An der Lëtzebuerger Sportswelt:
Et kënnt ëmmer méi Beweegung an d’Spill

Säit méi wéi engem Joer schwieft de Coronavirus elo zu Lëtzebuerg. D’Pandemie huet nach weiderhin e groussen Afloss op den nationale Sport. D’Situatioun huet sech mëttlerweil awer a verschiddene Beräicher wéi dem Veräinssport an dem Schoulsport liicht verbessert. Mee et ass nach e laange Wee ze maachen, fir datt am Sport nees d’Realitéit ganz zeréckkënnt. Fir e méi konkreeten Iwwerbléck iwwer déi momentan Situatioun ze kréien, hu mer eis mam Sportsproff a Basketspiller Eric Kesseler ënnerhalen, deen eis seng Impressiounen aus deenen zwee Milieue matgedeelt huet.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Ëm de Schoulsport huet et ee Moment zu Lëtzebuerg ganz schlecht ausgesinn. Iwwer e puer Méint vum leschte Schouljoer gouf guer kee Sport an der Schoul praktizéiert. De Grond: D’Regierung huet et ab dem 13. Mäerz 2020 net méi erlaabt. Virun allem beim Fachpersonal war dës Noriicht am Ufank eng grouss Iwwerraschung. „Mir sinn do aus alle Wolleke gefall. Mir hate scho gehofft, datt mir awer op enger klenger Basis hätte kënne weiderschaffen. Dat war jo dunn awer net de Fall“, verréit den Eric Kesseler. Et war de Sportsproffen och net méiglech, en Homeschooling ze organiséieren, well et zu deem Zäitpunkt nach net gereegelt war, wéi een dës Leeschtungen doheem evaluéiere kéint.

Fir datt d’Schüler awer net komplett d’Motivatioun um Sport géife verléieren, hate sech da vill Sportsproffen op fräiwëlleger Basis eppes afale gelooss. Et goufen Online-Videoen a kleng Trainingsprogrammer erstallt, esou datt d’Schüler sech doheem wéinstens konnten a Form halen.

Mat der Rentrée vun dësem Schouljoer ass dunn awer Beweegung an den Dossier Schoulsport komm. Et dierften ënner bestëmmte Restriktiounen nees Coursen ofgehale ginn. „Et soll een awer virun allem Kontaktsportaarte vermeiden“, seet den 30 Joer ale Kesseler. Déi wiere just ënner der Konditioun erlaabt, datt een d’Schüler a Véierergruppen op engem klengen Terrain andeele kéint a si sech dann och net mat deenen anere Gruppe vermësche kéinten. Des Weidere muss permanent e Buff ugedoe ginn, wann de Mindestofstand vun zwee Meter net méi garantéiert ass oder wa Rassemblementer stattfannen. Zu gudder Lescht musse virum an nom Sport och nach d’Hänn gewäsch an desinfizéiert ginn.

Fir d’Sportsproffe bedeit dës Form vun Unterrecht schonn eng grouss Erausfuerderung, well et schwiereg ass, de Schüler e genee sou ofwiesslungsräiche Cours kënnen unzebidden, wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war. De Groussdeel vun den Unterrechtsstonne besteet momentan aus Badminton, Dëschtennis a Fitnesscoursen. Trotz allen Aschränkunge sinn d’Schüler mat voller Begeeschterung derbäi. „Jiddereen hält sech un d’Reegelen, well keen de Risiko agoe wëll, datt de Sport nees aus dem Schoulprogramm fléie kéint. Mee et mierkt een awer lues a lues eng gewëssen Onrou opkommen, well op verschiddene Klassen d’Schüler elo scho fir déi zweete Kéier déi nämmlecht Sportaarten ausübe mussen“, seet den Enseignant. Aus deem Grond ginn och nei Konzepter ausgeschafft, fir Sportaarte wéi Volleyball a Basketball och elo gläich an de Cours mat integréiert ze kréien.

Fir de Schüler eng méi grouss Variabilitéit kënnen ze offréieren, hu sech vill Sportsproffen derzou decidéiert, net nëmme Sport dobannen an der Hal ze maachen, mee – wéi och vum Educatiounsministère virgeschloe ginn ass – Aktivitéiten ënner fräiem Himmel ze organiséieren. Wann d’Wieder et erlaabt, ginn d’Schüler mam Mountainbike fueren, an de Bësch lafen oder maache Fitnesscoursen dobaussen. Dës Méiglechkeete si leider net fir all d’Schoulen ëmsetzbar. „Eng Schoul, déi matzen an der Stad läit, huet net den néidege Spillraum dofir“, verréit den Eric Kesseler. Trotzdeem kënnt dësen zousätzleche Choix bei de Schüler gutt un.

De Sport an der Schoul ass an dësen Zäite sou beléift, well et fir vill Jugendlecher déi eenzeg Optioun ass, fir iwwerhaapt sportlech aktiv kënnen ze sinn. Ausserschoulesch Sporteventer, déi soss vun der LASEL (Ligue des associations sportives estudiantines luxembourgeoises) organiséiert gi sinn, ginn an dësem Schouljoer net ugebueden. Viru knapp engem Joer huet den traditionelle Laf ronderëm den Iechternacher Séi wéinstens nach ënner enger virtueller Form stattfonnt. Insgesamt 485 Schüler an 101 Proffen hunn dorunner deelgeholl. Déi am Ganze 4.900 Kilometer si mat Screenshots vun de Participanten hirer Leeschtung dokumentéiert ginn. An dësem Kontext ass och gekuckt ginn, wien déi sportlechst Schoul aus dem Land wier. An engem méi klenge Kader gouf esouguer Notiz dovu geholl, wéi eng déi beschte Klassen aus dem jeeweilege Lycée waren. „Dat war ganz interessant, well sou ass d’Motivatioun vun de Schüler duerch d’Erausfuerderungen ugekuerbelt ginn“, seet de Sportsproff. Dat gesäit dëst Joer ganz aneschters aus. D’Aktivitéite vun der LASEL sinn an dësem Schouljoer wéinst Versécherungsgrënn komplett ofgesot ginn.

Am Veräinssport gesäit d’Situatioun fir déi Jugendlech änlech aus. Fir déi jonk Sportbegeeschtert fale momentan esouwuel den Training wéi och d’Kompetitioun an d’Waasser. Bei den Erwuessenen huet sech d’Lag an der Tëschenzäit liicht verbessert. Nodeems d’Saisonen an all Sportaarten Enn Oktober 2020 ënnerbrach gi sinn, goufe Verschiddener véier Méint méi spéit nees opgeholl. Am Handball wéi och am Basketball, am Fussball an am Volleyball sinn d’Championnater ënner strengste sanitäre Moossnamen a geännerte Spillmodussen nees un d’Rulle komm. D’Mesurë gëllen awer just fir dës Ekippesportaarten, well an den Eenzeldisziplinne leeft weiderhin näischt op Kompetitiounsniveau. Just déi lëtzebuergesch Elittesportler aus dësen Disziplinne kënne momentan hir Form bei sportleche Veranstaltungen testen.

Datt an den ieweschten Divisioune vun der Axa League, der Total League, der BGL League an der Novotel League de Spillbetrib nees konnt opgeholl ginn, ass virun allem de Schnelltester ze verdanken. „D’Schnelltester si schonn eng gutt Saach. Et geet relativ séier an et huet ee schonn no 15 Minutte säi Resultat. Et ass och déi eenzeg Méiglechkeet, datt mir iwwerhaapt momentan spille kënnen“, seet den Eric, dee fir den aktuelle Champion Basket Esch spillt. Fir nees no enger laanger Auszäit déi néideg Motivatioun zeréckzefannen an nees a Form ze kommen, war alles anescht wéi selbstverständlech. „Virun allem fir de Kierper war sou eng laang Ënnerbriechung net einfach. Um Training huet een am Ufank schéi gelidden. Mee et mécht awer nees Spaass, datt een erëm géint aner Ekippen untriede kann“, seet de Spillmécher vum Escher Basketballsveräin.

Wat natierlech feelt, sinn d’Zuschauer, déi fir Stëmmung op den Tribüne suergen. Et si keng Spectateure bei de Matcher zougelooss. „Ouni Fans ass et natierlech net dat selwecht. Mee mir Spiller sinn dankbar dofir, datt mir iwwerhaapt spille kënnen“, erkläert de Basketballspiller. Fir datt d’Zuschauer awer net komplett an de Vergiess geroden, hu sech vill Veräiner an och d’Federatioune vun de jeeweilege Sportaarten eppes afale gelooss. No der Relance hate sech eng Partie Clibb aus den ieweschten Divisiounen d’Méi gemaach, d’Matcher vun hiren Ekippen op Facebook-Live oder op youtube ze streamen. Verschidde Memberen aus de Veräiner hunn esouguer hiert Talent als Sportmoderator ënner Beweis gestallt, andeem si mat flotten a fachspezifesche Kommentaren hir Zuschauer bei Laun gehalen hunn. Neierdéngs huet RTL och iwwerall Kameraen an den Halen installéiert, esou datt d’Leit d’Partië vun dëse véier Ekippesportaarte via Livestream matverfollege kënnen. Den Zuschauer kann hei, sou wéi bei enger Konferenzschaltung, tëschent deenen eenzele Matcher hin an hier sprangen.

Et sinn awer och d’Veräiner selwer, déi sech wärend der Zäit vun der Pandemie scho vill innovativ Iddien afale gelooss hunn, fir net den Drot zu hire Supportere ganz ze verléieren. Sou gouf beim T71 Diddeleng zum Beispill schonn en digitalen Apero mat hire Fans an d’Liewe geruff, eng Diskussiounsronn organiséiert an e virtuellen Adventskalenner erstallt, wou sech d’Spiller an d’Spillerinnen aus dem Veräin mat enger perséinlecher Widmung un hir Unhänger gewant hunn. Viru kuerzem hu si d’Campagne „de Fan vun der Woch“ gestart, wou d’Supporteren d’Méiglechkeet hunn, andeems si eng Foto vu sech eraschécken, datt hiert Gesiicht spéiderhin op eng grouss Kartrongsfigur gepecht gëtt, déi da wärend den Heemmatcher op den Tribünen ze fannen ass. D’Lëtzebuerger Handball-Federatioun (FLH) hat en änlechen Opruff gemaach, wou d’Leit eng Foto vu sech konnten eraschécken, déi an den Auszäite bei de Lännermatcher vun der Lëtzebuerger Nationalekipp bei den Damme gewise gouf.

Aner Clibb verwinnen hir Fangemeinschaft mat kulinareschen Offeren. Sou bitt de Fussballsveräin Jeunesse Esch eng „Grenzbox“ un, wou niewent engem Haaptplat an engem Gedrénks och nach e Fanartikel an de Pak derbäigeluecht gëtt. De Basketveräin vun der Etzella Ettelbréck geet en änleche Wee, andeem en a reegelméissegen Ofstänn mol hausgemaachte Kichelcher, Ierzebulli, déck Nëss an aner Leckereien offréiert. Beim Badmintonveräin Kayldall konnten d’Membere sech fir d’Ouschterdeeg selwergefierften Eeër ergatteren. Wéi ee gesäit: Et ware vill gutt Iddien derbäi. Mee eigentlech wënscht sech wuel all Sportbegeeschterten, sief dat elo e Member aus engem Club, e Supporter, e Spiller vun engem Veräin oder einfach nëmmen e Jugendlechen an der Schoul, datt gläich nees an der Lëtzebuerger Sportswelt de bekannten Alldag erëmkënnt. Hoffentlech wäert dat elo gläich nees de Fall sinn.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.