Et sinn nëmme Benevollen, déi sech bei der ASBL Lëtzebuerger Bicherfrënn, déi 1997 gegrënnt gouf, engagéieren. Si kréie keng Sue fir déi vill Stonnen, déi se all Woch do schaffen. Déi meescht sinn net méi ganz sou jonk a mussen dacks schwéier Këschte mat Bicher op déi verschidde Bourssen, wéi zum Beispill d’Walfer Bicherdeeg oder de Festival International de la Bande Dessinée, schleefen. „Dofir huele mir meeschtens Banannekëschten, déi si méi kleng an do passe manner Bicher dran“, erkläert eis de Frank Hansen, President vun der ASBL. Den engagéierte Pensionär féiert eis haut duerch dem Ali Baba seng Hiel zu Buerglënster. Dës befënnt sech géigeniwwer vum historesche Schlass mam selwechten Numm. Béid gehéieren dem Lëtzebuerger Staat a gi vum Kulturministère verwalt.
Muench anere Veräi wonnert sech, wéi d’ASBL Lëtzebuerger Bicherfrënn et fäerdegbréngt, esou héich Spenden un aner Veräiner an ONGen ze ginn. „D’lescht Joer waren et insgesamt 70.000 Euro, déi mir konnte spenden“, verréit eis de Frank Hansen. D’Joer virdru waren et ronn 50.000 Euro.
Firwat kënnen d’Bicherfrënn esou héich Spende maachen? „Dohanner stieche ganz vill Engagement a vill Aarbecht“, erkläert eis de President. „Et si ronn 15 Leit, déi all Woch zesummen e puer honnert Stonne fir d’Bicherfrënn am Asaz sinn. Ouni si géif dat net klappen.“ Souwuel déi aacht Kommiteesmemberen, dorënner d’Sekretärin Christiane Krier, déi déi ganzen Zäit am Asaz ass, wéi och déi aner Benevolle maachen dës Aarbecht fräiwëlleg an ouni Bezuelung. „Dofir ka praktesch alles, wat mir erakréien, an d’Spende fléissen.“
„Géint e klenge Loyer un de Kulturministère kënne mir dëse Raum notzen, fir eis Bicher ze stockéieren an ze verkafen“, sou de Frank Hansen weider. Dofir ënnerstëtzt d’ASBL alljoers d’Bourse „Bicherfrënn – Kultur LX“, e Stipendieprogramm fir Lëtzebuerger Auteuren, mat 8.000 Euro. Zesumme mam Fonds culturel national (Focuna) an dem Centre national de littérature (CNL) bidde si engem Lëtzebuerger Auteur zwee Méint laang eng Autorenresidenz zu Berlin un, wou dësen am „Literarisches Colloquium Berlin“ (LCB) wunnt, an engem Atelier ongestéiert senge literaresche Projete kann nogoen a sech mat anere Kënschtler kann treffen an austauschen. Hei duerfte scho Lëtzebuerger Auteure wéi de Ian de Toffoli, de Samuel Hamen, d’Nora Wagener, d’Elise Schmit oder de Jeff Schinker matmaachen – fir nëmmen déi ze nennen.
Mee dëst ass bei Wäitem net deen eenzege Projet, deen d’Bicherfrënn ënnerstëtzen. 2024 hu si eelef weider Veräiner an ONGe jeeweils Zommen tëschent 1.500 an 12.000 Euro gespent, dorënner d’Stëmm vun der Strooss, d’Dokteren ouni Grenzen am Gaza oder d’ASBL ALAN, déi sech fir rar Krankheeten asetzt.
Wéi funktionéiert eigentlech d’ASBL Lëtzebuerger Bicherfrënn? „Och mir liewe vu Spenden“, seet de Frank Hansen. „De Prinzip ass, datt d’Leit Bicher, déi se net méi brauchen, gratis bei eis ofginn.“ D’ASBL hëlt awer net alles un, mee d’Bicher musse bestëmmte Krittären entspriechen, schliisslech solle se dono och gutt verkaaft ginn an net zum Ladenhüter mutéieren. No dësem Prinzip däerf e Buch net no Tubak oder Muuscht richen. Et däerf och net vollgekrozelt sinn oder ofgerappte Säiten hunn. Ausserdeem si Magasinne wéi beispillsweis den National Geographic an änlecher net dat Richtegt, fir un de Mann oder d’Fra ze bréngen. Grouss Lexikone mat ville Bänn och net. Am grousse Ganze sinn déi meeschte Bicher, déi erakommen, awer tipptopp an der Rei, verséchert eis de President.
Op eisem Tour duerch d’Scheier weist eis de Frank Hansen, no wéi engem Prinzip d’Bicher hei zortéiert sinn. „Mir probéieren, d’Saachen iwwersiichtlech ze klasséieren, wat net ëmmer einfach ass, well esou vill erakënnt a mir am Fong keng Plaz méi hunn.“ Klasséiert sinn d’Bicher nom Genre an no der Sprooch. Sou fënnt een zu Buerglënster klassesch Literatur, Trivialliteratur, Luxemburgensia, Krimien, Bicher iwwer Konscht, Technik, Psychologie oder Medezin, Kachbicher, Comicken, Kannerbicher a villes méi. Niewent den däitschen a franséische Bicher fënnt een eng ganz Rëtsch vu lëtzebuergeschen Auteuren a munch Bicher och a Lëtzebuerger Sprooch, wéi zum Beispill dem Roger Manderscheid säi „Papagei um Käschtebam“, dee mir am Regal entdecken. „Neierdéngs bemierke mir en Trend zu engleschsproochege Bicher“, seet de Frank Hansen. Mëttlerweil sinn och Expats an auslännesch Studenten an de soziale Medien op d’Bicherfrënn opmierksam ginn. „Dofir hu mir och vill engleschsproocheg Leit, déi reegelméisseg heihinnerkommen, fir Bicher ze kafen.“
D’Uleies vun der ASBL ass et awer net nëmmen, um Enn vum Joer sou vill wéi méiglech ze spenden – och wann dëst verschidde Benevollen immens motivéiert –, mee och, dem interesséierte Lieser gutt erhale Bicher zu engem gënschtege Präis ze verkafen. Dat ass eng Motivatioun, déi och de Frank Hansen enorm undreift. „Mir wëllen de Leit e gënschtegen Zougang zur Literatur erméiglechen.“ D’Präisser fir normal Bicher leien tëschent engem a fënnef Euro. Fir déck Konschtbicher kënnen et och mol 10 Euro sinn. Net ouni Stolz erzielt de President: „Et si ganz vill Familljen, déi mat de Kanner kommen a mat décke Päck erëm erausginn. Gëschter Mëtte waren ee Moment eng 20 Leit gläichzäiteg hei am Buttek.“ Allerdéngs sinn d’Visiteurszuele staark wiederofhängeg.
Wie Loscht op dem Ali Baba seng Hiel huet, kann dat all éischte Sonndeg am Mount an all Donneschdegnomëtte maachen. D’Annex zu Wolz an der aler Gare ass och ëmmer donneschdegnomëttes an all drëtte Sonndeg am Mount op. Dës Annex ass méi kleng wéi d’Pabeierscheier a konnt mat Hëllef vun der Gemeng an d’Liewe geruff ginn, fir och am Éislek present ze sinn. D’Bicherfrënn hunn nach e Lager zu Nidderaanwen. „E weidert Standbeen am Süde wär fir eis nach interessant“, seet de President vun der ASBL.
Hie géif sech wënschen, méi dacks sonndes kënnen opzemaachen, mee dofir sinn net genuch Benevollen do. Niewent deene Leit, déi Bicher zortéieren, verkafen a fir Plattforme wéi Momox ISBN‑Nummeren ascannen, sicht d’ASBL en Informatiker, fir d’Bicher och op der Websäit kënnen unzebidden. „Och en Expert am Beräich Luxemburgensia wär net verkéiert, fir de Wäert vun dëse spezielle Wierker besser aschätzen ze kënnen“, sou de Frank Hansen. Dofir säin Appell: „Wie sech fir Bicher interesséiert, ass häerzlech wëllkomm, fir bei eis eng Hand mat unzepaken.“
En Artikel vum Eric Rings