Mir treffen d’Lou an den Darius an der Bäckerei Fischer zu Menster. Déi zwee si virun eis do an héich motivéiert. Allen zwee hu se en donkelbloe Kaputzepullover mam Logo vun der LSA un. Besonnesch opfälleg ass d’Récksäit, well een hei eng sëllegen ausserierdesch Liewewiesen a Pixelform entdeckt. D’Lou huet esouguer säin Astronautekostüm vum Parabolfluch derbäi – bal wär et spontan an dee geklommen, fir eis en houfreg ze presentéieren. Mir mierke séier, datt mer et hei mat zwee ganz engagéierte jonke Leit ze dinn hunn, déi hir Missioun als Weltraum-Ambassadrice*Ambassadeur eescht huelen. Hir Begeeschterung ass ustiechend a mir lauschtere gespaant no.
De Wee bis bei de Parabolfluch war kee kuerzen: D’Lou an den Darius hu missen insgesamt fënnef Etappen iwwerstoen, bis se endlech am Oktober 2025 konnten an de Fliger klammen. Beim Lou an der Schoul war et d’Direktioun, déi de Concours ugekënnegt hat; den Darius hat d’Informatioun vun engem Kolleeg kritt, deen et awer selwer net méi wäit wéi déi zweet Etapp gepackt hat. Ugefaangen huet alles mat engem CV. „Ronn 420 Jugendlecher am Alter vun 13 bis 18 Joer hu sech beworben“, esou den Darius. Fir déi zweet Etapp huet jidderee missen e Video maachen, an deem ee sech selwer a seng Motivatioun presentéiert huet. „Hei ass et natierlech dorëm gaangen, kreativ ze sinn an erauszestiechen“, verréit eis d’Lou. Dono stounge logesch Tester a Verständnisprüfungen um Programm. „Mir hate jeeweils eng Minutt pro Fro. Dat war schonn zimmlech stresseg“, erënnert sech den Darius.
Bei där drëtter Etapp, déi am Kader vun engem Event am Kinepolis an der Stad stattfonnt huet, waren et just nach ëm déi 100 Jugendlecher, déi iwwer deen nächste Schrëtt, de Sportstest, opgekläert gi sinn. D’Lou erkläert: „Eis Ausdauer ass gepréift ginn. Mir hu Wäitsprong a Reaktiounstester gemaach an och e Parcours mat verschiddenen Hürden. De Warm-up ass eis vun der Lëtzebuerger Liichtathleetin Patrizia van der Weken gewise ginn, déi bei Olympia derbäi war, an och de Sportsminister huet e puer Motivatiounswierder gesot.“ An där véierter Etapp hunn déi zwee*zwou Schüler*inne sech missen an engem Interview beweisen, deen an de Raimlechkeete vun der LSA stattfonnt huet. Am Gespréich ass et virun allem dorëms gaangen, hir Iddie virzestellen, déi se spéider als Weltraum-Ambassadrice*Ambassadeur wëlle realiséieren.
Bis bei déi lescht Etapp huet et nach ee Mount gedauert: Zwee Deeg virum „Asteroid Day“ goufen déi final Resultater ugekënnegt. Den Darius ass no der Schoul heemkomm an huet déi positiv Noriicht an enger E-Mail gelies: „Ech hu gejaut vu Freed, et war richteg cool.“ „Ech hunn net gejaut, mee ech war mega frou, endlech Bescheed ze wëssen. De Prozess huet sech jo iwwer Méint gezunn“, esou d’Lou. 13 Jonker haten et gepackt a konnten als Gewënner*innen um Parabolfluch deelhuelen. Zwee weiderer souzen op der Ersatzbänk a ware bereet anzesprangen. Den Darius verréit eis ganz houfreg: „Nëmmen eng Persoun op 800.000 huet d’Chance, esou ee besonnesche Fluch ze erliewen.“
D’Opreegung kuerz virum Fluch war bei de Lëtzebuerger Astronaut*innen natierlech grouss. Den Darius huet sech e puer Deeg virdru selwer a Quarantän gesat, fir net krank ze ginn, erzielt hien eis. Den Dag virum Fluch goufen déi Jonk aus Éisträich, Estland a Lëtzebuerg beim éischten Zesummentreffen an enger Stater Jugendherberg a véier Kategorien agedeelt, déi dono am Fliger och mat Netzer vunenee getrennt waren, fir méi kleng Gruppen ze hunn: Mound, Mars, Jupiter a Saturn.
„Den Dag vum Parabolfluch war alles streng am Zäitplang“, erënnert sech d’Lou. Dat war de 15. Oktober 2025. An der Jugendherberg huet jidderee säin Astronautekostüm ugedoen an nom Früstück goung et mam Bus direkt op de Flughafen, wou déi Jonk am ofgetrennte VIP-Beräich erausgelooss goufen. All Grupp huet vu sengem Instructeur lescht Uweisunge kritt, ënner anerem d’Erënnerung, d’Medikament géint Iwwelzegkeet anzehuelen. „Dat ass wichteg, fir datt ee sech beim Fluch net iwwergëtt“, erkläert den Darius.
Endlech am Fliger ukomm – et war e speziell fir d’Parabolflich ëmgebauten Airbus A321 vun der Gesellschaft Air Zero G aus Frankräich – hunn déi jonk Astronaut*innen zwou Stonne laang weider Instruktioune kritt, wärend d’Maschinn prett fir den Depart gemaach gouf. Uewe beim Oberweis, am private Beräich vum Fluchhafen, hunn hir Eltere gewaart, datt et sollt lassgoen.
„Et gëtt eng bestëmmte Plaz am Weste vu Frankräich, westlech vun der Bretagne iwwer dem Mier, wou een esou Parabolflich ka maachen“, seet d’Lou. Ganz hannen am Fliger war e Beräich mat normale Sëtzplazen, op déi déi jonk Astronaut*inne sech hu misste setzen an ustrécken, bis déi Plaz iwwer dem Mier erreecht war. Den Darius weist eis e Screenshot vum Fluchradar, wou een d’Schläif gesäit, déi de Fliger genee geflunn ass.
Fir de gewënschten Effekt vun der Schweerelosegkeet ze ereechen, huet de Pilot misse Welle fléien, de Fliger eropzéien an erëm erofloossen. „Dofir nennt een dat Parabolfluch“, erkläert d’Lou: „Dee Moment, wou de Fliger eropgaangen ass, do si mir an de Buedem gedréckt ginn, well mer ongeféier dat Duebelt vu eisem eegene Kierpergewiicht gespiert hunn. Aus dësem Grond hu mer eis missen op de Buedem leeën, fir datt den Impakt manner staark war. De Pilot huet matgedeelt, wéi vill Grad de Fliger grad klëmmt: 20, 30, 45 …“ „Bis de Pilot ‚Injection!‘ gejaut huet“, sou den Darius. Ganz uewen an der Parabol huet de Pilot d’Turbinnen ausgemaacht. „Dat ass dee Moment, wou een ufänkt mat schwiewen“, seet de Schüler. „Ouni datt een eppes gemaach huet, huet sech de Kierper vum Buedem ewech beweegt“, erkläert d’Lou. „Dat huet 22 Sekonne dauert. Den éischte Reflex war, datt ee probéiert huet, wéi an der Schwämm mat de Féiss ze wackelen, mee dat huet näischt bruecht“, sou d’Schülerin.
„Soubal de Pilot de Befeel ‚Feet on the ground‘ ginn huet, hu mer misse probéieren, eis Féiss Richtung Buedem ze dirigéieren“, erzielt den Darius. D’Instructeuren hunn dobäi gehollef, d’Kandidat*inne vum Plafond an déi richteg Direktioun ze zéien. „Soubal de Pilot d’Turbinnen erëm ugeheit huet, ass ee reegelrecht aus der Schweerelosegkeet erausgefall an d’Kierpergewiicht huet sech erëm verduebelt“, sou de Schüler. „Hei kann et mol virkommen, datt een zimmlech brutal op de Buedem fält oder widder een anere schléit.“ Sou war och den Darius eemol op engem anere Kandidat gelant.
De Fliger war ëmmer nach am „Sinkflug“, fir kuerz dono erëm géi eropzezéien. Mee virdrun huet de Pilot de Fliger stabiliséiert. Tëschent all Parabol ass d’Maschinn fënnef Minutte laang normal riichtausgeflunn. Dat Ganzt gouf 16 Mol widderholl. Dobäi hunn d’Schüler*inne verschidden Aarte vu Gravitatioun erlieft, wéi d’Lou eis matdeelt. Als éischt déi vum Mound, dono déi vum Mars a schliisslech de sougenannte ‚Zero G‘, also d’Schweerelosegkeet. „Dat hänkt vun der Gréisst vun der Parabol of, déi de Pilot flitt“, ergänzt den Darius.
„Am Ufank hunn ech mech ëmmer gefrot, op dee Fliger dat iwwerhaapt aushält. An et war komesch, eleng am Fliger ouni meng Elteren ze sëtzen an iwwer d’Bretagne ze fléien“, sou den Darius. „Mee wéi ech bis schweerelos war, do ass mir guer näischt méi duerch de Kapp gaangen. Do war ech komplett am Moment selwer.“ D’Lou füügt bäi: „Et ass wéi den Darius seet, et probéiert een einfach, de Moment wierklech ze genéissen, well et ass jo just ganz kuerz, d’Sekonne vergi séier. Zemools beim leschten hunn ech mech einfach goe gelooss, si geschwieft an hu probéiert, d’Erliefnes ze verënnerlechen, ze verhalen, fir datt ech d’Erënnerung ëmmer bei mer hunn.“
„Ech hu mir ëmmer erëm gesot ‚Ech schwiewe grad, ech schwiewe grad, et ass echt, et ass echt‘, fir et einfach ze verhalen, well et huet sech esou surreal ugefillt,“ seet den Darius mat engem Grinsen am Gesiicht. Mee net jiddereen huet dat esou positiv erlieft. Déi zwee*zwou Lëtzebuerger Schüler*inne berichten eis vun engem Meedchen an engem Jong, deenen et wärend dem Parabolfluch richteg schlecht ginn ass. Si hu missten op de Sëtzplazen duerhalen, bis de Fliger erëm sécher um Findel gelant ass.
Zeréck am Hangar goufen d’Schüler*inne vun hiren Elteren, enger Rëtsch Journalist*innen an dem Premier Luc Frieden empfaangen, déi um rouden Teppech op se gewaart hunn. „Munch Elteren haten eng Tréin an den Aen an e puer Mammen hu gekrasch“, erënnert sech den Darius: „Et huet ee sech e bësse wéi Helde gefillt.“ Fir d’éischt gouf et en Handschlag vum Premier, du koumen e puer Interviewe virun der Kamera vun RTL an an de Mikro vun Eldoradio an dono gouf op e grousse Buffet am VIP-Beräich agelueden. „Et huet ee sech e bësse wéi Celebrities gefillt“, straalt d’Lou.
Nom Parabolfluch ass et fir d’Lou an den Darius awer nach net eriwwer: Als een*eent vun de 15 Ambassadricen*Amabassadeuren hu si elo d’Missioun, aner Leit fir de Weltraum-Sujet ze begeeschteren a se och iwwer de Lëtzebuerger Space-Secteur opzeklären. „Mir wëlle bei nationalen Eventer derbäi sinn an dann natierlech eis Spart representéieren“, esou d’Lou, dat op den „Asteroid Day“ verweist, deen dëst Joer Enn Juni stattfënnt. Fir deen Dag sinn eng ganz Rëtsch Veranstaltunge ronderëm d’Erfuerschung vun dësen Himmelskierpere geplangt an déi zwee*zwou Schüler*inne wäerten hei och aktiv sinn. Den Darius erzielt vum landeswäite Projet „Space goes to School“, deen de Weltall mat der Hëllef vun Expert*inne soll an d’Lëtzebuerger Schoule bréngen. Hien huet dem Maud Marocki vun der LSA (Communication & Talent Development) eng Firma aus dem Weltraum-Secteur proposéiert a si huet dunn en Expert kontaktéiert, deen deemnächst e Virtrag am Lycée wäert halen.
D’Juliette Pertuy, déi bei der LSA „Head of Communication & Talent Development“ ass, weess, wéi wichteg et ass, datt d’Begeeschterung fir de Weltall-Sujet bei deene Jonken, hiren Elteren an dem Léierpersonal ukënnt: „Am Space-Secteur zu Lëtzebuerg gëtt et e gewëssene Mangel u Fachpersonal, dofir wëlle mir déi Jonk onbedéngt fréi fir dës Beruffssparte sensibiliséieren.“ Mam Lou a mam Darius ass et gelongen, zwee*zwou ganz engagéiert Weltraum-Botschafter*innen ze fannen. Eis hu se mat hirer Begeeschterung iwwerzeegt a mir wënschen hinne vill Erfolleg op hirem weidere Wee, dee se vläicht nach bis op de Mound oder doriwwer eraus ka féieren – schliisslech si si déi sougenannten Artemis-Generatioun.
En Artikel vum Heng Barone an Eric Rings