Wien zu Lëtzebuerg un d’Handwierk denkt, stellt sech Entrepreneuren[1], Installateuren, Bäckeren, Coifferen, Elektriker, Metallbauer oder Mecaniciene vir. Dës Beruffer kënne ganz ënnerschiddlech sinn, och wann se alleguerten eppes gemeinsam hunn: Se gi vun Handwierker ausgeüübt.
Iwwer 8.000 Betriber an Zéngdausende vun Handwierker suergen all Dag derfir, datt zu Lëtzebuerg Haiser gebaut, Brout gebak, Autoe reparéiert a Solarzellen de Wee op den Daach vum Haus fannen. Mee wie schwätzt eigentlech fir all dës Leit a wie këmmert sech ëm se? D’Äntwert féiert eis bei zwou Institutiounen, déi op den éischte Bléck ganz änlech sinn, tatsächlech awer ënnerschiddlech Aufgaben erfëllen.
D’Chambre des métiers ass d’ëffentlech-rechtlech Beruffskummer vum Handwierk, där hir Existenz an Aufgabe gesetzlech gereegelt sinn. Jidder Handwierksbetrieb zu Lëtzebuerg gehéiert automatesch dëser Kummer un.
Mee hir Aufgabe gi wäit iwwer eng klassesch Interessevertriedung eraus. Dozou gehéieren ënner anerem d’Berodung vu Betribsgrënner*innen, d’Begleedung vun Entreprisë bei hirer Weiderentwécklung oder d’Organisatioun vun Ausbildungs- a Weiderbildungsofferen. D’Chambre des métiers ass och den Uspriechpartner fir d’Regierung an d’Parlament, wann et drëms geet, nei Gesetzer virzebereeden, déi Auswierkungen op d’Handwierk kéinten hunn.
D’Handwierkskummer ass also net nëmmen e Sproochrouer, mee och Déngschtleeschter, Beroder an institutionelle Partner vum Staat. Domat ass se souzesoen d’Fundament, op deem d’Lëtzebuerger Ekonomie am Handwierksberäich opbaut.
Wärend d’Handwierkskummer eng ëffentlech Institutioun ass, versteet sech d’Fédération des artisans éischter als Daachverband vun der Handwierksbranche an als Interessevertrieder vun de Patronen. Hei sti manner déi ëffentlech Aufgaben am Mëttelpunkt, dofir vill méi déi politesch an ekonomesch Vertriedung vun de Betriber, déi Member bei hir sinn.
Duerch déi ënnerschiddlech Aufgaben, déi déi zwee Verbänn erfëllen, ergänzen se sech a villen Hisiichten. D’Handwierkskummer muss als ëffentlech Institutioun d’Interesse vum ganzen Handwierk berücksichtegen a gläichzäiteg hire gesetzlechen Optrag erfëllen. D’Federatioun kann dogéint méi pointéiert optrieden an déi konkreet Fuerderunge vun den Entrepreneuren an de Mëttelpunkt stellen.
An der Praxis schaffen d’Chambre des métiers an d’Fédération des artisans enk zesummen a verfollegen dacks déi selwecht Ziler. Dës Zesummenaarbecht ass keen Zoufall, well d’Lëtzebuerger Handwierk viru groussen Erausfuerderunge steet. Dozou gehéieren d’Digitaliséierung, d’Energiewend, déi steigend Käschten an d’Course ëm qualifizéiert Handwierker. Dofir huet de KONTERBONT de Vertrieder vun de jeeweilege Verbänn e puer konkreet Froen zu den neien Erausfuerderunge gestallt.
KONTERBONT: Wéi veränneren d’Digitaliséierung an d’Kënschtlech Intelligenz d’Handwierk zu Lëtzebuerg a wéi eng Kompetenze ginn an Zukunft wichteg?
Hanna Meyer: Se vereinfachen administrativ Prozesser a reduzéiere Bürokratie. Dëst spuert Zäit, soudatt Betriber sech erëm op hire Kärberuff konzentréiere kënnen. Handwierker integréieren haut aktiv nei Technologien. An Zukunft gewannen dofir digital Kompetenzen, Adaptatiounsfäegkeet a kontinuéierlech Weiderbildung u Bedeitung.
KB: Entstinn nei Handwierksberuffer oder Spezialiséierungen? Wéi reagéiert d’Aus- a Weiderbildung dorop?
H.M.: Jo, et entstinn nei Spezialiséierungen op der Schnëttstell tëschent klasseschem Handwierk an digitalen Tools wéi intelligent Systemer oder KI-Léisungen. D’Aus- an d’Weiderbildung integréieren dës digital Skills ëmmer méi staark. D’Chambre des métiers schafft dofir ënner anerem mam Digital Learning Hub zesummen.
KB: Firwat sinn d’Handwierk an d’Digitalisatioun haut kee Widdersproch méi?
H.M.: Well Technologien déi manuell Aarbecht net ersetzen, mee se geziilt ënnerstëtzen. Se maache Prozesser méi effizient, reduzéiere Feeler a verbesseren d’Qualitéit. Besonnesch fir kleng Betriber bidden d’Digitaliséierung an d’KI eng grouss Entlaaschtung vum administrativen Opwand. D’Kärkompetenz bleift de prakteschen Knowhow, ergänzt duerch digital Tools.
KB: Wéi héich ass haut den Undeel vu Fraen am Handwierk? A wéi huet sech dësen an de leschte Joren entwéckelt?
H.M.: Den Undeel klëmmt lues a lues a läit mëttlerweil bei ronn engem Drëttel. Trotz enger positiver Dynamik zanter den 90er-Jore bleift d’Part vu Fraen ausbaufäeg, mat däitlechen Ënnerscheeder tëschent de Beruffer. D’Chambre des métiers engagéiert sech, fir méi Fraen a Jonker fir d’Handwierksberuffer ze begeeschteren, fir de Secteur méi divers an zukunftsfäeg ze maachen.
KB: Wéi schätzt Dir de gesellschaftleche Stellewäert vum Handwierk haut zu Lëtzebuerg an? Kritt d’Handwierk déi Unerkennung, déi et verdéngt?
H.M.: De Stellewäert ass an de leschte Jore kloer geklommen. Besonnesch wärend der Pandemie gouf villen d’Essentialitéit vum Handwierk bewosst. De Secteur schafft aktiv un sengem Image, zum Beispill mat Campagnë wéi „Make. Shape. Create.“. Och digital Entwécklunge wéi KI droen derzou bäi, datt d’Handwierk international ëmmer méi als attraktiv Alternativ zum klassesche Studium gesi gëtt.
KB: Wat ass dat gréisst Mëssverständnes, dat d’Leit haut nach ëmmer a puncto Handwierk hunn?
H.M.: Handwierksberuffer an d’Beruffsausbildung ginn dacks nach als „zweet Wiel“ am Verglach zu enger akadeemescher Karriär ugesinn. Wann Elteren, Enseignanten an d’soziaalt Ëmfeld d’Handwierk als gläichwäerteg schätze géifen, kéinte jonk Leit sech vill méi fräi fir hire Wee entscheeden. Dës Ännerung am Verständnis géif d’Attraktivitéit erhéijen an hëllefen, de Mangel u qualifizéierte Fachleit ze léisen.
KB: Wann Dir engem 16-Järegen oder enger 16-Järeger an engem Saz erkläre misst, firwat eng Karriär am Handwierk attraktiv ass – wat géift Dir soen?
H.M.: „Am Handwierk hues du exzellent Karriärperspektiven, schaffs mat passionéierte Leit zesummen, léiers all Dag bäi – an du gesäis all Owend konkreet, wat s de mat dengen eegenen Hänn geschaf hues.“
KONTERBONT: Wéi bereeden sech d’Lëtzebuerger Handwierksbetriber op den Asaz vu KI an automatiséierte Prozesser vir? Gesitt Dir éischter Chancen oder Risike fir kleng a mëttelgrouss Betriber?
Luc Meyer: Éierlech gesot ass d’Virbereedung ganz ongläich. Gréisser Betriber investéieren an digital Technik, vill Klenger stinn nach um Ufank. Ech gesinn haaptsächlech Chancen, well Software a KI beim Fachkräftemangel hëllefen, andeem se Zäit bei den Offeren, der Planung an der Dokumentatioun spueren. Dat eigentlecht Risiko ass net „ze vill KI“, mee de wuessenden Ofstand tëschent deenen, déi elo matmaachen, an deenen, déi waarden. D’Kärgeschäft – wéi eng Heizung installéieren oder en Daach decken – automatiséiert sech net ewech. Dat mécht d’Handwierk krisefest.
KB: Vill Leit verbannen d’Handwierk nach ëmmer mat traditioneller manueller Aarbecht. Firwat sinn d’Handwierk an d’Digitalisatioun haut kee Widdersproch méi?
L.M.: Well d’Bild dem Beruff hannendrunhänkt. Wien haut eng Léier mécht, schafft mat digitaler Vermiessung, 3D-Planung, vernetzter Gebaitechnik, Wäermepompelen, Smart-Home-Systemer. De Schräiner plangt mat CAD (computerënnerstëtzt Zeechnen) an den Elektriker programméiert Anlagen, amplaz nëmme Kabelen ze leeën. D’Digitaliséierung ersetzt d’Handwierk net – se ass scho laang en Deel dervun. De Widdersproch existéiert nëmmen am Kapp, net am Atelier oder um Chantier.
KB: Wat musse Betriber maachen, fir d’Handwierk nach méi attraktiv fir Fraen ze maachen?
L.M.: Betriber kënnen eppes maachen: modern, sécher Aarbechtsplazen, flexibel Aarbechtszäitmodeller, eng Kultur ouni Virurteeler vu gëschter – a siichtbar Virbiller, also Fraen, déi Betriber féieren. Dat wierkt méi staark ewéi all Campagne.
KB: Wéi schätzt Dir de gesellschaftleche Stellewäert vum Handwierk haut zu Lëtzebuerg an? Kritt d’Handwierk déi Unerkennung, déi et verdéngt?
L.M.: De Stellewäert ass eropgaang, spéitstens zënterdeem jidderee gemierkt huet, datt ee laang op en Handwierker waart. Mee d’Unerkennung hänkt der Bedeitung hannendrun. D’Handwierk ass eng reell wirtschaftlech Substanz: Et baut, sanéiert, versuergt, hält d’Land um Lafen. Trotzdeem gëtt et am Bildungssystem dacks nach behandelt, ewéi wann eng Léier déi zweet Wiel wier fir déi, bei deenen et akadeemesch net duergaangen ass. Soulaang en Handwierksberuff an der Orientéierung als Plang B gëllt an net als eegestännegen, usprochsvollen a séchere Wee, feelt dës Unerkennung.
KB: Wat ass dat gréisst Mëssverständnes, dat d’Leit haut nach ëmmer par rapport zum Handwierk hunn?
L.M.: Datt et einfach geréngqualifizéiert Aarbecht wier. De Géigendeel stëmmt: Modern Handwierksberuffer verlaangen technescht Wëssen, digital Kompetenz, Clientverständnes an Entrepreneur-Denken. An et ass e Wee mat Perspektiv – gefrot, krisesécher, mat der reeller Optioun, sech selbststänneg ze maachen an anerer ze beschäftegen.
KB: Wann Dir engem 16-Järegen oder enger 16-Järeger haut misst an engem Saz erklären, firwat eng Karriär am Handwierk attraktiv ass – wat géift Dir soen?
L.M.: Am Handwierk léiers du eppes Echtes, dat der kee méi ewechhuele kann – du gëss ëmmer gebraucht, du gesäis owes, wat s de geschaaft hues, a wärend anerer nach iwwerleeën, wat se eng Kéier ginn, kanns du mat Mëtt zwanzeg däin eegene Chef sinn. Oder méi dréche gesot: Léier en Handwierk – du gëss gebraucht, du verdéngs gutt an du baus mat dengen Hänn Saachen, déi no dir nach stinn.
Artikel an Interviewe vum Eric Rings
[1] Natierlech ginn et och Fraen, déi an dëse Beruffer schaffen. Historesch gesinn ass d’Handwierk aus diverse Grënn awer staark männlech gepräägt. Wann hei an am Follgenden ëmmer déi männlech Form gewielt gëtt, da just wéinst der Lieserfrëndlechkeet.