Mäin Navi féiert mech an eng kleng Säitestrooss vun engem rouege Wunnquartier zu Mamer. Op der Schell vum Reienhaus steet einfach nëmme „Kandel“. Ech fanne keen Hiweis, datt sech an dësem Haus dat gréisste Lidderarchiv vu Lëtzebuerg verstoppt, bis de Jean Kandel mir d’Dier opmécht. Hien huet en Hiem mat kuerzen Äerm un an eng Jeansbox, déi bis un d’Knéie geet. A senge Birkenstock-Schlappe leeft hie viru mir d’Trap erop bis op den éischte Stack, wou sech säin Aarbechtszëmmer befënnt.
Mat sengem wäisse Baart a senger e bësse méi zeréckhalender Aart ass hie mir direkt sympathesch. Un de Mauere stinn iwwerall Regaler, déi mat Bicher, Dossieren an Hefter gefëllt sinn. Un der Säit, niewent der Fënster, befënnt sech ee Stänner mat CD’en an ee mat Kassetten.
Säit ronn 20 Joer ass de Jean Kandel an der Pensioun. Säi fréiere Beruff hat allerdéngs guer näischt mat Lëtzebuerger Musek, Gesang oder Lidder ze dinn. Dat war fir hien ëmmer en Hobby, eng Leidenschaft. Dës Begeeschterung koum, wéi hien e klenge Bouf war. „Mäi Papp war deemools e gudde Sänger a laang Zäit President vum Stroossener Gesangsveräin“, erënnert hie sech. Doheem ass vill gesonge ginn an esou huet hie lues a lues ugefaangen, Lidder ze sammelen. Bis et der ëmmer méi gi sinn. „Haut hunn ech eng ronn 4.900 Partituren[1] a mengem Archiv“, seet hien.
Hien huet awer och eng ganz Rei Texter, zu deenen hien nach keng passend Musek fonnt huet. Dacks fënnt hien hei den Hiweis „no enger franséischer Melodie“ oder „no enger däitscher Melodie“. „Ech zielen dann d’Silben a probéieren erauszefannen, wéi eng Melodie da kéint drop passen. Dat ass awer guer net einfach.“ Aus dësem Grond huet de Jean Kandel sech zousätzlech nach e ganze Stock un däitschen a franséische Lidder ugeschaaft, déi hien am Keller versuergt.
Tëschent de Regaler a sengem Aarbechtszëmmer steet e Pult mat engem Computer drop. „Dat ass mäin digitaalt Archiv“, erkläert hien. Mat Hëllef vun engem Computerprogramm sammelt hien an eenzelne Kolonnen zu all Lidd verschidden Informatiounen, fir datt een et bei der Sich erëmfënnt. Niewent dem Titel vum Lidd fënnt ee weider Rubricke mat Informatiounen, zum Beispill den éischte Saz vum Text, den Auteur vum Text, dee vun der Melodie oder a wéi engem Buch sech d’Lidd befënnt. „An da ginn et verschidde Lidder, vun deenen et zwou oder dräi Versioune gëtt. Dann ass eng aner Melodie oder en aneren Text derbäi. Da probéieren ech, dat esou ze archivéieren“, erkläert de Jean Kandel.
Hie gëtt eis e Beispill: „D’Lidd Zu Arel op der Knippchen, dat sange mir mam Refrain Direling ding ding. Zu Arel, wou och Lëtzebuerger Lidder gesonge ginn, do hunn se awer en anere Refrain: Mum ame léis, mum ame léis. An dat ass fir d’Archiv dann awer en anert Lidd a muss deementspriechend vermierkt ginn. Firwat och ëmmer si dat als Refrain benotzt hunn; vläicht huet hinnen den Direling ding ding net esou gefall.“
Um Computer weist de Jean Kandel mir e spezielle Programm, an deem hie selwer Nouten oder ganz Partiture schreiwe kann. „Dëst ass ganz nëtzlech, well et dacks virkënnt, datt ech Lidder virgesonge kréien a kee weess, wou d’Melodie hierkënnt. D’Leit soe mir dann, datt si e Lidd kennen, dat fréier de Bop mol gesongen huet. Op d’Gehéier schreiwen ech dann eng nei Partitur.“ Wann hien d’Lidd dann och wëll vertounen, hëlt hien et mat a säi Chouer, fir et do zesummen ze sangen an opzehuelen. Hien ass den Dirigent vun de Becheler Sänger, déi sech ënner dem Motto „Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen“ reegelméisseg zu Bäreldeng treffen, fir al Lidder zesummen ze sangen. De Jean Kandel geet dovunner aus, datt et ganz vill Lidder ginn, déi nëmme mëndlech iwwerliwwert sinn. „Dofir ass dës Method immens wichteg.“ Hien huet och insgesamt dräi Bicherbänn publizéiert. Déi zwee éischt bestinn aus deenen ale Lidder, déi säi Papp deemools gesongen huet an déi néierens schrëftlech festgehal goufen. Am drëtte Band fënnt ee Lidder, déi de Jean Kandel selwer geschriwwen a komponéiert huet.
Fir mer ze illustréieren, wéi spannend d’Geschichten hanner munche Lidder sinn, zielt hie mir eng Anekdot: E Noper vun him war laang Zäit op der Sich no engem Lidd, dat en einfach net fonnt huet an sech dowéinst un de Jean Kandel gewannt huet. Den Noper wousst weeder den Titel nach den Ufank vum Text. Hie wousst just véier Wierder aus dem Lidd: „an de Corseli[2] kraacht“. De Jean Kandel ass der Saach nogaangen an huet enges Daags tatsächlech méi iwwer dat Lidd erausfonnt. „Du hunn ech geduecht ,dat gëtt et dach net‘; mee mir haten et fonnt!“
Et ass e Lidd, dat direkt nom Zweete Weltkrich geschriwwe gouf. „Deemools hate vill Lëtzebuerger Meedercher en A op d’amerikanesch Zaldote geworf“, erkläert hien. Sou koum et, datt e Lidd iwwer eng jonk Fra, déi mat engem amerikaneschen Zaldot an enger Jeep souz, entstanen ass. De Jean Kandel zitéiert aus dem Lidd: „Mat enger Hand, do steiert en d’Jeep, mat där anerer steiert e mech, a mär hu gutt gelaacht, an de Corseli kraacht.“
De Jean Kandel gouf 2022 mat der Sëlwer-Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz fir säin Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch geéiert. Hie seet awer och, datt et mëttlerweil ëmmer méi Archiven doruechter ginn: an de Gemengen, de Veräiner a souguer bei de Famillen doheem. Doniewft gëtt et dann och nach den Departement Cedom (Centre d’études et de documentation musicales) an der Nationalbibliothéik, wou eng Hellewull Lëtzebuerger Lidder archivéiert sinn, eeben och, fir datt dës net vergiess solle ginn.
Zum Schluss gëtt de Jean Kandel mir nach e wichtege Message mat op den Heemwee: „Wann een e Lidd sicht, da soll e mech iwwer E-Mail kontaktéieren an ech hëllefe gäre weider. Well et geet mir drëms, datt dat alles soll erhale bleiwen. Ech soen ëmmer: En Archiv ass net, fir an e Schaf ze leeën, mee en Archiv muss schaffen.“
En Artikel vum Eric Rings
Band 1: Lëtzebuerger Lidder … däerfen net verluer goen! (Een neit Buch mat ale Lidder) – enthält traditionell Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Nouten an Akkorden, déi virdrun nach ni an engem anere Lidderbuch ze fanne waren. Heibäi handelt et sech ëm all déi Lidder, déi dem Jean Kandel säi Papp a säi Monni fréier gesongen hunn. Well hie sech d’Texter selwer net gutt konnt auswenneg verhalen, huet hien sech se opgeschriwwen, well kee se méi kannt huet.
Band 2: Lëtzebuerger Lidder … däerfen net verluer goen! – d’Fortsetzung vun der Sammlung vu seelenen, traditionelle Pärelen aus der lëtzebuergescher Musekswelt.
Band 3: Lidder a Gedichter vum Kandel’s Jang! (fir e lëschtegen Owend) – Am Géigesaz zu deenen aneren zwee Bänn fënnt een an dësem drëtten Deel iwwer 50 vum Jean Kandel selwer verfaasste Gedichter, Sketcher an nei komponéiert Lidder.
Vun eiser Nationalhymn „Ons Heemecht“ kennen déi meescht Leit just déi éischt Stroph. Déi bekannt Zeil „O, Du do uewen, deem seng Hand“ ass iwweregens net aus der zweeter, mee a Wierklechkeet aus der véierter Stroph. Historesch gesinn, gouf d’Hymn fir d’éischt um Kiosk zu Ettelbréck gesongen. En aalt Dokument aus dem „Reider vun Ettelbréck“ weist, datt d’Lidd am Ganze siwe Strophen huet. Dorënner ass eng Stroph vun der Onofhängegkeetsfeier 1939 (iwwer d’BBC gesent, wéi d’Grande-Duchesse Charlotte 1944 zu London am Exil war) an eng onbekannt, awer textlech ganz interessant siwent Stroph. „Esou wäertvoll historesch Entdeckunge mussen onbedéngt an engem Archiv versuergt ginn, fir datt dëst Wëssen net verluer geet“, betount de Jean Kandel.