© natur & ëmwelt
35 Prozent vun der Lëtzebuerger Populatioun waren am Joer 2022 als Benevollen aktiv. Ronn 228.500 Leit am Land, déi der Etüd Nr. 10 09/2024 vum Statec no méi glécklech sinn, well laut de Befrote mécht et frou, sech fir anerer ze engagéieren. Mat dësen Zuele läit de Grand-Duché op Plaz 4 an Europa, wat de Benevolat ugeet, a kann houfreg op sech sinn. Virun allem am karitative Beräich, ma och a Sportsveräiner gëtt sech vill engagéiert. Déi, déi hir Fräizäit hierginn, fir a Veräiner an Organisatiounen ze hëllefen, sinn zwar oft schonn iwwer 60 – an der Pensioun huet een eeben Zäit –, ma direkt no dëser Grupp kënnt déi vun de Jonken, also deenen am Alter tëscht 16 a 25 Joer.
Beim Benevolat gëtt dobäi ënnerscheet tëscht deem, wat een op Däitsch géing „Ehrenamt“ nennen, also dem Engagement an der Fräizäit, wat net forcement op eng gewëssen Dauer fixéiert ass, mee oft oppe gestalt gëtt, jee no Verfügbarkeet, an dem sougenannte Fräiwëllegendéngscht, dee meeschtens iwwert en definéierten Zäitraum leeft, e fixe Kader huet a vollzäit ass. Zanter 2002 gëtt et zu Lëtzebuerg fir déi éischt Kategorie d’Agence du bénévolat, déi iwwert hir Websäit benevolat.lu säit 2022 eng Plattform fir vill verschidden Aktivitéiten a Missioune bitt. Ugangs Mee hunn hei Lëtzebuerger Veräiner, Organisatiounen, Agencen a Fondatioune fräiwëlleg Hänn fir iwwer 80 Missiounen gesicht. Wat se all gemeinsam hunn: Et engagéiert een sech mat senger Zäit, sengem Wëssen a Kënnen, an dat, well een et wëll, well fir d’Benevolat gëtt et keng Bezuelung.
Gesicht gi Leit, fir punktuell bei Eventer ze hëllefen – beim Op- an Ofbau, hannert dem Comptoir oder am Backstage –, a Veräiner als Sportstrainer oder, fir bei administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen, Kanner a Jugendlecher bei Aktivitéiten ze encadréieren, am Déierenasyl eng Hand mat unzepaken, eelere Leit bei digitale Froen ze hëllefen, an enger Hörbibliothéik Bicher an- a virzeliesen, krank Leit op hirem leschte Wee ze begleeden an, an, an. Wien also gär eppes géif bäidroen a gewëllt ass, sech ze engagéieren, dee gëtt schnell fündeg, well de Choix ass definitiv grouss. D’Plattform funktionéiert dobäi a béid Richtungen: Associatiounen, déi Fräiwëlleger sichen, kënnen hei hir Offere posten, an Interesséierter kënne mat geziilte Krittären no dem perfekten „Job“ fir sech sichen – a mat Job ass, wéi uewe scho betount, keng bezuelten Aarbecht gemengt.
Eng vun den Organisatiounen, déi och reegelméisseg no Benevolle sicht, ass natur&ëmwelt. Jee no Alter kënne Jonker sech an ënnerschiddleche Beräicher engagéieren, esou d’Claudine Felten, Directrice vun der ASBL: „Ënner 18 Joer ass dat just am Kader vun organiséierten Aktivitéiten, z. B. an eisem Jugendgrupp méiglech. Hei bidde mer flott Aktivitéite fir Jugendlecher un, fir d’Natur ze entdecken a sech zesummen ze engagéieren. Sou hate mer d’lescht Joer z. B. de Bioblëtz-Weekend, bei deem et drëm gaangen ass, sou vill verschidden Aarte vun Déieren, Planzen a Pilze wéi méiglech innerhalb vu 24 Stonnen ze entdecken.“
Och am „Beringungscamp“ fir d’Berénge vu Villercher oder bei der Moukewanderung ass Plaz fir jonk Benevollen, déi esou direkt am Déiereschutz eng Hand mat upaken. Fir Jonker iwwer 18 Joer, déi sech wëlle fir den Naturschutz organiséieren, huet natur&ëmwelt den Ament leider keng Aktivitéiten, mee, esou d’Directrice: „Mir brauchen awer ëmmer Hëllef op eise Stänn bei Fester, fir Kanneraktivitéiten, Memberswerbung oder einfach do, wou Nout um Mann oder un der Fra ass.“ Och bei de verschiddenen Aktivitéite vun de lokale Gruppe vum Veräin ass Ënnerstëtzung wëllkomm. Interesséierter kënnen sech gär iwwert de Kontaktformulaire um Site mellen.
Wien da lo eppes sicht, wat iwwert den Alldags-Benevolat zu Lëtzebuerg erausgeet, kann sech beim Service national de la jeunesse (SNJ) fir e Volontariat bei enger Organisatioun mellen. Iwwert de Site volontaires.lu fënnt ee vill verschidde Missiounen, dës sinn hei an dräi gedeelt: Op där enger Säit gëtt et de Service volontaire national, deen sech u 16- bis 30-Järeger riicht an, wéi den Numm et scho verréit, hei am Land ofgehale gëtt. De Service volontaire européen féiert dogéint och gären emol an d’Ausland, beschränkt sech awer weiderhin op Projeten um europäesche Kontinent, fir déi ee muss groussjäreg sinn. Déi lescht Kategorie, de Service volontaire de coopération, ass och fir jonk Erwuessener ab 18 geduecht, déi sech mat enger Organisatioun kënnen un engem Entwécklungsprojet am Ausland bedeelegen. 2024 waren hei insgesamt 23 Jonker am Asaz, déi an ee vun de Kooperatiouns-Partnerlänner vu Lëtzebuerg gereest sinn.
Bei der ONG Friendship Luxembourg hu Jonker d’Méiglechkeet, esouwuel lokal ewéi och am Bangladesch eng Hand mat unzepaken. D’Organisatioun existéiert zanter 2006 an ënnerstëtzt mat hirer Aarbecht d’Bevëlkerung am Bangladesch, sief et mat Donen a Manpower um Terrain ewéi och mat de Suen, déi duerch de Verkaf vu Kleeder am Buttek Friendship Colours of the Chars an der Stad an an engem vun de reegelméissege Pop-up-Storen erakommen. „Mir hu vill Jonker, déi eis an der Vente oder als Model hei zu Lëtzebuerg hëllefen. Dat ass eng flott Manéier, sech als Benevole ze engagéieren, well et éischter punktuell ass a fir jiddereen accessibel“, erkläert d’Eméralda Chupin vu Friendship Luxembourg.
Jonk Benevollen am Bangladesch hat d’ONG zanter Covid leider net méi, mee d’Optioun existéiert awer, fir d’Ekippen an d’Departementer vun der Organisatioun och a Südasien ze ënnerstëtzen: „Dëse Volontariat leeft dann iwwert den SNJ an huet och eng fixéiert Mindestdauer. Hei kann een net schonn ab 16 hëllefen, wéi et am Buttek de Fall ass, mee et brauch een e Bachelor, well ee sur place muss autonom kënnen agéieren, och wann een natierlech vun eise Leit encadréiert gëtt.“ De Volontariat wier eng flott Méiglechkeet, fir eng aner Approche vun der ONG-Aarbecht ze gesinn, well Friendship Bangladesh, wéi d’ONG sur place heescht, eng ONG vum Süden ass, spréch: Hei schaffe Leit aus dem Bangladesch an déi gi just vu Benevollen aus dem Ausland ënnerstëtzt, mee et si keng West-Europäer, déi sur place d’Projete leeden.
Déi eenzeg Contrainte bei esou engem Service volontaire: Den SNJ couvréiert just en Deel vun de Käschten, fir de Rescht mussen d’Benevolle selwer opkommen. „Eis Done si geduecht fir eis Projeten an net fir d’Käschte vum Benevolat, esou dass ee schonn eng gewësse finanziell Reserv muss matbréngen“, betount d’Esméralda Chupin. Et wéilt ee keen ofschrecken, ma et misst een awer transparent mam Theema ëmgoen, well just esou kann e Volontariat och funktionéieren. Ma egal, wéi a wou sech Jonker a jonk Erwuessener wëllen engagéieren, Engagement gëtt ëmmer gebraucht, well ouni Benevolle leeft näischt – weeder am lokale Sportsveräin nach bei der ONG am Ausland, esou vill ass sécher.
En Artikel vum Laura Tomassini