Den Erfolleg vun dëser éischter Veranstaltung huet d’Partner – d’Chambre des Métiers, d’Spuerkeess, d’Ministèrë fir Kultur a fir Wirtschaft an d’Stad Lëtzebuerg – zum Nodenke bruecht, a schnell gouf beschloss, dës Manifestatioun fest an de Kalenner vun den europäesche Kulturmanifestatiounen ze schreiwen an eng Biennale an d’Liewen ze ruffen.
Déi drëtt Editioun, déi opgrond vun der weltwäiter Pandemie huet musse vun 2020 op 2021 verréckelt ginn, sollt eng méiglechst breet Duerstellung vun deem bidden, wat d’Konschthandwierk haut ausmécht. E Mikrokosmos op der Kräizung vu Konscht an Handwierk, dee seng Vitalitéit a Modernitéit aus där stänneger Sich no Innovatioune schöpft.
Dat war de Motto, de Roude Fuedem vun der 2021er-Editioun. All de Konschthandwierkerinnen a Konschthandwierker aus dem Grand-Duché war et iwwerlooss, eis ëmmer erëm mat hirem Kënnen a mat hire Fäegkeeten, fir Materialie par rapport zu hirem natierlechen Zoustand ze veränneren an eis derno eng aner Welt ze weisen, ze erstaunen, eng Welt, déi duerch hir Konschtwierker definitiv méi schéi gëtt.
Vun der Keramik bis bei d’Glas, iwwer Skulpturen aus Stoft oder Wierker aus Bëton oder Kartrong bis bei d’Konschtschräinerei, d’Haute couture oder d’Gravur … ronn 70 Konschthandwierker aus deene Beräicher liewen an/oder schaffen zu Lëtzebuerg a bidden eis mat dëser Ausstellung fir eng gewëssen Zäit d’Méiglechkeet, fir eng Sammlung vun eenzegaartegen a wäertvolle Stécker ze entdecken an ze bewonneren. Erweidert gëtt d’Ausstellung duerch Konschtwierker vu ronn 30 Kënschtler aus den Nopeschlänner, der Belsch (Éieregaascht vum Joer 2021), Frankräich an Däitschland.
Dëst ass eng wonnerbar Aart a Weis, en Austausch oder esouguer eng Zesummenaarbecht tëschent Fachleit ze initiéieren an dem Publikum d’Handwierksberäicher, déi net oder net méi am Grand-Duché vertruede sinn, ewéi d’Kuerf- a Stréiflechterei oder d’Aarbecht mat Lack, ze presentéieren. Sou gi bei dësem eenzegaartegen Treffen, bei deem d’Materialie gefeiert ginn an net manner ewéi 40 Beruffer vertruede sinn, och vill Handwierksgeschécker gewisen, déi iwwer Generatioune verierft gi sinn an haut en Deel vun eisem kulturellen Ierwen duerstellen.
D’Vermëttele vu Wëssen an d’Ausbildung stinn am Joer 2021 ganz besonnesch am Vierdergrond. Gewise ginn Aarbechte vu Schüler aus véier groussen europäesche Konschtschoulen, d’La Cambre vu Bréissel, d’HEAR vu Stroossbuerg, d’Stoftsektioun vun der Héichschoul vun Tréier an d’ECAL vu Lausanne, déi glécklecherweis alleguer Produktionstatelieren zur Verfügung hunn. Eng gutt Méiglechkeet, fir all déi Interesséiert a virun allem déi Jonk fir eng zäitgeméiss Approche géintiwwer der Aarbecht an dem Ëmgang mam Material – oder vill méi de Materialien – ze sensibiliséieren a fir ze weisen, datt d’Handwierk op kee Fall dout ass, mee sech ëmmer erëm selwer nei erfënnt a sech op d’Erausfuerderunge vu muer preparéiert.
An enger Welt, déi sech an engem déifgräifende Wandel befënnt, ass et do net un der Zäit, d’Zukunft vum Konschthandwierk, am Grenzberäich tëschent Konscht an Handwierk, där jonker Generatioun unzevertrauen, déi – an do besteet keen Zweiwel – d’Traditioun an dat Modernt zesummebréngt an, wann néideg, och nei a modern Technologien integréiert?
Op bal 2.000 m² duerch d’Salonen an d’Galerië bitt d’Ausstellung e Parcours vu Kuriositéite matzen an der eleganter Architektur vum 19Liberté. D’Ausstellung bitt e ganz anere Bléck op déi ausgestallte Wierker, andeem se dës op eng bal intim Aart a Weis an engem immens klassesch gestalten Interieur, deen am leschte Joerhonnert entstanen ass, an Zeen setzt.
D’Biennale De Mains De Maîtres ass aus dem Zesummentreffe vun aussergewéinleche Wierker vun deene beschte Konschthandwierker mat engem historesche Gebai, dat duerch d’Geschéck vu méi ewéi 40 Handwierker, Zammerleit, Steemetzer, Daachdecker a Schräiner am Joer 2016 zu engem neie Liewen koum, entstan.
Wärend der ganzer Veranstaltung sinn Hostessen a Mediateuren op der Plaz, fir d’Publikum ze empfänken an de Libhaber, Sammler an Interesséierte Ried an Äntwert ze stoen. Dobäi soll de kënschtlereschen an didakteschen Usaz ëmmer am Gläichgewiicht bleiwen. D’Ausstellung bitt déi eenzegaarteg Geleeënheet, d’Konschthandwierk ze wierdegen an eng Vilfalt un traditionellen Handwierksberuffer, déi oft schonn an de Vergiess gerode sinn, ze entdecken.
Säit der zweeter Editioun am Joer 2018 kann een Deeler vun der Biennale De Mains De Maîtres och baussent de Mauere vum 19Liberté an de Muséeën an an de Konschtgalerien an der Stad entdecken. Méi ewéi eng Dosen Uerter ronderëm den neie Parcours vum Tram uechter d’Stad empfänken an dësem Joer d’Konschthandwierk an hire Raimlechkeeten. Esou vill Theemaen ewéi Uerter … De Casino Luxembourg konzentréiert sech op Design, wärend d’Villa Vauban e Parcours iwwer Keramik ubidd. Den MNHA bitt eng Auswiel u wäertvollen Objeten am Dialog mat der Sammlung vun dekorativer Konscht, wärend de City Museum d’Glas an de Vierdergrond stellt. De Foyer vum groussen Theater gëtt zu engem Gaart aus Skulpturen, am naturhistoresche Musée fënnt een e rätselhafte Steen an am Mudam entdeckt een, matzen am Rescht vu senger Ausstellung, e Konschtwierk, dat ee soss nach néierens gesinn huet. Net ze vergiessen ass och de Cercle Cité, deen eng aussergewéinlech Sammlung vu Konschtbijoue presentéiert, an de Festungsmusée, deen esou muncher Iwwerraschung fir eis parat huet … d’Ausstellung vum Portugisesche Kulturzentrum oder och dat ongewéinlecht Wierk, dat am Gaart vum Graace Hotel wiisst!
Ewéi all zwee Joer virdrun, gëtt och an dëse leschten Deeg vum November 2021 d’Konscht gefeiert an d’Talent vun de Männer a Fraen, déi dës Handwierker oprechterhalen, haart an däitlech matgedeelt. Déijéineg, déi ëmmer nach mengen, d’Konschthandwierk géing ausstierwen, sollen op Lëtzebuerg kommen, d’Materialie feieren an d’Energie vun engem Beräich, deen zwar a kenger Revolutioun, mee an enger konstanter Evolutioun ass, erliewen.
Bei dëser drëtter Biennale De Mains De Maîtres gouf et vill ze gesinn a vill ze erliewen, an dat wäert bei där véierter Editioun am Joer 2023 och net anescht sinn!
En Artikel vum Jean-Marc Dimanche
Dësen Artikel gëtt et och op Franséisch an en ass déi éischte Kéier an der Zeitung Ons Stad publizéiert ginn.