Datt fossil Brennstoffer net onendlech fir d‘Mënschheet zur Verfügung stinn, ass gewosst an CO2-Emissiounen wéi och de Feinstaub sinn en aktuellt Thema. Grad bei Neibauten oder gréissere Renovatiounen trëfft een op d‘Thema alternativ Energiequellen amplaz vu Mazout oder Gas. Ausserdeem gëtt de gréissten Deel vun Ueleg a Gas importéiert an zwéngt eis zu enger Ofhängegkeet. Mee wat fir Méiglechkeeten ginn et a wéi funktionéieren se? Op déi Fro gi mir an a suerge fir méi Kloerheet.
D‘Sonn ass e wesentlecht Element an der Entwécklung vum Liewen, dat hu scho vill Zivilisatioune virun eis festgestallt. Als alternativ Energiequell kann een et net bezeechnen, mee éischter als Zousaz. Als Energiequell kënnt d’Sonn bei der Photovoltaik an dem Sonnekollektor zum Asaz.
D‘Rifkin-Strategie mécht d‘Photovoltaik respektiv Solarenergie erëm zum aktuellen Theema zu Lëtzebuerg. De Consumer gëtt zum Prosumer, also gläichzäiteg Produzent an Konsument. Bis elo gëtt de gewonnene Stroum integral un de globale Reseau verkaf a steet dem Produzent selwer net méi zur Verfügung.
De Grondstee gouf 1876 duerch de William Grylls Adams geluecht, dee festgestallt huet, datt d‘Element Selen Stroum produzéiert, wann een et der Luucht aussetzt. Haut besteet eng Photovoltaikanlag aus Solarzellen, déi aus Silizium bestinn. Virdeel vu Silizium ass, datt en aus Quarz (‑Sand) gewonn gëtt, wat bal an onlimitéierter Quantitéit an der Natur virkënnt. D‘Zelle sinn op deenen zwou Säite mat Kontakter versinn, fir de Stroum kënnen ofzeginn.
Wien an der Vakanz op der Plage läit, weess, datt d‘Sonn och gutt kann hëtzen. E schwaarzen T-Shirt gëtt vun der Sonnenenergie och méi opgehëtzt wéi e wäissen. Genee dee Prinzip gëtt beim Sonnekollektor genotzt, fir Waasser ze wiermen. Däischter Stoffer absorbéiere Sonnenenergie, während heller éischter reflektéieren. Pompele mir elo kaalt Waasser duerch e Kreeslaf, dee vun deene Prinzippie profitéiert, kréie mir opgehëtztent Waasser, ouni direkt Emissiounen ze verursaachen. Als Ergänzung zur existéierender Heizung amortiséiert sech e Sonnekollektor schonn no zwee bis zwielef Méint.
E Frigo mat ëmgedréitem Prinzip, esou gëtt se och gär genannt, well genee esou funktionéiert eng Wärmepompel. Mee wéi genee? Onofhängeg vum Opbau benotzt se d‘Hëtzt aus der Baussewelt, hieft den Temperaturniveau an d‘Luucht a mécht se esou fir d‘Heizung brauchbar. Mir ënnerscheeden tëschent der Aerothermie (Loft), Geothermie (Buedem) an der Hydrothermie (Waasser), déi als Temperaturquell genotzt kënne ginn. Sënnvollen Asaz ass virun allem Flächenheizungen, wéi Buedem– oder Mauerheizung, déi eng niddereg Virlaftemperatur (déi Temperatur, déi an den Heizkierper fléisst) brauchen. Dës läit bei maximal 40° Celsius. Déi gewielten Temperaturquell sollt, fir eng optimal Leeschtung ze erzilen, gläichméisseg an héich sinn. An eiser Géigend kënnt do meeschtens Geothermie zum Asaz, well de Buedem ab enger Déift vun iwwer engem Meter eng konstant Temperatur d‘ganzt Joer iwwer huet. Dës Heiztechnik setzt allerdéngs e gudden Energiedämmwäert vum Haus viraus an entspriechend Heizkierperen, déi mat där méi niddereger Temperatur eens ginn.
E speziellt flëssegt Killmëttel befënnt sech am Verdampfer. Dëst verdämpt scho bei nidderegen Temperaturen, déi duerch d‘Temperaturquell (Aero-, Geo- oder Hydrothermie) erreecht gëtt. Dat Killmëttel a Form vu Gas stréimt an de Kompresser, wou et verdicht gëtt. Mam Drock klëmmt och d‘Temperatur. D‘Killmëttel kënnt an de Verflësseger, gëtt Temperatur un den Heizungsystem of a gëtt erëm flësseg. Dono fléisst et duerch d‘Expansiounsventil zeréck an de Verdampfer a léisst am Drock of.
Fir Holzpellets hierzestellen, gëtt den Offall, dee beim Verschaffe vun Holz entsteet, gepresst. Holzpellets si méi kleng wéi 25 Millimeter, esou d‘Definitioun. D‘Pellets kommen an de Brenner an hëtzen de Kessel op, genee esou wéi bei enger Ueleg- oder Gasheizung. Grad an ale Gebaier, déi iwwer eng schlecht Dämmung verfügen, kann d‘Pelletheizung eng flott Alternativ sinn. Si suergt net nëmme fir waarm Raim, mee och fir waarmt Waasser. Duerch de méi héijen Heizwäert am Verglach zu Ueleg oder Gas kann een seng Energiekäschte laangfristeg reduzéieren.
Falls an Ärer Gemeng en (Fern-)Wärmenetz existéiert, wier dat och eng flott Alternativ. Onofhängeg wéi d‘Hëtzt gewonn gëtt, sief et iwwer Reschthëtzt aus der Industrie oder d‘Verbrennen vu Biomass oder Dreck, liwwert e Fernwärmenetz d‘Hëtzt direkt an d‘Haus. D‘Virdeeler leien op der Hand: Et ass keng Chaudière a kee Kamäin noutwendeg, well d‘waarmt Waasser direkt an d‘Haus erafléisst. E Wärmetauscher hëlt d‘Temperatur vum Netz op a gëtt se un Heizkierperen oder un d‘Waasser of, esou datt een och waarm dusche kann.
Interessant ze wëssen ass, datt een alleguer déi hei genannten Heiztechniken och ënnerenaner kombinéiere kann. Fir Heizkäschten ze spueren, kann een zum Beispill eng Wärmepompelheizung mat engem Sonnekollektor erweideren. Méi Informatioune fënnt een op klima-agence.lu.