déi 100%ege Biodiesel fir Privatpersounen ubidden. Well e méi Energie huet, gëtt e meeschtens fir Camione genotzt. Et gëtt awer och en Deel Biodiesel an den normalen Diesel bäigemëscht, fir d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren.
De Biodiesel gëtt meeschtens aus Raps hiergestallt. Mee Rapsueleg kann een och notze fir ze fueren. Deen een oder anere Bauer huet esouguer en Trakter, dee mam Rapsueleg fiert. Hei ginn d’Käre vun der Planz gepresst an den Ueleg, deen doraus entsteet, gëtt opgefaangen. Den Ueleg gëtt da weiderverschafft an alles, wat vun de Kären nach iwwereg ass, gëtt zum Beispill u Kéi a Schwäi verfiddert. Esou kann een de Prozess nach méi nohalteg maachen a weider CO2‑Emissioune reduzéieren.
Eng weider Alternativ, déi den Ament interessant ass, besonnesch elo mat de klammende Sprit-Präisser, ass d’Ëmrëschten op Bioethanol. De Bioethanol, oder och E-85, ass nämlech vill méi bëlleg wéi d’Alternativen. Den eenzege Problem hei zu Lëtzebuerg ass, datt een dësen ouni Erfolleg op der Tankstell sicht, et gëtt en hei am Land nämlech net. Trotzdeem ass d’Zuel vun de Leit, déi sech de Motor op Bioethanol ëmrëschte loossen, an d’Luucht gaangen. Déi meescht si Frontalieren oder Leit, déi reegelméisseg a Frankräich fueren. De Bioethanol produzéiert jee no Auto bis zu 70 % manner CO2-Emissiounen. En Nodeel ass hei awer, datt een am Schnëtt och tëschent 10 a 15 % méi verbraucht. Ausserdeem kann een en Dieselmotor net ëmbauen. E Bensinner muss och als éischt ëmgebaut ginn oder e Flexfuel-Ofzeechen hunn, soss kann een de Motor dauerhaft beschiedegen.
De Bioethanol gëtt zum Beispill aus Stréi, Mais, Zockerrouer oder Weess hiergestallt. Haaptsächlech soll d’Ufanksmaterial vill Zocker hunn. D’Prozedur ass änlech wéi an enger Brauerei, just amplaz vun Happ a Malz gëtt hei Ethanol aus zum Beispill Stréi gewonnen. Dofir gëtt dann Hief genotzt, fir den Zocker an Ethanol ëmzewandelen.
Et ginn also genuch ëmweltfrëndlech Alternativen, och wa verschiddener nach net esou populär zu Lëtzebuerg sinn. Et muss ee sech also nach e bësse gedëllegen oder et keeft ee sech en Elektroauto.
En Artikel vum Jo Schneider