Senger Leidenschaft geet de Pit Vinandy schonn eng ganz laang Zäit no. Schonn als klenge Bouf war hien e grousse Fan dervun, sengem Public e Laache mat sengem Poppespill an d’Gesiicht ze zauberen. „Als Kand hat ech mir e klenge Kasperletheater am Keller opgebaut. Do hunn ech e puer aler Lëtzebuerger Centimë vu mengen Nopere gefrot, datt si kucke konnte kommen. Et huet mir deemools schonn immens vill Spaass gemaach“, erënnert de Pit Vinandy sech gären un dës Zäit zeréck.
Seng Passioun huet hie scho ganz fréi zum Beruff gemaach. Mat 20 Joer huet den haut 61-Järegen ugefaangen, professionell e Poppentheater ze bedreiwen. Sou war hien ënner anerem doru bedeelegt, datt am Joer 1995 de „Sandmännchen“ am lëtzebuergesche Fernsee fir dräi bis véier Minutten ausgestraalt gouf. Derno huet et hien sech awer bei de Live-Theater zeréckgezunn. Firwat de Pit Vinandy ni vu sengem Beruff ewechkomm ass, erkläert hie follgendermoossen: „Als Poppespiller kann ee sech ëm alles selwer këmmeren. Et ass eng Konschtform, an där ee ganz vill Facettë weise kann. Et ass ee Produzent, Schauspiller, Dekorateur a Museker an enger Persoun. Et kann ee seng eege Welt kreéieren.“
Datt dëst och verschidden Erausfuerderunge mat sech bréngt, versteet sech wuel vum selwen. Schliisslech handelt et sech beim Public gréisstendeels ëm Kanner, déi musse bei Laun gehale ginn. Fir datt déi jonk Generatioun weiderhi Loscht huet, de Figurentheater ze besichen, hunn awer e puer Upassunge musse gemaach ginn. Wat fréier nach Succès hat, ass elo net méi de Fall. „Hautdesdaags muss ee seng Virféierung ofwiesslungsräich gestalten an zäitgeméiss adaptéiere kënnen“, seet hien. „Deemools huet e Stéck zwou Stonne gedauert. Dat kann een der haiteger Generatioun net méi zoumudden. D’Kanner halen dat net méi aus, ouni onroueg ze ginn“, erkläert de laangjärege Kenner aus der Zeen. A fréieren Zäite war dëst nach liicht anescht. D’Poppespill war en Event, wat sech iwwer de ganze Mëtteg gezunn huet. An der Paus sinn et Chipsen z’iesse ginn an et krut een ëmmer säi Patt ze drénken. „D’Eltere si voll op hir Käschte komm, well si esouguer am Raum fëmmen an drénke konnten, wärend d’Kanner sech um Theaterspill erfreeë konnten“, nennt de Pit Vinandy e puer Ënnerscheeder.
Hautdesdaags ass virun allem och d’Dauer vum Stéck däitlech méi kuerz ginn. Et dauert nëmmen nach tëschent 30 a 60 Minutten. Bei deene Presentatiounen, déi sech iwwer eng Stonn zéien, ass et wichteg, méi Interaktioun an d’Stécker ze kréien. Aus dësem Grond kënnt et reegelméisseg vir, datt d’Kanner mat an d’Virféierung agebonne ginn a si esouguer déi eng oder aner Kéier op d’Bün geruff ginn. Déi méi kuerz Stécker si meeschtens artistesch méi usprochsvoll, wat esouguer derzou féiere kann, datt iwwerhaapt keng Dialoger dran ze fanne sinn. „De Kanner gefält dat awer genee esou gutt. Si verléieren net den Interessi“, seet de Pit Vinandy.
Wann een e Bléck an de Public werft, sou kann ee feststellen, datt de Poppentheater virun allem méi op déi jonk Spectateuren ausgeriicht ass. An der leschter Zäit gëtt awer zu Lëtzebuerg mat der Iddi gespillt, dës Konschtform net méi just op Kanner ze cibléieren. De Schratt an dës Richtung stécht awer nach an de Kannerschong. „Momentan ass dëst awer nach e bëssi schwéier duerchzesetzen. Et hate schonn eenzel Opféierunge stattfonnt, déi just fir Erwuessener gespillt goufen. Déi waren awer oft net sou besicht, wéi ee sech dat erhofft hat. Si waren och méi deier, well se artistesch méi héichwäerteg waren. An de Käpp vun de Leit ass de Poppentheater awer nach ëmmer just fir d’Kanner geduecht“, mengt de Pit Vinandy.
Vun der Ausso, datt dës Form vu Konscht näischt fir Erwuessener wier, hält de Lëtzebuerger Artist awer näischt. Wann een e bëssen an d’Geschicht zeréck wulle geet, da mierkt een z. B., datt de Guignol, de franséische Kasperle, immens sozialkritesch a kabarettistesch ugehaucht war. „En ass a ville Bistroe gespillt ginn. Et war éischter en Theater fir déi Leit, déi finanziell net sou gutt dru waren an dowéinster et sech net leeschte konnten, eng Oper oder e klasseschen Theater ze besichen“, gëtt de Lëtzebuerger en Abléck an d’Geschicht vum Poppespill.
De Kasperletheater war zu fréieren Zäite richteg beléift – dat och zu Lëtzebuerg. Mëttlerweil mierkt een awer, datt dës Form vu Poppentheater vill vu senger Popularitéit agebéisst huet. Et géifen zwar nach ëmmer Gruppe ginn, déi och eenzel Virféierunge mam Kasperle hunn, mee ënnert de Poppespiller ass en net méi sou dominant, erzielt de Pit Vinandy.
Am grousse Ganzen huet de Poppentheater dank de vereenzelten Upassungen näischt vu senger Popularitéit verluer. Wéi de Bimbo-Theater, e lëtzebuergesche Marionetten-Theater, am Joer 2000 nees iwwerholl ginn ass, do gouf et e richtege Stuerm op d’Ticketen.
„Wéi dem Bimbo-Theater nees neit Liewen agehaucht gouf, si wierklech eng Hellewull vu Leit zesumme mat hire Kanner an de Poppentheater komm. Mir hate souguer Showen, wou d’Leit bis an d’Strooss stoungen an d’Säll déck iwwerlaf waren“, schwäermt de Pit Vinandy vu gudden Erënnerungen. Viru 5 Joer gouf an der Zesummenaarbecht mat der Gemeng Déifferdeng dann d’Poppespënnchen an d’Liewe geruff. Dat ass dat éischt Poppentheaterhaus zu Lëtzebuerg. „Am Ufank war et nach méi onbekannt, mee lues a lues kënnt et méi un d’Rullen“, seet hien. Mëttlerweil bréngt d’Poppespënnchen et fäerdeg, fir all Sonndeg – an och heiansdo samschdes – en Optrëtt fir d’Ëffentlechkeet unzebidden. Esouwuel lëtzebuergesch wéi och eng gutt Partie auslännesch Truppen trieden an der Tëschenzäit am Südweste vum Ländche reegelméisseg op. Gespillt gëtt meeschtens op Lëtzebuergesch, Däitsch, a Franséisch. „Wéi eng Sprooch geschwat gëtt, hänkt dervun of, wéi eng Trupp spillt“, gëtt de Pit Vinandy d’Erklärung.
An Zukunft gëtt awer mat der Iwwerleeung gespillt, sech och un aner Sproochen ze woen. Vu vereenzelten Opféierungen op Englesch a Portugisesch gëtt an dësem Kontext geschwat. Soumadder géif een och anere Gemeinschaften hei zu Lëtzebuerg entgéintkommen. Mat dëser Iddi kéint ee weider Zilgruppen uspriechen an och weider u Popularitéit gewannen. Wann et dem Pit Vinandy no geet, kritt de Figurentheater am Allgemengen awer net déi Unerkennung, déi en eigentlech verdéngt hätt. Dofir huet de Kënschtler och Schwieregkeeten domadden, wann de Poppentheater des Ëfteren als „art populaire“ bezeechent gëtt. „Firwat gëtt engem Moler säi Bild direkt als Konscht bezeechent, wärend de Poppentheater als sougenannte Kleinkunst ofgestempelt gëtt. Dat liicht mir net an.“
Aus dësem Grond ass et fir de passionéierte Poppespiller och wichteg, datt mat der Poppespënnchen elo eng Ulafstell gegrënnt gouf, déi exklusiv fir de Figurentheater steet. Neierdéngs gouf mam Lëtzebuerger Kulturministère esouguer eng Prekonventioun ënnerschriwwen, esou datt d’Figurenhaus an Zukunft finanziell ënnerstëtzt ka ginn. „Dat ass en immens wichtege Schrëtt fir de Poppentheater“, seet den Duersteller. Mat dësem Beispill mierkt een awer, datt et Beweegung an dëser Zeen gëtt. Am nächste Joer steet esouguer e weidere groussen Event virun der Dier: Am Kader vun Esch 2022 gëtt nämlech e Festival organiséiert, bei deem eng ganz Panoplie vu Virféierungen usteet. Bei dëser nationaler Veranstaltung wäert sécherlech fir jiddwereen – ob Kleng oder Grouss – eppes derbäi sinn.
En Artikel vum Laurent Neiertz