Dräi bis véier Joer an d’Zukunft katapultéiert

De Corona-Virus huet virun näischt Halt gemaach, och net virun den Diere vun den Entreprisen. Lëtzebuerg huet am Laf vum leschte Joer mussen Angscht hunn, datt seng Ekonomie quasi komplett wéinst der Pandemie zesummebrécht. Glécklecherweis ass dat net geschitt.

Entgéint de Prognose vum Hierscht 2020, déi vun engem viraussiichtleche Réckgang vun der Wirtschaftsleeschtung vun ëm déi 6,3 Prozent geschwat hunn, wësse mer haut, datt déi Hiobsbotschaft sech glécklecherweis als net richteg erausgestallt huet. Et ass wuel e Réckgang vun 1,3 Prozent vun de Wirtschaftsleeschtungen ze verzeechnen, mee dat läit wäit ënner deem, wat gefaart gi war.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Bei allem virsiichtegen Optimismus muss een awer och op d’Chômagezuele kucken. An déi stëmmen een éischter nodenklech. De Prozentsaz ass nämlech vu 5,4 op 6,4 geklomm. Domat läit d’Zuel vun den Aarbechtslosen hei zu Lëtzebuerg bei iwwer 20.000. A wat d’Staatsfinanzen ubelaangt, sou sinn déi an deene leschte Méint an de Keller gaang, dofir sinn d’Scholden awer geklomm.

Generell huet d’Pandemie all d’Wirtschaftssecteure getraff, eenzeler méi, anerer manner. Ënner deenen, déi et mat voller Wucht ze spiere kritt hunn, sinn den Horeca-Secteur, den Event-Beräich an och d’Reesgesellschaften, déi vun enger reegelrechter Katastroph schwätzen. Och wann si vum Staat ënner d’Äerm gegraff kréien, gesäit hir Zukunft nach laang net roseg aus. Ganz am Géigendeel.

Ça fait de la peine

Bleiwe mir kuerz beim Horeca-Secteur. „Ça fait de la peine de voir la salle vide, les lampes éteintes, les chaises sur les tables… Non?“, sou de Christophe Huber, Chef aus dem Restaurant Neptwone zu Colmer-Bierg. De Restaurant, an deem zu normalen Zäite Plaz fir 140 Leit ass, gesäit trouschtlos aus. „Deen éischte Lockdown hat eis scho béis getraff, esou béis, datt mer zwee Leit aus dem Service hu mussen entloossen. Dat war ganz haart, well meng Fra Azra an ech fleegen e frëndschaftlechen Ëmgang mam Personal. Beim zweete Lockdown hu mer gemengt, et misst no kuerzer Zäit erëm opgoen, mee elo … Vill Kolleegen hu schonn de Schlëssel ënner den Teppech musse leeën, well si et finanziell net méi gepackt hunn. Meng Fra an ech, als Bedreiwer vum Restaurant, hunn eng grouss Chance, an zwar déi, datt mir keng Schold hunn, soss misste mir warscheinlech och d’Bengele bei d’Tromm geheien.“

Vun deene siwe Mann Personal sinn der fënnef am Deelchômage; de Patron, seng Fra an zwee Salariéë schaffe weider, fir den Takeaway ze assuréieren. „Dat hëlleft eis e bëssen iwwer d’Ronnen, mee virun allem léisst et eis weiderschaffen.“

Nach schlëmmer wéi den Horeca-Beräich huet et den Eventsecteur erwëscht. Hei geet vun engem Akommesréckgang vu 70 bis 100 Prozent am leschte Joer rieds. Betraff sinn hei d’Organisateure vu Concerten, Cateringsfirmaen, Firmaen, déi Material verléinen, Bünentechniker asw. Déi eng oder aner Entreprise huet an der Tëschenzäit scho Raute gewénkt, sou zum Beispill den Traiteur Gourmang vun Esch. „An nëmmen e puer Woche goung et vun honnert erof op null, un e Weidermaache war net méi ze denken.“ Bis elo huet een an dësem Secteur warscheinlech eréischt d’Spëtzt vum Äisbierg gesinn – wat nach an deenen nächste Wochen a Méint geschitt, steet op engem ganz anere Blat.

Änlech gesäit et bei de Reesgesellschaften aus. Och do ass den Abroch vum Akommes immens staark ze spieren. D’Summer-, d’Joeresenn- an och d’Fuessaison ware katastrophal. Och an deem Secteur huet schonn deen een oder aneren opginn oder sech mussen no engem finanzstaarke Partner ëmkucken, fir net mussen de Schlëssel ënner den Teppech ze leeën. En anert Beispill, wéi ee kuerzfristeg eventuell kann d’Kéier kréien, ass d’Iddi vun enger Reesgesellschaft aus dem Oste vum Land. Déi Iddi heescht Webcamper a besteet doran, datt komplett organiséiert Reese mam Camper ugebuede ginn, wat dem Client natierlech méi Flexibilitéit gëtt, deemno wéi d’Situatioun sech bis de Summer ännert.

Alles an allem kann ee soen, datt déi Pandemie eis Wirtschaft dräi bis véier Joer an d’Zukunft katapultéiert huet. Déi eng Entreprisen hunn Iddien, déi se eigentlech fir spéider am Tirang wollte leie loossen, elo mussen an d’Realitéit ëmsetzen, anerer, deenen et scho virun der Pandemie schlecht gaang ass a fir déi awer am Mäerz 2020 nach e wéineg Hoffnung fir déi nächst Jore bestan huet, hunn hir Zukunft op déi eng oder aner Manéier elo schonn erlieft. Mat deene Resultater, déi mer an der Tëschenzäit kennen: Entloossunge vu Mataarbechter, Faillitten

Net nëmmen Negatives

Et gëtt awer och Positives ze berichten. Sou huet z. B. de Liewensmëttelberäich e bedeitenden Akommeszouwues an deene leschte Méint verzeechent. „Dat huet sécherlech domat ze dinn, datt d’Leit erëm méi doheem kachen, well d’Restaurante jo scho méintlaang zou sinn“, sou den André K., Gerant aus engem grousse Supermarché.

Verschidde Firmae konnte wéinst hirer schneller Reaktioun vun der Pandemie profitéieren, sou z. B. d’Entreprise Molecular Plasma Group vu Féiz, eigentlech e Produzent vun Industrieanlagen. Dës Startup huet e Verfaren entwéckelt, wéi een op stofte Masken eng antiviral Beschichtung kann dropmaachen, déi 99,9 Prozent vun de Viren an enger Zäit vun nëmmen e puer Minutte kann ofstierwe loossen.

Eng weider positiv Meldung koum virun e puer Méint vun Housen. D’Firma B Medical Systems, eng Entreprise, déi säit ville Joren a puncto Killsystemer weltwäit bekannt ass, huet vu sech schwätze gedoen, wéi si hir nei Apparater fir ultradéif Temperature vu bis zu minus 86 Grad Celsius virgestallt huet. Dës Apparater komme bei der Lagerung vun Impfstoffer a vu Labosprouwen an den Asaz. D’Commandë-Bicher waren a kuerzer Zäit voll.

Vergiesse mer och net déi medezinesch Masken, déi vun enger Duechtergesellschaft vum Grupp Hôpitaux Robert Schuman hiergestallt an iwwer Medlogistics verkaaft ginn.

Eng generell positiv Meldung betrëfft awer och d’Berodung vu potenzielle Clienten. A ville Secteuren hu sech Entreprisen an deene leschte Méint weesentlech verbessert, wat hir Berodung iwwer Internet ubelaangt.

Vläicht sollt een zum Schluss awer och nach den Homeoffice uschwätzen. Wat am Ufank vum leschte Joer nach keen Theema war, ass et awer elo ëmsou méi. Vill Betriber hu ganz séier dorop zeréckgegraff, an déi meescht vun hinnen hu gutt Erfarungen domat gemaach. „Et war an et ass eng gutt Méiglechkeet, e Betrib an Zäite vun der Pandemie um Lafen ze halen“, sou den Tenor vu verschiddenen Direkteren. Et huet sech och bewisen, datt den Homeoffice net nëmme Betriber kann um Lafen halen, mee och de Verkéier op eise Stroossen, well vill manner Autoen ënnerwee sinn.

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.