Lëtzebuerg zielt de Moment 513 vum Presserot unerkannte Beruffsjournalisten. An deem kuerze Saz leien d’Wierder Journalist a Press dran, ëm déi et an dësem Artikel haaptsächlech geet. Als Journalist mat iwwer 30 Joer Beruffserfarung, als laangjärege President an och Generalsekretär esouwuel vum Presserot wéi och vum Journalisteverband erlaben ech mer haut, déi zwou genannten Institutiounen aus menger Siicht virzestellen.
Nodeems ech schonn 7 Joer als fräie Korrespondent fir d’Dageszeitung Tageblatt geschriwwen hat, sinn ech mat 33 Joer Member a spéiderhi Chef vun der Lokalredaktioun vun där Zeitung ginn, fir déi ech nach haut am Asaz sinn. De Lokaljournalismus war vum éischten Dag un mäi groussen Dada, well ech de Kontakt mat menge Matbierger net gescheit hunn an ëmmer een oppent Ouer fir hir Problemer a Problemercher hat.
À propos oppent Ouer: Dat huet mech och dozou bruecht, mech direkt an deem gréissten an eelste Journalisteverband, der ALJ (Association luxembourgeoise des journalistes) ze engagéieren. Dëse Verband war 1925 gegrënnt ginn an hat als éischte President keen anere wéi de beschtens bekannte Batty Weber. D’ALJ war an ass och nach haut Grënnungsmember vun der internationaler an och europäescher Journalistefederatioun. Dat huet ënner anerem dozou gefouert, datt déi Lëtzebuerger Journalisten och konnten iwwer d’ALJ déi international Pressekaart ufroen, déi weltwäit unerkannt ass.
Aus reng perséinleche Grënn ass et Mëtt der 1970er-Joren zu engem Splitting komm. D’Journalisten aus dem Grupp St-Paul (Lëtzebuerger Wort, Télécran asw.) hu sech vum Rescht ofgekapselt an hunn hiren eegene Veräin, d’UJL (Union des journalistes Luxembourg) gegrënnt. An de follgende Joren koum et zu engem reegelrechten an der Ëffentlechkeet ausgedroene Klengkrich tëschent deenen zwou Associatiounen. Eréischt Enn der 1980er-Joren koum et zu engem Waffestëllstand.
Ufank 1990 koum et zu éischten Entloossunge vu Journalisten, wat mech deemools dozou bruecht huet, mech fir de Journalismus allgemeng a fir d’Journalistekolleegen anzesetzen. E wichtegen Moment war d’Ënnerstëtzung vun den zwee Journalistekolleegen Josy Braun (Tageblatt) a Marc Thoma (RTL) an enger Affär déi an der Ëffentlechkeet als Fierschteraffär bekannt gouf. Wéinst Aussoen iwwer méiglech Korruptioun an de Reien vun de Fierschter haten iwwer 50 vun hinne Plainte géint déi zwee genannte Journalisten agereecht. De Journalisteverband hat deemools esouguer en Opruff gemaach, fir Geld ze sammelen, fir d’Affekotskäschten fir déi zwee Journalisten kënnen ze bezuelen. Och haut gëtt et nach ëmmer e Solidaritéitsfong am Journalisteverband, deen et erméiglecht, Journalistekolleege bei juristesche Froen an Onkäschten, déi doduerch entstinn, ze ënnerstëtzen.
E weidert Haaptzil war fir mech, déi dräi Journalisteverbänn, déi an der Tëschenzäit entstane waren, erëm zesummen ze bréngen. Dräi Versich, d’ALJ, d’UJL an och den SJ-L (Syndicat des journalistes luxembourgeois) un een Dësch ze kréien, sinn tëschent 2004 an 2006 gescheitert. Opginn war fir mech awer keng Optioun, an esou hunn ech et 2010 an 2013 nach eng Kéier probéiert. Dës Kéier sollt et geléngen, an e Joer drop hunn déi dräi Verbänn ënner dem Numm ALJP (Association luxembourgeoise des journalistes professionnels) fusionéiert. Endlech!
Wéi wichteg esou eng Beruffsvereenegung ass, weist sech net méi spéit wéi elo an deene leschte Wochen a Méint. Massiv Entloossunge beim Lëtzebuerger Wort a beim Journal – fir nëmmen déi zwee Fäll ze nennen – hunn derfir gesuergt, datt vill Journalisten d’ALJP ëm Hëllef gefrot hunn.
Als President vun der ALJ war et mir awer och e grousst Uleies, d’Aarbecht vun de Journalisten an der Press am Allgemengen de jonke Leit an de Schoulen méi no ze bréngen. Op dësem Wee si Projeten entstan, wéi zum Beispill „Presse à l’école“, „Semaine de la presse“ oder och nach de „Concours jeune journaliste“, all Kéier an enker Zesummenaarbecht mat dem Lëtzebuerger Presserot.
Dobäi wiere mer elo beim Lëtzebuerger Presserot, deen eréischt 1979 gegrënnt gouf. Den 20. Dezember vun deem Joer ass d‘„Loi relative à la reconnaissance et à la protection du titre professionnel de journaliste“ an der Chamber guttgeheescht ginn. E Gesetz, dat d‘Ënnerschrëfte vum deemolegen CSV-Premierminister Pierre Werner an dem liberale Justizminister Gaston Thorn gedroen huet.
D’Schafung vu Presseréit fir d’Autoregulatioun vun der Press geet zeréck bis an d’Joer 1916. Deemools gouf de schwedesche Presserot gegrënnt. Dës Iddi ass 1927 vu Finnland an e Joer méi spéit vu Norwegen iwwerholl ginn. Eréischt 1947 ass d’Konzept vum „General Council of the press“ an England an d’Realitéit ëmgesat ginn. Weider Presseréit ginn et säit 1956 an Däitschland, säit 1961 an Éisträich a säit 1968 an Holland. Haut ziele mer weltwäit ronn 40 Presseréit, dovun d’Hallschent an Europa.
Zeréck op Lëtzebuerg: E wichtege Moment gouf et 2006 wéi d’Pressegesetz reforméiert ginn, an de Quelleschutz fir Journalisten a Kraaft getrueden ass. Am Géigenzuch huet de Presserot awer missten een Ethikcode fir d’Lëtzebuerger Press ausschaffen.
Haut setzt sech d’Vollversammlung vum Presserot aus 15 Journalisten a 15 Editeuren zesummen, déi all zwee Joer nei gewielt an da vum Grand-Duc nominéiert ginn. D’Féierungsposte wiesselen all zwee Joer tëschent deenen zwou genannte Gruppéierungen. Als een, deen sech aktiv wollt fir de Journalisteberuff asetzen, hunn ech 1995 niewent menger Aarbecht an der Redaktioun an am Journalisteverband och gläich meng Kandidatur fir de Presserot gestallt, wou ech an de follgende Joren zweemol de Posten vum Caissier, zweemol dee vum President a wärend dräi Mandatsperioden (vu jeeweils 2 Joer) de Posten vum Generalsekretär bekleet hunn.
Beim paritéitesch zesummegesatene Presserot handelt et sech ëm dat héchste Gremium fir d’Lëtzebuerger Press. D’Aufgabe vum Presserot sinn ënner anerem d’Selbstregulatioun vun der gesamter Lëtzebuerger Press, d’Ausstellen vun den offizielle Pressekaarten (dofir ass eng speziell Kommissioun agesat ginn), d’Formatioun vun de jonke Journalisten (all Joer ginn obligatoresch Coursen organiséiert), Weiderbildung, Kontroll a punkto Beruffsethik (heifir goufen de Code de déontologie erstallt an eng Commission des plaintes an d’Liewe geruff), asw.
Als Member vun der Formatiounskommissioun an och vun der Plaintekommissioun muss ech haut feststellen, datt am Zäitalter vu Social Media a vun der digitaler Press an ënner dem immensen Zäitdrock, deen dat mat sech bréngt, ëmmer méi Journalisten d’Beruffsethik net méi eescht genuch (kënnen oder wëllen) huelen, wat d’Zuel vun de Plainten, déi vu Betraffene géint Journaliste beim Presserot agereecht ginn, an och vu Prozesser viru Geriicht an d’Luucht dreift.
Sou huet d‘ALJP an och de Presserot weiderhin eng wichteg Roll ze spillen. Hir Aufgabeberäicher sinn an deene leschte Méint a Joren net méi kleng, mee ganz am Géigendeel, vill méi grouss ginn.
En Artikel vum Roger Infalt