Se tauchen ëmmer erëm op, a Geschichten, a Märercher an esouguer um groussen Ecran gesäit ee se dacks. Gespenster, Mënschen déi dout sinn an trotzdeem nach an esou muencher alem Gemaier hire Spunnes maachen, Leit erschrecken oder verjoen. Awer net nëmmen zu Hogwarts, deem wuel bekanntste Schlass vun der Welt, begéint een esou Zäitgenossen, och zu Lëtzebuerg gëtt et esou muenchereen dee sech nach ronderëm dreift…
No bei Biissen, am engem Bësch mam Numm Géiwels, stoung fréier e schéint Schlass. De leschte Grof deen am Schlass gelieft huet hat nëmmen eng eenzeg Duechter, d’Ierwin vu senge ganze Gidder. D’Fra gouf enges Daags vun hirem Libhaber zeréck gewisen a si huet sech geschwuer, sech un der Mënschheet ze rächen. Op eemol koumen all Zorte vu Ploen iwwer d’Duerf. All d’Kéi, déi laanscht Buerg goungen, goufe krank an hu keng Mëllech méi ginn. Ganz schnell waren d’Duerfbewunner sech eens, datt déi al Joffer vum Schlass schold um ganze Misär wier. Enges Daags huet en aarme Mann seng eenzeg Kou un engem Stréck uechter d’Schlass gefouert. Wéi de Mann doheem war, war d’Kou krank. Voller Roserei huet de Mann gejaut: „Op éiweg solls du an dengem Schlass agespaart bleiwen an nëmmen dee jéngsten Dag soll dech erléisen!“ De Fluch vum ale Mann sollt an Erfëllung goen. Nach déi selwecht Nuecht ass e schwéiert Donnerwieder iwwer d’Duerf gezunn. Et huet hell geblëtzt an haart gedonnert an den anere Moie war d’Schlass verschwonnen. Just de Fiels op deem d’Schlass stoung war nach do. All Joer an der Walpurgisnuecht, esou erzielt ee sech, kënnt déi al Hex zeréck, reit op hirem Biesem dräimol ronderëm de Fiels a verschwënnt erëm.
Dës Gespenster an nach vill aner Geschichten, sinn am Buch „Sagenschatz des Luxemburger Landes” vum Nicolas Gredt.
ISBN 2-919910-06-X
Op enger grousser Heed tëschent Knapphouschent an Diänjen, esou erzielt ee sech, soll all Dag ëm Mëtternuecht méi ewéi ee Reider laanscht dat hëlzent Weekräiz reiden an a Richtung Clierfer Schlass galoppéieren.
Ee vun den eelste Bewunner vu Briedemes huet emol erzielt, datt Geeschter an Hexen nuets hir Versammlung am Schlass ofgehalen hunn. Zougang hu se duerch eng Fënster iwwer der Paart vum Schlass fonnt. Fir déi gespenstesch Matbewunner lass ze ginn, ass d’Fënster zougemauert ginn. Dat gesäit een haut nach!
Am Bësch mam Numm Schwarzhals, deen tëschent Huelmes an dem Mariendall läit, soll e Kniecht säin Här erschloen hunn. Säitdeem huet een all owes de Ritter mat bluddegem Kapp am Bësch keimen a jéimeren héieren.