© retrouvailles-concept.lu

„Steet et al a vergammelt do, dann hunn d'Léit keen Interessi drun. Wann et awer renovéiert a mat Fangerspëtzegefill moderniséiert gouf, sinn d'Léit begeeschtert.“

Aus al gëtt nei a méi modern

Lëtzebuerg a seng Groussregioun bestiechen duerch eng grouss Unzuel vun alen Haiser a Bauerenhäff, déi fachmännesch restauréiert an deels moderniséiert goufen, an haut an neiem Glanz do stinn.

Wien haut mat der Iddi spillt, en aalt Haus ze kafen an ze renovéiere respektiv ze moderniséieren, huet ganz aner Suergen ewéi de Bauhär vun engem Neibau. Eng Hellewull vu Froen, en dichten Dschungel aus Oploen a Bestëmmungen, e Bierg un Offeren an déi intensiv Aufgab, all d’Handwierker um Chantier ze koordinéieren, dat dreift esou muncherengem de Schweess op d’Stier. An dann nach déi sëllegen Oploen an d’Leit vu Site et Monuments, déi engem, esou gëtt erzielt, bei allem, wat ee maache wëllt, op d’Féiss trëppelen! Datt esou Geschichten éischter bei d’Märercher gehéieren, erkläert eis de Jorge Simoes am Gespréich.

© retrouvailles-concept.lu

„En aalt Haus restauréieren ass wéi en alen Auto restauréieren. Et soll just dat eraus, wat wirklech net méi ze gebrauchen ass, net méi.“

 

De Jorge Simoes, geléierte Schräiner, huet sech viru bal 27 Joer selbstänneg gemaach. Als éischt 1995 mat „Retrouvailles“, enger handwierklecher Schräinerei, déi op Restauratioune spezialiséiert war, an duerno, am Joer 2008, mat „Retrouvailles Concept“, enger Partnerschaft vun haut méi ewéi 50 Betriber. Si all ‒ Schräiner, Architekten, Energieberoder, Daachdecker, Stuckateuren, Steemetzer an esouguer Historiker an Archeologen ‒ hu sech ënner engem Daach zesummegedoen a sech der fachmännescher Renovatioun vun ale Gebaier an Haiser verschriwwen. Alles ënner engem Daach an alles aus enger Hand.

Huet een en aalt Haus oder de Kaf dovun an Aussiicht, an et weess een net wou ee soll ufänken, kënnt de Jorge Simoes an d’Spill. „Scho bei der éischter Visitt vum Haus hunn ech ganz schnell e Konzept am Kapp. Ech beroden d’Leit dann“, erzielt hien. „En Haus renovéieren, awer am Respekt vun deenen ale Maueren, de Materialien an der Handwierkskonscht, déi drastécht, dat ass meng Passioun. Et muss een net mat Gewalt alles erausrappen an neimaachen.“ Grad al Maueren an Diere sollen erhale ginn, an et soll nëmmen do Hand ugeluecht ginn, wou et néideg ass. „Dat aalt Mauerwierk war deemools meeschtens besser ewéi dat, wat haut gebaut gëtt. Déi Maueren ootmen a suergen oft onbewosst fir d’Leit, fir en angeneemen a gesonde Klima am Haus. „D’Heizung an den Daach si meeschtens dat Wichtegst bei der Renovatioun vun engem alen Haus.“

All déi néideg Aarbechte ka Retrouvailles Concept am Zesummespill mat senge Partner erleedegen. Awer net nëmmen d’Aarbechten, déi ufalen, och dee vill gefaarte Pabeierkrich an d’Kommunikatioun mam Service des sites et monuments nationaux iwwerhëlt de Jorge Simoes mat senger Ekipp. Datt dëse Service awer guer net esou ass, ewéi sech erzielt gëtt, dat erkläert eis de Jorge Simoes dann och: „Sites et monuments leet engem keng Steng an de Wee, am Géigendeel. Dat Aalt erhalen, jo. Mee och d’Moderniséieren ënnerstëtzen si, an dat deels och mat kräftege Subsiden. De Mix tëschent al an nei muss einfach stëmmen.“

Awer net nëmme bei Privathaiser kommen d’Wëssen, d’Kënnen an d’Erfarung vum Jorge Simoes a senge Partner an den Asaz. Och bei e ganze Koup vun eise Buergen a Kierchen am Ländchen huet Retrouvailles Concept Hand ugeluecht. Hei kommen dann och d’Spezialiste vum Atelier Retrouvailles an den Asaz. Al hëlzen Diere ginn opgeschafft a restauréiert, an och d’Statue vun den Hellege gesinn duerno erëm aus ewéi nei.

E grousst Uleies vun all de Firmaen ënner dem Daach vu Retrouvailles ass d’Erhale vun historescher Bausubstanz an denkmalgeschützte Gebaier. Genee fir dësen Zweck gouf dann och 2013 d‘ASBL Sauvegarde du patrimoine gegrënnt. D’Zil vun dëser ASBL ass et, och al Handwierkskënscht, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn, ze erhalen.

All deenen, déi eist flott Ländchen an d’Groussregioun mat hire charmanten an historesche Gebaier interesséiert an déi nach méi iwwer dës wëlle gewuer ginn, sief d’Buchserie Momentum, déi mëttlerweil 3 Bänn ëmfaasst, un d’Häerz geluecht. Op ronn 150 Säite pro Band entdeckt ee méi ewéi nëmmen e Grappvoll mat Léift restauréiert Haiser, eng Hellewull vun Informatioune ronderëm Restauratioun an Denkmalschutz, historesch Bautechniken a vläicht och deen een oder aneren Eck an eisem Ländchen, deen engem bis haut nach net esou bekannt war.

E Besuch bei Retrouvailles zu Stadbriedemes lount sech jidderfalls, well och hiert Gebai huet esou muenches ze bidden. Niewent enger Ausstellung vun engem grousse Koup vu Materialie fir d’Renovatioun fënnt een hei och esou muencher restauréiert Stéck, ewéi déi beandrockend Holztrap matzen am Gebai, eng Konschtgalerie, awer virun allem e Fachwësse ronderëm al Bausubstanzen, dat een esou keng zweete Kéier méi an der Groussregioun fënnt.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.