„D’lescht Woch stoung eng Famill aus Spuenien – déi elo op Lëtzebuerg geplënnert ass – bei eis am Sekretariat, fir hiert Kand mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS) hei unzemellen“, erzielt d’Sabine Angelsen eis, d’Direktesch vum CTSA. „Ech hu si leider mussen enttäuschen“, seet si. Zu Lëtzebuerg misst ee säi Kand, och wann et ënner d’Kategorie „spezifesch Bedierfnesser“ fält an och wann et schonn eng medezinesch ASS-Diagnos huet, ëmmer fir d’éischt bei der Regionaldirektioun vu sengem Wunnuert umellen an do matdeelen, wat déi besonnesch Bedierfnesser vum Kand sinn. Dat géife vill Leit net wëssen.
Dës Famill ass heihikomm, well bei hinnen an der Spezialschoul a Spuenien net wierklech mam Kand geschafft ginn ass. „Si hunn d’Hoffnung, datt et hei besser gëtt“, erkläert d’Sabine Angelsen. Déi medezinesch ASS-Diagnos (Viraussetzung fir eng Demande beim CTSA) läit scho vir. No der Umeldung bei der Regionaldirektioun ass et un der Ekipp vun do, fir ze kucken, wéi si sech opstelle kënnen, fir dem Kand déi néideg Hëllefsstellung ze ginn. Zesumme mat der ESEB (Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques) gëtt no Léisunge gesicht. Eréischt, wann dës Hëllef net gräift, kann déi regional Commissioun d’inclusion (CI) eng Demande bei der Commission nationale d’inclusion (CNI) maachen, fir eng spezialiséiert Diagnos an engem vun de Centre-de-compétencen ze kréien, dozou gehéiert och de CTSA. Dëse Wee gëllt esouwuel fir d’Grondschoul wéi och fir de Lycée.
De Claude Frosio preziséiert: „All Kand muss eng duebel Inscriptioun hunn, och déi déi komplett vun eis beschoult ginn.“ Dat heescht, datt d’Kanner fir d’éischt an enger regulärer Schoul – Fondamental oder Lycée – ageschriwwe musse sinn, och wann se derno ganz am CTSA sinn. D’Léierpersonal an där Schoul huet dat Kand dann op enger Lëscht stoen, och wann et d’Kand ënner Ëmstänn ni gesäit.
De Vize-Direkter vum CTSA seet awer, datt et och Fäll gëtt, wou et duergeet, wa just d’ESEB-Ekipp sur place eng kleng Hëllefsstellung gëtt. „Et gi genuch Schüler, och mat Autismus, déi ganz gutt kënne matlafen an der Schoul.“ Dowéinst soll ee fir d’éischt mol dës Hëllefsstellung probéieren. An deem Fall gëtt de CTSA guer net aktivéiert. Et ass nämlech net vu Muttwëll, datt de CTSA Formatiounen um IFEN (Institut de formation de l’éducation nationale) ubitt. Virun allem Léierpersonal aus dem Fondamental schreift sech hei an, mee heiansdo och aus de Lycéeën. „Am Fondamental ass d’Volontéit vum Léierpersonal méi grouss, well si hunn d’Kanner 26 Stonne pro Woch an hirer Klass a musse mat hinnen eens ginn“, erkläert de Claude Frosio. Am Lycée hunn d’Professeren d’Schüler dacks nëmmen e puer wéineg Stonnen a gi meeschtens och ouni Formatioun eens. Am Secondaire ass et virun allem d’ESEB, déi d’Schüler betreit, dacks éischter bei ausserschouleschen Aktivitéite wéi de Pausen oder de Mëttesstonnen, wou déi meeschte Problemer am Kader vun der sozialer Interaktioun optriede kënnen. An de Coursë ginn et manner Problemer.
Wéi 2018 eng Agence esouwéi aacht Kompetenzzentere fir Kanner mat spezifesche Bedierfnesser vum Educatiounsministère gegrënnt goufen, huet sech och de CTSA, dee bis dohin en Institut war (Institut pour enfants autistiques et psychotiques – IEAP) ganz nei opgestallt. Zu Leideleng ass niewent der Zentral och d’Mammenhaus, wou aktuell just Atelieren dra sinn. Dat sinn awer keng Atelier-protégéen, mee eng Virstuf dovun, éier se an en Atelier protégé kënne goen. „Mir versichen, eis Schüler esou wäit prett ze maachen, fir datt se esou vill wéi méiglech autonom ginn a scho Kenntnisser hunn, fir derno zum Beispill bei Autisme Luxembourg oder der FAL kënnen ze schaffen,“ sou d’Sabine Angelsen.
Uechter d’Land ginn et nach vill Sitte vum CTSA, déi haaptsächlech u Schoulen ugebonne sinn. Dat kënne Grondschoulen a Lycéeë sinn. Vun dësem Schouljoer (2024/2025) u sinn et am Ganzen 19 Sitten (virdru waren et der 14). Engersäits ginn et ganz Klasse respektiv Ateliere vum CTSA, an deenen nëmme Schüler mat Autismus betreit ginn, an anerersäits agéiere Leit vum CTSA, d’Intervenants spécialisés ambulatoires (ISA), direkt an de Schoulen. A munche Klasse ka mol deen een oder anere Schüler mat ASS sinn, dee gutt integréiert ass. Kënnt d’ESEB net méi weider mat hirer Ënnerstëtzung, well ganz spezifesch Léisunge gebraucht ginn, da kënnen d’ISA punktuell op den Terrain goen. Och hei ass d’Viraussetzung, datt déi virgeschriwwe Prozedur agehale gëtt an datt eng medezinesch Diagnos fir ASS virläit.
Déi medezinesch Diagnos vum Pedopsychiater ass eppes anescht wéi déi spezialiséiert Diagnos vum CTSA. Dat gëtt dacks verwiesselt. D’Viraussetzung, fir eng spezifesch Hëllef vum CTSA ze kréien, ass ënner anerem d’Virweise vun enger medezinescher Diagnos vun engem Psychiater. Am Fall vun Opfällegkeete bei engem Schüler oder enger Schülerin an no der Ouverture vun engem Dossier bei der Commission d’inclusion ginn d’Elteren an engem Gespréich orientéiert, eng medezinesch Diagnos stellen ze loossen. Bei engem Kand gëtt déi normalerweis bei engem Pedopsychiater gemaach. Wann de CTSA de Schüler kenne léiert, läit d’Diagnos an der Reegel scho vir oder se ass zumindest amgaang, gemaach ze ginn, an de Psychiater weess schonn, wéi se wäert ausfalen.
Esou eng Diagnos muss prezis opgestallt sinn, fir datt een d’Sécherheet huet, datt et sech ëm eng Autismus-Spektrum-Stéierung handelt, well vill Stéierungen, dorënner och Traumaen, leien dacks ganz no beieneen. Eréischt, wann ee genee weess, wat et ass, kann een och prezis Hëllef ubidden.
D’Diagnos beim Psychiater u sech dauert an der Reegel e puer Woche bis zwee oder dräi Méint. Wat dat Ganzt awer kann an d’Längt zéien, ass d’Waardezäit fir d’Rendez-vousen. Vill Eltere wëssen och net, wou se dës Diagnos maache sollen. De CTSA kann d’Eltere beroden. Eng beléift Ulafstell ass zum Beispill d’Unité Autisme am CHL, wou Diagnose bei Kanner bis 7 Joer gemaach kënne ginn. Fir Jugendlecher ginn et Ulafstellen um Kierchbierg, am CHEM zu Esch an am Norden. D’Nimm vu Pedopsychiateren däerf de CTSA per Gesetz keng nennen.
Esoubal d’Diagnos virläit an och de Rescht vun der Prozedur agehale gouf, kann de CTSA seng spezialiséiert Diagnos opsetzen. Dës ass keng Diagnos, déi den ASS diagnostizéiert, mee déi soll festleeën, wat de Besoin vum Kand ass, wou seng Schwieregkeete leien, wéi eng Hëllefsstellung et brauch a wéi eng Prise en charge ugebuede soll ginn. Bei dëser Diagnos gëtt da festgeluecht, ob d’Kand kann an enger normaler Klass beschoult gi mat enger Berodung a Begleedung vum Schoulpersonal, ob eventuell eng Hëllef vun engem ISA gebraucht gëtt oder ob eng spezialiséiert Beschoulung dat Bescht fir d’Kand an enger Klass vum CTSA ass. Dës Virschléi ginn der CNI duergeluecht an d’Eltere kréien dann e Schreiwes vun der CNI mat der Propos vun der Prise en charge oder der spezialiséierter Beschoulung déi festgahale gouf. D’Elteren hunn awer dat lescht Wuert a ginn hiren Avis un d’CNI fir datt déi betreffend Prise en charge kann ulafen.
Een ISA huet momentan aacht Schüler, déi e begleet. E mécht sech an de Coursen e Bild vu senge Schüler, fir erauszefannen, wou et genee haakt, a probéiert dann, alles en place ze setzen, datt de Schüler am Unterrecht matkënnt a säin Alldag an der Schoul besser bewältegt kritt. Et kënnen zum Beispill visuell Oftrennungen ageriicht ginn, de Schüler kann d’Plaz wiesselen oder e kritt e Kopfhörer, wann e sensibel op Geräischer reagéiert. Den ISA schafft dës Léisungen aus, fir datt den Enseignant och iergendwann ouni seng Hëllef un der Säit weess, wéi e mam Kand soll ëmgoen a wéi en em kann hëllefen, de Schoulalldag besser ze gestalten, sou de Claude Frosio. Dono zitt den ISA sech lues a lues zeréck.
An eisem Gespréich gëtt séier kloer, datt de CTSA e bëssen aus allen Néit ze platzen dreet. „Aktuell ziele mir 140 Mataarbechter, déi awer net all Vollzäit schaffen“, seet d’Sabine Angelsen. Am Joer 2017, wéi de CTSA nach IEAP geheescht huet, waren et 35 Leit Personal mat ongeféier 70 Schüler, déi begleet gi sinn. Haut kënnt de Centre op 140 Leit Personal a 650 Schüler. „Dat ass extreemst schnell gaangen“, seet d’CTSA-Direktesch. „Mir si vill méi visibel ginn an hunn och verschidde Missiounen ze erfëllen.“ Nieft dem allgemenge Wuesstum vun der Bevëlkerung kommen och vill Demandë vun Elteren, déi bis elo a Länner gewunnt hunn, wou guer keng oder keng gutt Beschoulung fir hiert Kand mat ASS ugebuede ginn ass. Eng ganz Rei vun dëse Famille ginn alles op a kommen op Lëtzebuerg an der Hoffnung, hirem Kand hei kënnen ze hëllefen an et op seng Zukunft virzebereeden.
An deene leschten dräi Joer huet de CTSA ëm déi 300 Demandë kritt. Dëst Schouljoer sinn 170 Schüler an der spezialiséierter Scolarisatioun ageschriwwen a weider 180 Schüler, déi vun engem ISA an de Grondschoule begleet ginn. Dobäi kommen nach eng Rei Schüler am Ausland, déi de Centre begleet, an och déi, déi sech am Homeschooling befannen, well se et als Jugendlecher iergendwann net méi gepackt hunn, an d’Schoul ze goen, well dat soziaalt Liewe fir si schwéier ze erdroen ass. Doniewent ënnerstëtzt de CTSA eng ganz Rei Professioneller a Form vun engem Conseil guidance an och Elteren a Form vun enger Guidance parentale.
„D’Diagnose ginn hautdesdaags dacks scho ganz fréi gestallt, wann d’Kanner am Precoce sinn. An déi, déi 18 bis 19 Joer hunn – am Alter fir den CTSA ze verloossen – kommen net ëmmer fort“, erkläert de Claude Frosio. Fir an d’Atelier-protégéen eranzekommen, ginn et och laang Waardelëschten. „Mir wëllen se net op d’Strooss setzen, dann hänken se bei eis fest. Uewe kennt näischt fort, ënne kennt vill bäi a vun der Mëtt gëtt gedréckt. Wann se uewen net fortkommen, dann hu mir och keng Plaz fir déi nei“, seet hien. „Lëtzebuerg ass à la base gutt opgestallt, wat d’Beschoulung vu Jonke mat ASS ugeet, mee mécht sech selwer zum Affer vu sengem Erfolleg.“
De Claude Frosio huet awer Hoffnung an och eng Léisung parat. Doduerch, datt et ëmmer méi Usus gëtt, Kanner mat ASS an normal Klassen ze integréieren, gëtt dat och fir d’Klassekomeroden a -komerodinne vu Klengem un zur Gewunnecht. Si wëssen och derno als erwuesse Persounen, datt Leit mat ASS zu eiser Gesellschaft gehéieren, well se deemools an hirer Klass oder an hirer Noperschaft mat hinnen a Kontakt komm sinn. Als Patron sinn se da vläicht méi oppen a gewëllt, eng Persoun mat Autismus-Spektrum-Stéierung anzestellen. „Déi selwecht Erfarung gëllt och fir déi, déi ganz uewen um Hiewel respektiv an der Politik sëtzen an déi dann och Saachen ännere kënnen“, erhofft hien sech, fir datt an eiser Gesellschaft iergendwann en Ëmdenke stattfënnt.
En Artikel vum Eric Rings
Fotoen: © CTSA