Niewent dem zukünftegen Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch ginn et nach weider, Projeten a Initiativen ronderëm d‘Lëtzebuerger Sprooch. Mir stellen Iech an dësem Artikel 4 vun hinnen fir, geheien e Bléck op hier Aarbechten a froen no wéi si zum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch stinn.
No mengem jorelaange Linguistiksstudium deelen ech mäi Wësse gär mat anere Leit. Egal ob a Coursen, Bicher oder mat deenen neie Méiglechkeeten, déi den Internet ubitt. Grad an der Computerlinguistik hat d’Lëtzebuergescht an den 90er en enorme Retard. An der Tëschenzäit huet sech sécher vill gedinn, mä mir hunn z.B. ëmmer nach kee Grammarchecker, kee Programm fir d’Stëmmerkennung an och kee fir d’Stëmmsynthees. Eleng kann ech sou Projeten net ugoen. Mä meng Kandidature goufe refüséiert, meng Projete sabotéiert … tjo, da ginn alt méi kleng Bréidercher gebak.
De Projet Spellchecker.lu hunn ech während mengem Studium a menger Fräizäit ugefaangen. Ech hunn de Projet vun Ufank un eescht geholl, well ech ongär Saache just hallef maachen. Wéi d‘Benotzerzuelen ëmmer méi geklomme sinn an a positive Feedback erakomm ass, hunn ech och ëmmer méi eng Verflichtung gespiert, fir e Produit ze entwéckelen, op deen ee sech verloosse kann. Mäin Zil ass a bleift et, de Benotzer et ze erméiglechen, sech mat der Lëtzebuerger Sprooch auserneen ze setzen a se fir eng korrekt Orthographie ze sensibiliséieren, andeem s se hir Texter op eng einfach Manéier eegestänneg kënne korrigéieren.
D’Actioun Lëtzebuergesch setzt sech zënter hirer Grënnung am Joer 1971 – also schonns iwwer 45 Joer – fir alles an, wat Lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch. Mir hu vun Ufank un op alle méigleche Pläng gestëppelt, fir datt d’Lëtzebuergescht déi Plaz soll kréien, déi ëm zousteet: an der Schoul, an der Gesellschaft, an der Politik, an den Administratiounen, an der Kierch, am Veräinsliewen … Mir waren déi éischt, déi Sproochcourse fir eis äuslännesch Matbierger organiséiert hunn, mir hu Stuele vun Annoncen a vu Veräinsschreiwereien opgesat a publizéiert, mir hu gehollef, datt eis Kadasternimm lëtzebuergesch gi sinn, mir hu matgeschafft an der Kommissioun „Lëtzebuergesch an der Kierch”, mir si bei déi verschidde Parteie getrëppelt a sinn derfir agetratt, datt eis Sprooch e gesetzleche Kader soll kréien. All déi Punkte sinn haut gréisstendeels realiséiert. D’Lëtzebuergescht ass duerch d’Sproochegesetz vun 1984 fest verankert, och wann d’Sprooch selwer nach net an der Verfassung steet – mir bleiwen um Ball!. An eisen Zeitunge fënnt een déi meescht Annoncen op Lëtzebuergesch. Dat selwecht gëllt fir d’Plakater vun de Veräiner. An der Kierch gëtt ëmmer méi op Lëtzebuergesch gebiet. An d’Sproochcourse sinn haut net méi ewechzedenken, och wann déi elo duerch déi eenzel Gemengen oder de „Centre des langues” organiséiert ginn. Mir däerfen also mat Recht houfreg op all dat sinn, wat vun äis ugestëppelt gouf a bis haut schonn ëmgesat ass, och wann nach dat eent oder anert op der Lee steet.
Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch asbl, den Numm vun eiser Associatioun dréckt eist Zil aus.
Eis Sprooch soll keng Barrière sinn, mä eng Bréck, déi all déi Leit, déi hei zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, verbënnt.
Aus dësem Grond huet d’Associatioun Moien – Eng Bréck fir eis Sprooch, déi zënter 2005 besteet, folgend Objektiver:
D’Entwécklung vum éischten online Spellchecker war 2001 schonn eng kleng Sensatioun. Leider gouf de Projet 2002 vum Educatiouns- a Kulturministère agestallt.
Dono koum de Luxdico, 34 Video-Lektiounen op Youtube, déi bis dato 925.000 mol gekuckt goufen, online Kräizwuerträtselen, Audio Wierderbicher (iTunes, Google Play Store, Amazon Mp3, Spotify) … plus all meng Bicher, déi an e puer Sproochen iwwersat goufen. An natierlech meng Coursë bei der Gemeng Lëtzebuerg, déi mech 2006 fest agestallt huet (Niveau A1, A2, B1 a B2).
Méi Informatiounen iwwer all meng Aktivitéite fënnt een op www.bonjour.lu
Fir Lëtzebuergesch ze léieren ass de Spellchecker kee gutt Mëttel, well e just Korrekturvirschléi gëtt, an een d‘Sprooch scho muss beherrschen. En ersetzt also kee Sproochecours. Fir Leit, déi hir Texter wëlle verbessere ginn et dofir awer direkt verschidde Méiglechkeeten. De meescht benotzte Service ass den Online-Spellchecker, mat deem een Texter direkt um Site ka korrigéieren ouni eppes bei sech ze installéieren. D‘Woch iwwer benotzen all Dag iwwer 3500 Leit dëse Service. Donieft ginn et divers Versiounen, déi ee kann op säi Computer eroflueden an installéieren. Déi beléiftsten ass fir de Bürosprogramm LibreOffice, mat deem een offline Text-Dokumenter, ënner anerem am Word-Format, ka korrigéieren.
Mir publizéieren all Mount eng ganz Säit („Eng Klack fir eis Sprooch”) an de Lëtzebuerger Zeitungen, wou mir op verschidden Aspekter vun eiser Sprooch hiweisen. Doriwwer eraus kënnen d’Leit bei äis Texter, Annoncen, Menüskaarten etc. iwwersat oder verbessert kréien. Zesumme mat der Horesca hu mir geplangt, äis besonnesch am Gastronomie-Secteur fir eis Sprooch anzesetzen. Mir hunn donieft wëlles, deemnächst eng Zort „Sprooch-Café” anzeriichten, wou mir haaptsächlech Net-Lëtzebuerger an eise Sall op Izeg invitéieren, déi un engem Sproochcours deelgeholl hunn, a wou mir hinnen d’Geleeënheet ginn, mat anere Lëtzebuergesch ze schwätzen.
D’Schoul huet net méi de Monopol op d’Vermëttelung vu Wëssen. Dat ass eng Risechance fir eis Sprooch, well ‘t kann ee jo lo net grad behaapten, datt an eise Schoule jeemools vill fir eis Sprooch gemaach gouf. Ganz am Géigendeel, si gëtt do ëmmer nach behandelt wéi dat fënneft Rad vum Won.
Egal! Lo hu mer de lëtzebuergesche Wikipedia, mir hu Video-Lektiounen op Youtube, Coursë via Webcam, mir hunn online Dictionnairen, online Noriichtesäiten, … et brauch een d’Schoul also net méi fir sech iwwer d’Lëtzebuergescht ze informéieren oder et ze léieren.
Dat alles ersetzt natierlech net den direkte Kontakt an Austausch an engem Cours. Sécher net! Mä op mannst gëtt et lo mol eng Alternativ zu deem wat an eise Schoulen an an de Schoule ronderëm eist Land ugebuede gëtt. Ech denken hei och un eis vill Grenzgänger. Et ass kee Verbrieche fir d’Sprooch vu sengem Nopeschland ze léieren. Mä et ass un eis hinnen déi néideg Instrumenter dofir zur Verfügung ze stellen.
Bicher op Lëtzebuergesch kréien et wuel ëmmer méi schwéier. ‘t ass einfach méi praktesch a bëlleg mat engem Smartphone oder engem Tablet ze schaffen, wéi doheem tonne Bicher an Zeitungen ze stockéieren.
A wat geschitt mat deenen déi Lëtzebuergesch Coursë ginn? Ville Lëtzebuergesch Enseignantë geet et finanziell net gutt. Si hu kee gereegelt Akommes, hoffen all Joer hire Kontrakt nees verlängert ze kréien an halen dacks méi wéi 30 Stonne Cours pro Woch fir sou jüst iwwer d’Ronnen ze kommen. Dat ass einfach net fair vis-à-vis vun deenen anere Sproocheproffen hei am Land. Dofir ënnerstëtzen ech den „Aarbechtsgrupp vun Enseignantë fir d’Lëtzebuergescht” (www.avel.lu).
D‘Unzuel u Leit déi d‘Sprooch schwätzen a schreiwe wäert weider klammen, awer 5 Joer si bei enger Sprooch net vill. A 5 Joer denken ech dofir net, dass vill wäert geännert hunn. Méi laangfristeg gesinn, vläicht an 10 Joer, hoffen ech dass mer d‘Sprooch och informatesch weiderentwéckelt hunn, an nieft engem Spellchecker (dee just Orthographie korrigéiert) och eng Grammatik-Korrektur existéiert an d‘Méiglechkeet besteet, sech mam Computer oder Handy ze ënnerhalen (duerch Text-to-Speech- a Speech-to-Text-Systemer). Dann heescht et net „Alexa, order my favourite Pizza“, mee „Jempi, bestell mer eng Wäinzoossiss mat Moschterzooss“.
D’Lëtzebuerger Sprooch huet sécher eng Zukunft; si verschwënnt net esou séier. Haut scho gëtt eis Sprooch vu méi Leit geschwat ewéi jee, dat natierlech och, well villméi Leit hei am Land liewen, wéi jee virdrun. Ech sinn iwwerzeegt, datt och a 5 Joer nach ëmmer Lëtzebuergesch hei am Land geschwat gëtt. An awer ass d’Sprooch bedrot doduerch, datt se vun deenen anere „grousse” Sproochen, déi am Land „doheem” sinn, besonnesch vum Franséischen, kéint ënnerdréckt ginn, wa mir äis net konsequent derfir asetzen, datt si hir Plaz nieft dem Franséischen an dem Däitschen (och dem Engleschen) behält. Do kënnt eng grouss Aufgab op de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch an op de Sproochzenter duer. Mir als Actioun Lëtzebuergesch si gär bereet, eng Hand mat unzepaken do, wou mir kënnen, an eis Responsabilitéit z’iwwerhuelen!
Fir sech ze verstoen, muss ee matenee schwätze kënnen.
Der Statistik vum Ministère vun der Educatioun Nationale no, sinn am leschte Schouljoer 90 verschidden Nationalitéiten, déi un de Coursë vun der Moien asbl deelgeholl hunn.
D’Hoffnung besteet, datt d’Lëtzebuergescht sech wierklech als Integratiounssprooch duerchsetzt, souwuel bei de Kanner wéi bei de Jugendleche wéi bei den Erwuessenen, an eng fest Plaz net nëmmen am Gesetz vun 1984 mee och an eiser multikultureller a multilingualer Gesellschaft fanne wäert.
Hei zu Lëtzebuerg huet een heiansdo besser, et seet een net wat een denkt. Ech wënschen de Bedeelegten all Guddes.
Ech gesinn den Zenter nach e bësse skeptesch, well bis elo wéineg Konkretes bekannt ass. Och ouni Zenter hunn ech scho mat diversen aneren Organisatiounen an Eenzelpersounen déi sech mat der Sprooch beschäftege gutt Relatiounen a regelméissegen Austausch. Vläicht erméiglecht den Zenter hei och den Opbau vun neie Relatioune mat Organisatiounen déi bis elo manner oppe waren.
Mir si frou, datt „eppes” fir eis Sprooch gemaach gëtt. Deen Zenter, deen am Gesetzprojet virgesinn ass, kann eng gutt Saach ginn, wann all dat wierklech realiséiert gëtt, wat do virgesinn ass. Et hätt de Virdeel, datt all dat op enger Plaz regruppéiert wier, wat mat der Sprooch ze dinn huet. Et ass awer ze hoffen, datt deen Zenter kee Waasserkapp gëtt mat Direkter, Sous-Direkter, Fonctionnairen, Experten etc., déi dann zwar eng gutt Plaz hunn, mä wou awer rose wéineg fir d’Sprooch selwer derbäi erauskënnt. Mir fäerten och, datt dat ganzt elo op déi laang Bänk gedréckt gëtt, well jo am Projet vun engem 20-Jores-Plang fir eis Sprooch rieds geet. Pabeier ass bekanntlech gedëlleg …
De Gesetzprojet vum 16.11.2017 iwwert d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch gesäit vir, datt dësen Zenter sech ëm d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen um nationalen an internationalen Niveau bekëmmert.
Moien asbl huet zënter der Grënnung 2005 vill Erfolleg um nationale Gebitt an d’Zuel vun den Aschreiwunge geet all Joer an d’Luucht. Mir hunn 2005 mat 7 Aschreiwungen ugefaang an d’Schouljoer 2016-2017 mat 884 Schüler opgehal.
Dës Nofro verlaangt vun enger klenger Associatioun e groussen Opwand fir eng gutt Gestioun a mir brauchen an Zukunft nach vill gutt ausgebilt Formateuren, (déi bis elo als Freelance schaffen), zousätzlech Säll, (déi net einfach ze fanne sinn) a besonnesch eng Hëllef fir déi administrativ Aarbechten, déi ausschliisslech aus Benevolat bestinn.
Et wier wënscheswäert, datt dësen Zenter virgesäit, mat deenen Associatiounen, déi scho laang bestinn, zesummen ze schaffen a si an hirer Aarbecht bestäerkt an ënnerstëtzt, duerch den Austausch vun Erfarungen.