Am Asaz fir Mënsche mat Behënnerung

Info-Handicap (IHA) ass zanter méi ewéi 27 Joer net méi aus der Zivilgesellschaft vu Lëtzebuerg ewechzedenken. An all dëse Joren huet Info-Handicap vill Asaz a Lobby-Aarbecht zu Gonschte vu Mënsche mat Behënnerungen zu Lëtzebuerg an an Europa gewisen.

Info-Handicap ass an 2 grouss Beräicher agedeelt: de Service Info-Handicap an de Conseil national des personnes handicapées.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

De Service Info-Handicap, ënner der Leedung vum Olivier Grüneisen an der Verwaltung vum Conseil d’administration vun der ASBL, ass de Kontakt fir all Är Froen a Problemer am Beräich vum Handicap. Als Informatiounsplattform ass et dem Service IHA séng éischt Aufgab, all d’Informatiounen aus dem Beräich vum Handicap ze sammelen an accessibel ze maachen, sou datt jiddereen déi aktuell an zouverlässeg Informatioune ka fannen a kompetent Äntwerten op seng Froe kritt. An deem Sënn gouf eng Cellule de Communication opgebaut. Si bereet d’Informatiounen op an diffuséiert se um Internet, a Broschüren an als Filmer oder Audiofichieren, fir se esou engem breede Publikum zougänglech ze maachen. D’Sensibiliséierung vu méiglechst ville Leit ass e wichtege Bestanddeel vum Wee an eng inklusiv Gesellschaft. All Joer komme per Telefon a Mail vill Ufroen eran, wou et ëm ganz konkreet Problemer aus dem Alldag vu Mënsche mat spezifesche Besoine geet. Ëm vill vun dësen Ufroe këmmert sech de Service juridique vun Info-Handicap. Hei ginn d’Ufroe gesammelt an ënnersicht, et gëtt op kompetente Plazen no weideren Informatiounen iwwer d’Dossiere gefrot a mat de Concernéierte gekuckt, wéi se solle weider virgoen. Dësen Deel vun der Aarbecht vun Info-Handicap léisst erkennen, ob et a verschiddene Beräicher e generelle Problem gëtt a wou méi genee muss nogekuckt ginn, fir Léisungen ze sichen an ze proposéieren.

Weider Aufgabe vun IHA sinn d’Accessibilitéit an d’Formatioun. De Label EureWelcome kënne Restauranten, Commercen, ëffentlech Sitten asw. ufroen, fir esou no bausse visibel ze maachen, datt si gewëssen Accessibilitéitskrittären erfëllen. Um Site Eurewelcome.lu an an der App kann ee sech iwwer d’Etablissementer mat dësem Label informéieren a sech drop verloossen, datt een als Mënsch mat Behënnerung a mat spezifesche Besoinen do gutt opgehuewen ass. Eng Facette vun der Accessibilitéit, niewent der Sensibiliséierung, ass d’Formatioun. IHA bitt eng ganz Rei vu Formatiounen un, fir datt ee ka léieren, mat der Thematik vum Handicap och an der Praxis ëmzegoen. Sou forméiert IHA all Joer eng Partie vun de Buschauffere vun der Stad Lëtzebuerg, fir hiren Ëmgang mat Mënsche mat Behënnerung ze verbesseren. Et geet net duer, accessibel Bussen ze hunn, d’Chauffere mussen den Ëmgang mam Material léieren an och wéi se mat verschiddene spezifesche Besoine kënne kompetent ëmgoen.

Info-Handicap bitt also eng ganz Panoplie vu Servicer an Hëllefen un. Mee et gëtt och Saachen, déi net esou einfach kënne geléist ginn. Do ass heiansdo laangen Otem gefrot an den Aktiounsradius ass éischter um politeschen Niveau ze gesinn. Do kënnt dann d’Funktioun vum Conseil national des personnes handicapées (CNDPH) an d’Spill. Dësen ass a reegelméissegem Kontakt mat de verschiddene Ministèren, fir am Dialog mat der Politik Léisungen an deenen Dossieren ze sichen, wou déi aktuell Reegelungen éischter eng Barriär sinn. Dëst heescht vill Hin an Hier vun Argumenter, Erklärungen a Léisungsvirschléi, fir an engem Dossier virunzekommen. Ee vun den aktuellen Dossieren ass zum Beispill den Adapto. Vill Reuniounen, Echangen a Bréiwer si scho gemaach ginn an dëser Thematik, a si wäert Info-Handicap och an Zukunft nach beschäftegen. An esou gëtt et eng Rei vun Dossieren, bei deenen de CNDPH ëmmer erëm gefuerdert ass, fir sech fir d’Rechter vun de Mënsche mat Behënnerungen anzesetzen.

Villes gouf scho geleescht a villes bleift nach ze leeschten.

En Artikel vum Patrick De Rond

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.