AHA! Et muss net ëmmer Gott sinn

Wann een un d’Ofkierzung AHA denkt, do fält deene meeschte Leit wuel direkt déi norwegesch Museksgrupp a-ha an. Zu Lëtzebuerg hunn dës Buschtawen awer eng ganz aner Bedeitung. Dohannert steet nämlech d’Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker.

Fir d’éischt wier et wuel interessant ze wëssen, wat et iwwerhaapt mat de Begrëffer Humanisten, Atheisten an Agnostiker op sech huet. Während en Humanist (Persoun, fir déi de Mënsch am Vierdergrond steet) an en Atheist (Persoun, déi d’Existenz vu Gott ofleent) der Allgemengheet geleefeg sinn, wäerte wuel déi mannste Leit eppes mam Ausdrock Agnostiker kënnen ufänken. En Agnostiker geet dervun aus, datt et sech net beweise léisst, ob et e Gott oder iergendeng Form vu gëttleche Wiesen existéieren oder net. Am Joer 2010 ass soumadder dës A.s.b.l. (Association sans but lucratif) an d’Liewe geruff ginn, fir deene Mënschen eng Plattform ze ginn, déi dës Glawensrichtunge vertrieden. Am Moment kënnt d’AHA op ronn 850 Memberen, déi dës Associatioun ideologesch vertrieden a finanziell duerch Cotisatiounen a Spenden ënnerstëtzen.

Hiert Motto „Net reliéis? Stéi dozou!” ass relativ kloer ze verstoen. Si wëllen de Leit zu Lëtzebuerg Courage maachen, datt si sech op kee Fall ze verstoppe brauchen, wann si net un e Gott gleewen. „Mir wëllen eigentlech eng humanistesch an net-reliéis Liewensweis an Ethik vermëttelen, déi op enger rationaler an naturalistescher Siicht op d’Welt fondéiert”, erkläert de Bob Reuter, Tresorier vun der AHA.

www.AHA.lu

Hir Haaptziler kann een a véier Rubricken („Wëssenschaft statt Glawen”, „Ethik – fräi vun Dogmen”, „Feieren – ouni Gott” an „Trennung vu Kierch a Staat”) zesummefaassen. An engem éischte Punkt sinn si der Meenung, datt een d’Welt a wéi se funktionéiert nämlech wëssenschaftlech am beschten erkläre kéint. „Mir sinn immens skeptesch, wat Dogmen ugeet. Dofir ass et an eisen Aen net richteg, dorun ze gleewen, datt déi helleg Texter, déi déi éiweg Wourechte säit Urzäite festhalen, Basis fir d’Usiichten iwwer d’Welt sinn”, gëtt de Bob Reuter ze verstoen.

Des Weidere steet fir d’AHA déi individuell Fräiheet vum Mënsch am Mëttelpunkt. D’Mënsche sollen zesummen erausfannen, wéi eng Wäerter si fir sech an awer och fir hiert Zesummeliewe mat aneren, fir déi richteg halen. „Et wier et sech ze einfach gemaach, wa mer eis der Autoritéit vun enger Gottheet oder soss engem Leader ënnerwerfe géingen. De Mënsch soll sech net aus der Verantwortung drécke kënnen a soll sech selwer Gedanke maachen, wat e gutt fënnt a wat net”, liwwert den Tresorier Informatiounen zu dësem Punkt.

Ausserdeem huet d’AHA sech zum Zil gesat, datt de Mënsch déi wichteg Momenter wéi z.B. d’Gebuert vun engem Kand oder d’Feiere vun enger Hochzäit soll selwer gestalten an nei erfanne kënnen. D’Ënnerstëtzer vun dëser Associatioun sinn der Meenung, datt een dat net enger Reliounsgemeinschaft sollt iwwerloossen.

Zu gudder Lescht ass dëse Grupp dovunner iwwerzeegt, datt et fir eng oppe Gesellschaft einfach nëmme besser ass, wann de Staat net mat enger Glawensgemeinschaft – virun allem mat der kathoulescher Kierch hei zu Lëtzebuerg – sou enk zesummenhänkt. Dofir waren si och bei der Diskussioun vun der Trennung vu Kierch a Staat ganz dofir, well si net wollten hunn, datt de Staat Glawensgemeinschafte finanziell ënnerstëtze geet. Fir de Reliounsunterrecht, deen op eng Promotioun vun enger Reliounsgemeinschaft an hirem Glawen an hire Ritualer pocht, war d’AHA och strikt dergéint.

Fir hir Ziler ze erreechen oder promovéieren ze kënnen, bedreift d’Allianz vill Sensibiliséierungs- an Iwwerzeegungsaarbecht bei der Politik, bei de Medien a bei der Gesellschaft. Op dës Manéier versichen se e Bewosstsinn ze schafen, wat d’Interessen an d’Rechter vun den net-reliéise Mënsche sinn. Iwwer Pressecommuniquéen, Lieserbréiwer a Werbecampagnë ginn dës Iddien der Ëffentlechkeet matgedeelt. Op där anerer Hand organiséiert d’AHA awer och Eventer, wou se sech mat Gläichgesënnten trëfft, fir ënner anerem iwwer déi uewen erwäänten Theemen ze diskutéieren. „Eent vun eisen Haaptfester ass d’Huesefest. Dernieft arrangéiere mer nach sou muench thematesch Kinosowenter an och Konferenzen zu Theme ronderëm den Atheismus an den Humanismus”, geet den AHA-Member méi an den Detail.

Ënnerstëtzung fënnt dës Associatioun och nach hei am Grand-duché, wou si mat verschiddene Veräiner am Kader vun der Reliouns- a Meenungsfräiheet zesummeschafft. Virun allem mam CCAL (Cercle de Coopération des Associations Laïques) besteet méi eng enk Zesummenaarbecht. Mee dës Vernetzunge gi bis iwwer d’Lëtzebuerger Grenzen eraus. Grouss Sympathien huet d’AHA fir Veräiner, déi e Faibel fir d’Promotioun vum sekulären Humanismus hunn. Et ass dofir net verwonnerlech, datt si Member vun den „Humanist International” an den „European Humanist Federation” sinn. Zesumme mat dëse Gruppe gëtt op europäeschem an internationalem Niveau probéiert, hir Iwwerzeegungen ze stäerken an ze vermëttelen. Dat Engagement, fir seng Iwwerzeegungen ze kämpfen, gëtt awer net all eenzeler Persoun op dëser Welt erméiglecht. „An enger Partie Länner riskéiert een ëmmer nach ëmbruecht ze ginn, wann een sech derzou bekennt, datt een net un déi an deem Land dominant Gottheet gleeft”, warnt de Bob Reuter. An där Hisiicht bleift also nach vill Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten.

En Artikel vum Laurent Neiertz

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.