Schreif däin eegenen Text op Lëtzebuergesch oder produzéier e Video/Reel op Lëtzebuergesch an huel um KONTERBONT-Concours deel. Däin Text/Video/Reel ka spéider am Online-Magasinn verëffentlecht ginn.
👍 Theema: d'(a)sozial Medien 💬
D’sozial Medie spillen am Liewe vu ville Lëtzebuerger*innen eng essenziell Roll:
Deadline fir d’Artikelen/Videoen/Reels: bis den 20. November 2026
Bewäertung duerch de Jury: bis den 8. Dezember 2026
Verëffentlechung: bis den 18. Dezember 2026
👍 Präis 💬
150 € fir all Gewënner*in a Form vun enger Kaddoskaart fir den Ernster. Wa méi Persounen zesummen un engem Bäitrag schaffen, gëtt de Präis gedeelt.
Offiziell Verëffentlechung am KONTERBONT Online-Magasinn.
👍 Konditiounen 💬
Den Text/Video/Reel muss selwer geschriwwen/produzéiert sinn.
Den Text/Video/Reel däerf nach net verëffentlecht sinn.
Um Text/Video/Reel däerfe méi Persoune schaffen.
👍 Wéi maachen ech mat? 💬
Schéck däin Text als Word-Datei oder däi Video/Reel als Portrait-Format (Hochformat) a wéinstens Full-HD-Qualitéit (1080×1920) un: moien@konterbont.app.
Schreif däin Numm, Alter, deng Schoul a Kontaktadress dobäi.
👍 Rechter um Bäitrag 💬
D’Rechter vum Text/Video/Reel bleiwe bei den Auteur*innen.
De KONTERBONT kritt d’Recht, déi agereechten Texter/Videoen/Reels online ze verëffentlechen.