Äppeltäertercher mat Bliederdeeg

Ingredienten

Fir d’Täertercher:

• 10 ronn Scheiwe Bliederdeeg mat engem Duerchmiesser vun 10 bis 12 Zentimeter
• 12 Äppel (Granny Smith)

Fir de Pudding (Crème pâtissière):

• 500 Milliliter Mëllech
• 1 Gramm Vanill
• 4 Eegiel
• 100 Gramm Zocker (S2)
• 40 Gramm Puddingspolver

  1. D’Mëllech mat der Vanill zum Kache bréngen.
  2. Den Zocker an de Puddingspolver mëschen an déi 4 Eegiel derbäi ginn. Gutt mëschen!
  3. Déi waarm Mëllech no an no derbäi schëdden a mat engem Schnéibiesem gutt duerchmëschen.
  4. D’Mass erëm an d’Dëppen zeréckschëdden an opkachen. Dobäi ëmmer weider mam Schnéibiesem réieren!
  5. Déi kachend Mass op e Bakblech verdeelen a mat Plastik zoudecken. Am Frigo ofkille loossen.
  6. D’Äppel schielen, a véier schneiden, de Batz eraus huelen an dann an dënn Tranchë schneiden.
  7. Bakpabeier op e Bakblech leeën an déi zéng Biedem drop verdeelen.
  8. En décken Zoppeläffel voll Pudding an d’Mëtt vun all Buedem maachen.
  9. D’Scheiwe vun den Äppel am Rank ronderëm verdeelen an e klenge Rand fräi loossen.
  10. Den Deeg um Bord mat Eegiel bepinselen.
  11. De Blech mat den Täertercher fir ongeféier 20 Minutte bei 185 Grad an de Schäffche stellen

Déi kleng Taart op engem Dessertsteller mat enger Bull Vanillsglace presentéieren a mat Pudderzocker bestreeën.

E Fest fir Leif a Séil!

Gudden Appetit!

E Rezept vum Restaurant Brasserie K vun Huldang

www.krestaurant.lu

Äppeltäertercher mat Bliederdeeg

Rezept fir 10 Taarten

Ingredienten

Fir d’Täertercher:

10 ronn Scheiwe Bliederdeeg mat engem Duerchmiesser vun
10 bis 12 Zentimeter
12 Äppel (Granny Smith)
Fir de Pudding
(Crème pâtissière):
500 Milliliter Mëllech
1 Gramm Vanill
4 Eegiel
100 Gramm Zocker (S2)
40 Gramm Puddingspolver

D’Mëllech mat der Vanill zum Kache bréngen.
Den Zocker an de Puddingspolver mëschen an déi 4 Eegiel derbäi ginn. Gutt mëschen!
Déi waarm Mëllech no an no derbäi schëdden a mat engem Schnéibiesem gutt duerchmëschen.
D’Mass erëm an d’Dëppen zeréckschëdden an opkachen. Dobäi ëmmer weider mam Schnéibiesem réieren!
Déi kachend Mass op e Bakblech verdeelen a mat Plastik zoudecken. Am Frigo ofkille loossen.
D’Äppel schielen, a véier schneiden, de Batz eraus huelen an dann an dënn Tranchë schneiden.
Bakpabeier op e Bakblech leeën an déi zéng Biedem drop verdeelen.
En décken Zoppeläffel voll Pudding an d’Mëtt vun all Buedem maachen.
D’Scheiwe vun den Äppel am Rank ronderëm verdeelen an e klenge Rand fräi loossen.
Den Deeg um Bord mat Eegiel bepinselen.
De Blech mat den Täertercher fir ongeféier 20 Minutte bei 185 Grad an de Schäffche stellen.

Déi kleng Taart op engem Dessertsteller mat enger Bull Vanillsglace presentéieren a mat Pudderzocker bestreeën.

E Fest fir Leif a Séil!

Gudden Appetit!

E Rezept vum Restaurant Brasserie K vun Huldang

www.krestaurant.lu

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.