„Karschnatz“, „Pick Polka“ a „Konterdanz“ sinn Nimm, déi Dir nach ni héieren hutt? Net schlëmm, mir erklären Iech se. Et sinn Nimm vu Volleksdänz aus fréieren Zäiten. Duerch den Engagement vun e puer Gruppe vu passionéierte Leit existéieren dës Dänz och haut nach. D‘Edmée Pepin ass d‘Presidentin vu La Ronde – Bettembourg, deem Veräin, deen am Joer 1967 vum Här Weicker, dee selwer Member vun enger Danzgrupp war, gegrënnt ginn ass. D‘Zil war et, déi al, traditionell Dänz, déi och haut nach an der Gefor sinn ze verschwannen, ze erhalen. „Bis an d‘1920er-Jore goufen dës Dänz bei Fester, Kanddafen a Kiermesse gedanzt“, seet d‘Edmée Pepin. D‘modern Musek huet déi traditionell Stécker awer lues a lues verdrängt.
Nom Zweete Weltkrich waren et d‘Scouten, déi déi al Dänz nees nei entdeckt hunn. Iwwer d‘Jore waren déi traditionell Dänz, genee ewéi dat ganzt Ëmgeréits, an de Vergiess geroden. Esou gëtt zum Beispill d‘Halett, déi traditionell Kappbedeckung vun de Fraen, oft mat där, déi an Holland gedroe gëtt, verwiesselt.
An de ëstleche Länner gi Volleksdänz schonn an der Schoul geléiert. „Eis Dänz sinn net esou sportlech“, gëtt d‘Presidentin vu La Ronde zou. Se zéien déi jonk Leit net wierklech un. „Hautdesdaags zécken d‘Leit ëmmer méi, an de Veräin ze goen“, erzielt si weider. Eventuell ass déi Hellewull vun Offeren e Grond fir dës Astellung.
Musek fir d‘Groussregioun
La Ronde – Bettembourg, zesumme mat der Uucht – La Veillée aus der Stad, besteet haut aus 4 Museker a 16 Dänzer. Dee jéngste Member ass 4 Joer jonk, deen eelsten huet der 90. „Danzen hält jonk an trainéiert d‘Gläichgewiicht, et spillt eng grouss Roll fir d‘Orientéierung am Raum“, seet d‘Edmée Pepin, där hire Veräin ëmmer op der Sich no neie Memberen ass. „Eise Repertoire besteet aktuell aus ongeféier 30 Dänz a mir léieren ëmmer erëm neier bäi“, erzielt d‘Presidentin weider.
Zu den haut üblechen Dänz gehéiert déi sougenannte Maklott-Quadrill. D‘Edmée Pepin beschreift se als lues an elegant. „En Danz, ewéi e schonn am Mëttelalter bei Hochzäite gedanzt gouf.“ De Minnewee, deen och schonn op de Schlässer gedanzt gouf, ass e weideren Danz mat deem selwechten Aschlag. De Karschnatz, dee säin Numm vum Mount August geierft huet, symboliséiert d‘Aarbecht vun de Baueren um Feld. „Bis op eng oder zwou Ausnamen ass den Danz am ganze Land d‘selwecht!“, erkläert d‘Edmée Pepin, d‘Presidentin vun der ASBL. Et ware Wandermuseker, déi d‘Melodien an d‘Groussregioun bruecht hunn a se iwwerall hannerlooss hunn, wou se laanscht komm sinn.
Geprouft gëtt mat Live-Musek an a Stroossekleeder. D‘Prouwe ginn och mol mat CD ofgehal, fir datt bestëmmten Deeler vun enger Choreografie geprouft kënne ginn. A fréieren Zäite sinn d‘Dänz oft mëndlech weidergi ginn. Vu muenchen Dänz waren nëmmen eenzel Deeler bekannt. Da si mat vill Méi a Gespier déi feelend Deeler passend ergänzt ginn. Bei aneren Dänz weess een, datt se scho virun Urzäiten entstane sinn, wéi zum Beispill de Siwesprong, en Danz, deen un d‘Fruchtbarkeet vun der Fra erënnere soll.
D‘Kostümer kommen net vun der Staang, mee gi vun Hand gebutt. Gëtt ee Member bei der ASBL, da kritt een eng Truecht a behält dës fir eng laang Zäit. Bei den Damme besteet d‘Truecht aus enger Hauf, enger wäisser Blus aus Kotteng oder Léngent, déi mat Knäpp mam Rack verbonnen ass, engem Ieweschte mat Puffäerm, engem Ënnerrack an engem Schiertech. Bei den Häre besteet de Kostüm aus enger Box mat Knäpp, engem wäissen Hiem, engem bloe Kiddel oder Kaseweck an enger schwaarzer Flätsch als Krawatt.
D’ASBL mécht reegelméisseg bei Festivaller mat a war scho méi ewéi eng Kéier bei der Européade, engem a ganz Europa bekannte Festival, deen all Joer an engem anere Land ass, mat derbäi.