D’Ausstellung eleng ass schonn e Grond, fir an de Mudam ze goen. „Kaihō: Japanese Women Artists after 1945“ ass déi éischt Ausstellung an Europa, déi sech ganz de japanesche Kënschtlerinne vun der Nokrichszäit bis un d’Enn vum 20. Joerhonnert widmet. Kaihō heescht op Japanesch sou vill wéi sech befreien. D’Wierker vun 39 Kënschtlerinnen – vun der Atsuko Tanaka bis bei d’Yoko Ono – weisen, wéi radikal dës Frae Konschtgeschicht geschriwwen hunn, och wann se an de Geschichtsbicher laang kaum virkoumen.
Mattendran: en Infinity-Room vun der Yayoi Kusama. „Fireflies on the Water“ heescht de Raum. Spigelen op alle Säiten, e Baseng mat Waasser an iwwer honnert kleng Luuchten, déi wéi Glüwiermercher an der Däischtert hänken an sech bis an d’Onendlechkeet spigelen. Datt dëse Raum elo zu Lëtzebuerg ze gesinn ass, kritt eng besonnesch Bedeitung: D’Kusama ass de 14. August 2026 mat 97 Joer zu Tokio gestuerwen, just e puer Wochen, ier d’Ausstellung zu Lëtzebuerg opgaangen ass. Virdru war de Raum 21 Joer laang am Musée des Beaux-Arts zu Nanzeg ze gesinn.
D’Kusama, 1929 zu Matsumoto gebuer, ass 1958 op New York geplënnert. Do huet si 1965 hiren éischte Spigelraum mam Titel „Infinity Mirror Room – Phalli’s Field“ gebaut, e Raum voller wäisser Stoffforme mat roude Punkten, deen duerch d’Spigelen onendlech gewierkt huet. Fir d’Kusama waren d’Punkten an d’Spigele kee Witz. Si hat zanter hirer Kandheet Halluzinatiounen an ass ëmmer oppen domat ëmgaangen. Vun 1977 un huet si fräiwëlleg an enger psychiatrescher Klinick zu Tokio gelieft an an hirem Atelier niewendru geschafft. Hir Konscht huet si als „self-obliteration“ beschriwwen, also eng Zort vun Sech-selwer-Opléisen: Wien sech an der Onendlechkeet vu Punkten a Luuchte verléiert, verschwënnt als Ech.
Wéi vill si dobäi iwwer Narzissmus nogeduecht huet, weist eng Aktioun vun 1966. Op der Biennale vu Venedeg huet si, ouni datt se offiziell invitéiert war, Honnerte vu Spigelkugelen op eng Wiss geluecht an se fir zwee Dollar d’Stéck verkaaft. Op engem Schëld stoung: „Your Narcissism for Sale“ – Däin Narzissmus fir ze kafen. Dat war Joerzéngten, ier et Smartphonë gouf an ier iwwerhaapt een d’Wuert „Selfie“ kannt huet.
Vu Mëtt den 2010er-Joren un hu Fotoen aus hire Spigelraim d’sozial Medien iwwerschwemmt. Wéi 2017 am Hirshhorn Museum zu Washington sechs Infinity-Rooms zesumme gewise goufen, si ronn 160.000 Leit komm. Jiddereen hat pro Raum just 20 bis 30 Sekonnen Zäit. Op Instagram goufe 34.000 Fotoe vun der Ausstellung gepost an den Hashtag #InfiniteKusama huet 91 Milliounen Accounten erreecht.
Wat bleift vun der Konscht, wann een hir just 30 Sekonne gëtt – an d’Hallschent dervun op e Bildschierm kuckt? Et gëtt zwou Méiglechkeeten, d’Saach ze gesinn.
Déi sozial Säit: De Selfie ass eng Aart Postkaart vun haut. Mir deelen e Moment mat Leit, déi net derbäi waren, a wëllen hinnen eppes Schéines weisen. D’Spigelraim hu Leit an d’Muséeë bruecht, déi soss vläicht ni eng Ausstellung fir zäitgenëssesch Konscht kucke gaang wieren. Laut der Direktesch vum Hirshhorn Museum, Melissa Chiu, huet Instagram deemools vill Leit an de Musée gelackelt, déi säi Programm soss net verfollegt hätten. Konscht, déi geduecht ass, fir erlieft ze ginn, gëtt op eemol zum Gespréichstheema – och bei Leit, déi mat Konscht soss näischt um Hutt hunn.
Déi asozial Säit: Virun den Infinity-Rooms stinn d’Leit dacks laang an der Schlaang, fir dann eleng oder zu zwee am Raum ze stoen an den Handy virun d’Gesiicht ze halen. De Bléck geet net an d’Onendlechkeet, mee op de Bildschierm. Mir sinn net do, wou mir sinn, mee scho bei deenen, déi d’Foto spéider gesinn. Esou gesi gëtt de Selfie e bëssen de Géigendeel vun deem, wat d’Kusama wollt: Wou si den Ech an der Onendlechkeet wollt verschwanne loossen, stellt de Selfie en an de Mëttelpunkt – nämlech d’Persoun, déi ze gesinn ass.
Kaihō heescht sech befreien – och vun der Fro, wéi ee „richteg“ Konscht kuckt. Spigele weisen eis jo just, wat virun hinne steet. Wat mir am Infinity-Room gesinn, Luuchten, Waasser oder eis selwer, decidéiere mir also selwer. Ob een am Infinity-Room e Selfie mécht oder einfach nëmme kuckt, muss jidderee fir sech erausfannen. Bis de 14. Februar 2027 kann een et am Mudam selwer ausprobéieren – mat oder ouni Handy.
En Artikel vum Alison Annicchiarico
„Kaihō: Japanese Women Artists after 1945“, Mudam Luxembourg – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean, 3, Park Dräi Eechelen, Lëtzebuerg. Bis de 14. Februar 2027. www.mudam.com
Foto Copyright:
Yayoi Kusama, Infinity Room: Fireflies on the Water, 2000
Vue d’exposition Kaihō: Japanese Women Artists after 1945, 25.09.2026–14.02.2027
Mudam Luxembourg – Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean
Foto: Marion Dessard © Mudam Luxembourg