Eng gesond Ernärung dréit zum allgemenge Wuelbefanne bäi. Een anstännegt Kierpergewiicht ass och e Facteur, deen d’Gesondheet positiv beaflosse kann. Iwwergewiicht kann negativ Follge fir d’Gesondheet hunn an ass e kruziale Risikofacteur fir d’Entstoe vun Häerz-Kreeslaf-Erkankungen, Zockerkrankheet (Diabetes mellitus), héijem Bluttdrock a Giicht. D’Berechnungsgrondlag fir d’Gewichtsklassifikatioun ass de Kierpermoossindex, de sougenannte Body Mass Index (BMI). De BMI ass de Quotient vum Gewiicht an der Kierpergréisst zum Quadrat (kg/m2). Beispill: De BMI vun engem Mann vun 1,85 m an 90 kg beleeft sech op 27,9 kg/m2.
90 kg/(1,85 x 1,85 m2)
Iwwergewiicht ass definéiert als BMI > 25 kg/m2, Adipositas als BMI > 30 kg/m2 (Tabell vun der WHO, 2000). Adipositas ass definéiert als eng Steigerung vum Kierperfett, déi iwwer d’Normalmooss erausgeet.
Iessen an Drénken bedeite Wuelbefannen a Freed um Liewen. E Moiesiesse mat allem drun an dran, e gesellegt Mëttegiessen an der Kantin, e Fest am Familljekrees, iwwerall spillt d’Iessen eng wichteg Roll. Ass eng gesond Ernärung gläichzestelle mat Verzicht an eesäitegem Iessen? Ganz am Géigendeel! Zemools a geselleger Ronn ka gesond Ernärung vill Spaass maachen.
Wann Dir mengt, datt fir e puer iwwerflësseg Pënner lasszeginn an Erkrankungen aktiv ze evitéieren, e spezielle Regime néideg wier, da leit Dir falsch. Duerch eng gesond, equilibréiert Ernärungsweis a reegelméisseg kierperlech Aktivitéit kënnt Dir Äert Gewiicht reduzéieren an dofir suergen, datt Dir gesond a fit bleift.
Zousätzlech muss een op e puer Punkten oppassen, déi wichteg sinn:
An esou gesäit eng gesond, equilibréiert Ernärung aus:
Manner Fett
Fir eng héich Zoufuer un Energie ass haaptsächlech den héijen Undeel u Fett an der Ernärung verantwortlech. Fir Iwwergewiicht an de Follgen dovu laangfristeg virzebeugen, soll de Fettverbrauch reduzéiert ginn:
D’Fetter am Iesse bestinn aus ënnerschiddleche Bestanddeeler, déi fir eise Kierper ënnerschiddlech Bedeitungen hunn. Niewent der Unzuel u Fetter, déi mir all Dag zou eis huelen, ass och déi richteg Auswiel vu grousser Bedeitung.
D’Zesummesetzung vun de Fetter an Ärem Plang vun de Moolzechten ass immens wichteg, den Undeel vun de gesiedegte Fettsaiere soll esou kleng ewéi méiglech sinn. Dës stieche gréisstendeels an den Déierefetter (Fleesch, Wurscht, Botter, Mëllechprodukter), Séissegkeete mat vill Fett, Kokosfett an Deegwueren. Wann Dir den Undeel u gesiedegte Fettsaieren erofsetzt, wäerten Iech besonnesch d’Häerz an de Kreeslaf Merci soen, well dës Fettsaieren erhéijen d’Fettwäerter am Blutt, virun allem de schiedlechen LDL-Cholesterin, a fërderen Arteriosklerose (Arterieverkallekung).
Ze kuerz kommen dogéint déi ongesiedegt Fettsaieren aus Fëschueleg. Déi sougenannten Omega-3-Fettsaieren, déi haaptsächlech a Kalwaasserfësch ewéi Saumon, Makréil oder dem Hierk virkommen, hunn eng positiv Wierkung op den Häerz-Kreeslaf-System. Niewent anere wichtege Funktiounen droen si dozou bäi, de Blutfettwäert erofzesetzen, an hunn e positiven Afloss op de Blutthéichdrock. Dofir sollt Dir Äre wëchentlechen Iessplang mat enger bis zwou Fëschmoolzechte beräicheren.
Ballaststoffer hu villfälteg positiv Wierkungen op eis Gesondheet. Si si fir eng normal Daarmfunktioun wichteg a kënne Verstoppunge vermeiden. Bestëmmte Ballaststoffer hëllefen de Cholesterinspigel erofzedrécken. Dozou gehéieren haaptsächlech Ballaststoffer aus Huewerkléien, Äppel a Bieren. Fëllt elo Äre Kont u Ballaststoffer mat Produkter aus Vollkar op, Leguminosen, Gromperen, gedréchentem Uebst, Uebst a Geméis.
Et muss net all Dag Fleesch sinn: Wëssenschaftler recommandéieren, pro Woch héchstens tëschent 300 a 600 Gramm Fleesch z’iessen. Fleesch kann duerch planzlech Produkter ewéi Leguminosen (Planzesom mat Schuel) oder Kären zesumme mat Mëllechprodukter ersat ginn. Och Sojaprodukter sinn eng Alternativ. Mat enger gesonder Ernärung kënnt Dir Schrëtt fir Schrëtt en adequat Kierpergewiicht erreechen a laangfristeg bäibehalen, ouni datt de Genoss an d’Liewensfreed ze kuerz kommen.
En Artikel vum Liz Mersch, Diététicienne