Op meng Fro, firwat hir déi op Instagram an TikTok ongefiltert Authentizitéit vun hire Bäiträg esou wichteg ass, muss d’Djuna Bernard schmunzelen: „Och wann elo kee Filter vun engem Journalist dropgesat gouf, ass et jo awer gefiltert, well ech – awer och all déi aner User an de soziale Medien – ganz kloer entscheeden, wat ech do wëll weisen a wat net.“ Genee dat gesäit si awer och als Deel vum Social-Media-Problem, well eeben och dëst an hiren Aen eng Scheinwelt ass. Jidderee géif sech op eng gewësse Manéier duerstellen, ewéi wann dat déi eenzeg Realitéit vun engem wär.
Iwwregens stéiert sech déi gréng Politikerin um Begrëff „sozial Medien“, well se hirer Meenung no net wierklech sozial sinn, an nennt se léiwer „nei Medien“. Dëst och, fir den Ënnerscheed zu de klassesche Medien – dem Radio, der Tëlee an der geschriwwener Press – ze verdäitlechen, där hir Roll se kengesweegs a Fro stelle wëll. Leider géifen dës klassesch Medien awer ëmmer manner konsuméiert ginn. Mee fir d’Leit, déi samsdes hir Dageszeitung liesen, wär déi ëmmer nach eng zentral Informatiounsquell.
Ech froen d’Djuna Bernard, firwat si dann eigentlech esou aktiv an den Netzwierker ass. „Als Politikerin wëll een am Idealfall, datt engem seng Kommunikatioun, seng Messagen an d’Aarbecht, déi ee mécht, bei engem breede Public ukommen, eeben och bei deenen, déi keng traditionell Medie konsuméieren. Iwwer déi verschidde Reseaue probéiert een, esou vill wéi méiglech Leit ze erreechen. Facebook gëtt éischter vun enger méi eelerer Generatioun benotzt, Instagram läit genee a menger Alterskategorie an déi ganz Jonk sinn éischter op TikTok“, resüméiert si d’Situatioun. A grad TikTok wéilt si net deene Rietsen iwwerloossen, déi do immens staark vertruede wieren. Och géifen do immens vill Falschinformatiounen zirkuléieren.
E klengen Abléck an d’Privatliewen
Deels gëtt déi jonk Deputéiert vun hirer klenger Kommunikatiounsekipp beroden, wat si wéi poste soll. Dëst besonnesch bei méi grousse politeschen Theemen, wou se dann éischter e Video géif maachen. Awer villes géif se och selwer entscheeden, well se de Leit och de Mënsch hanner der Politikerin weise wéilt. E klengen Abléck an d’Privatliewen ze ginn, gesäit si als nei Form vu Politik. „D’Leit wëllen net nëmme Videoen a Fotoen iwwer meng Rieden an der Chamber gesinn.“ Niewent hirem Privatliewen, bis zu engem gewëssene Grad, probéiert si awer och, hir politesch Vuen an Inhalter iwwer hir Kanäl matzedeelen, iwwer hir Aarbecht als Politikerin ze kommunizéieren an doduerch Feedback a Kommentarer vun de Leit ze kréien, déi se dann erëm an hir politesch Aarbecht mat abrénge kann. Doduerch kann sech och e „politesche Momentum“ bilden. Si nennt als Beispill d’Bëschbränn am Summer, wou vill Leit si besuergt ugeschriwwen hätten.
Den Trend vun #btw (by the way) hat si sech deemools bei däitsche Politiker*innen ofgekuckt. „Domat probéiert een, Realitéiten ze weisen, déi ee soss net géif weisen“, erkläert si. Fir si ass et wichteg, och déi méi vulnerabel Säit vum Politiker respektiv vun der Politikerin ze weisen. Si nennt dat e Generatiounewandel an der Politik. „Fréier waren et gréisstendeels eeler Männer, déi d’Bild vun engem staarke Politiker ofginn hunn, déi d’Land am Grëff haten. Déi hunn eng gewësse Stabilitéit an e gewëssene Seriö ausgestraalt. Haut hu mer och vill jonk Leit a Fraen, déi Politik maachen, an déi hunn en anert Selbstverständnes a stellen eppes aneres duer.“
Fir d’Djuna Bernard ass dat eng Plus-value, mat där sech vill Leit identifizéiere kënnen. A genee dowéinst sollt een sech och als Mënsch weisen, deen eeben net ëmmer gutt gelaunt ass a bei deem net ëmmer alles perfekt ass. „Schwächt weise féiert awer och dozou, datt anerer dat ausnotzen“, gëtt si ze bedenken. „Mee déi Vulnerabilitéit huelen ech gären a Kaf, well se en Deel vu mir ass.“ Haassrieden an Drounge géint hir Persoun huet se och scho kritt. „D’Netz ass kee rechtsfräie Raum. Ech maachen do systematesch eng Plainte“, seet si. Eng rout Linn zitt déi gréng Politikerin awer bei Bezéiungssaachen oder ganz private Momenter. „Et muss net jiddereen zu all Moment alles iwwer mech wëssen.“
E Verbuet fir Jonker ass keng Léisung
Mee och d’Plattforme selwer missten hiren Deel vun der Verantwortung iwwerhuelen, andeems se Mechanismen en place setzen, duerch déi ee Gewalt, Iwwergrëffer, rassistesch Aussoen oder Diskriminéierung ka mellen. Besonnesch wichteg ass der Djuna Bernard de Jugendschutz. Hir Positioun an och déi vun hirer Partei ass et awer net, ze mengen, datt een, esou wéi den EU Kids Act* et virgesäit, mat engem pauschale Verbuet fir Mannerjäreger ënner 15 Joer all d’Problemer léise kéint. Fir si ass et éischter en Zesummespill vun Opklärung bei de Jonken – spréch Mediebildung an der Schoul, wou ee léiert, alles kritesch ze hannerfroen –, Virbildfunktioun vun den Elteren a Verantwortung vun de Plattformen. Bei dësem leschte Punkt fënnt si ganz besonnesch den Doomscrolling problematesch, bei deem een ëmmer weider Biller a Videoen ugewise kritt, déi engem Algorithmus follegen an déi deels héichproblematesch Inhalter fir Kanner a Jugendlecher hunn.
Den EU Digital Services Act* soll méi Reguléierung an d’sozial Medie bréngen. Dat selwecht gëllt fir den EU AI Act*. Dat si fir d’Djuna Bernard schonn déi richteg Outilen, allerdéngs géif d’Gesetzgeebung der ultraséierer Entwécklung an deem Beräich hoffnungslos hannendrulafen. „Soubal en neit Reguléierungsgesetz op EU-Niveau gestëmmt gouf a Lëtzebuerg et an nationaalt Recht ëmgesat huet, si schonn erëm nei Saachen opgedaucht, déi net méi vun deem Gesetz ofgedeckt sinn.“
Och wann déi gréng Deputéiert léiwer vun „neie Medie“ schwätzt, wär awer net ëmmer alles un dëse Medie schlecht. „Se kéinten eng wichteg Roll a verschiddene Revolutionen oder bei Demokratiséierungsprozesser spillen, se erméigleche wichteg Netzwierkaarbecht a kënnen eng Hëllef bei der Sich no Informatioune sinn.“ D’Djuna Bernard erzielt mir d’Geschicht vun engem Jonken, deen sech als schwul oute wollt, sech dat awer weeder géigeniwwer sengen Elteren nach géigeniwwer de Psychologen a sengem Lycée getraut huet. Iwwer déi richteg Kanäl op Instagram an TikTok huet hien dunn endlech dee richtegen Uschloss fonnt.
Sinn et dann elo „sozial Medien“ oder „asozial Medien“?, wëll ech vun der grénger Politikerin wëssen. D’Djuna Bernard hat am Ufank vun eisem Gespréich de Begrëff „nei Medie“ benotzt. Si seet, datt si déi Medien net als sozial kéint bezeechnen, well d’Leit doduerch manner Zäit dobausse respektiv a Gesellschaft verbréngen an sech méi op sech selwer bezéien, andeems se ganz individualistesch hir Plattforme konsuméieren. Mee sou ganz schwaarz-wäiss gesäit si dat trotzdeem net. Déi „nei Medie“ bidden innerhalb vun hire Plattforme vill nei Austauschméiglechkeeten a baue Barriären of, wat ënner deem Bléckwénkel erëm sozial wär. „Dat sollt een esou unerkennen, mee ech sinn awer der Meenung, datt vill Leit méi glécklech zu där Zäit waren, wéi et nach keng ‚nei Medie‘ goufen.“
En Artikel vum Eric Rings
Topp 3 vun de Liblingsemojien
🫠: Emoji, dee schmëlzt. D. B.: „Fir mech ass et e liicht peinlech beréierte Smiley.“
🤝: Handshake-Emoji
👀: Aen, déi genëschelt oder virwëlzeg eriwwerkucken
Entweeder-oder-Froen (fir opzeklappen)
INFOBOX: (fir erauszeklappen)
*Erklärungen
1) Den EU Kids Act (offiziell: EU Keeping Internet Digital Spaces Accountable and Trustworthy) ass e Gesetzesentworf vun der Europäescher Kommissioun, deen de 17. September 2026 virgestallt gouf. D’Zil vun dëser Veruerdnung ass et, Kanner a Jugendlecher am digitale Raum fundamental besser virun de Risike vu soziale Medien, vu Mechanismen, déi süchteg maachen, a viru schiedleche KI-Inhalter ze schützen.
2) Den EU Digital Services Act (DSA) ass en EU-Gesetz, dat den Online-Raum méi sécher a méi transparent soll maachen. D’Haaptzil ass et, d’Grondrechter vun de Benotzer am Internet ze schützen an illegal Inhalter méi séier ze bekämpfen. Kuerz gesot gëllt de Prinzip: Wat offline illegal ass, dat muss och online illegal sinn.
D’Reegele gëllen zanter dem 17. Februar 2024 fir bal all digital Plattformen an der EU, woubäi ganz grouss Konzerner extrastreng Oploen hunn.
3) Den EU AI Act (op Lëtzebuergesch: EU-Veruerdnung iwwer d’Kënschtlech Intelligenz) ass dat weltwäit éischt ëmfaassend Gesetz fir Kënschtlech Intelligenz (KI). Et reegelt, wéi KI-Systemer an Europa entwéckelt a benotzt däerfe ginn, fir d’Sécherheet an d’Grondrechter vun de Bierger ze schützen, ouni dobäi d’Innovatioun ze bremsen.
D’Veruerdnung follegt engem risikobaséierten Usaz – dat heescht: Wat de Risiko vun enger KI-Applikatioun fir d’Gesellschaft méi héich ass, wat d’Reegele méi streng sinn.