Zanter Joren beschwéiert sech dʼLëtzebuerger Baubranche iwwer e Mangel un Aarbechter. Ëmmerhi ka manner gebaut ginn, wann déi noutwendeg Aarbechter feelen. An engem Land mat enger héijer Nofro klammen dann dʼPräisser. Ënner de Konsequenze leide Bevëlkerung a Wirtschaft. DʼLëtzebuerger Wettbewerbsagence stellt sech elo awer an engem Bericht iwwer dʼPromoteursbranche dʼFro no der Ursaach a Wierkung. Si gesinn hire Secteur awer net onbedéngt als Affer vun engem bestoende Mangel.
„Et ass net auszeschléissen, datt de Mangel un Aarbechter op eng Ofsprooch tëscht de Patronen zeréckzeféieren ass, fir dʼPaien niddereg ze halen an dʼAstellung manner attraktiv ze maachen“, schreift dʼAgence an hirer Studie. An der Folleg géif dann dʼBaukapazitéit an domat dʼZuel vun den nei gebaute Wunnenge reduzéiert ginn, wat dann zu méi héije Verkafspräisser féiere kéint.
DʼAgence begrënnt dʼAusso domat, datt dʼBaubranche heizuland ee vun de Secteure mat den nidderegsten Duerchschnëttskäschte pro geleeschter Aarbechtsstonn ass. Tatsächlech erreechen déi duerchschnëttlech Käschte pro Stonn am vergaangene Joer 32,4 Euro, sou dʼWettbewerbsagence. Nëmmen an de Beräicher „aner wirtschaftlech Déngschtleeschtungen“ an „Iwwernuechtung a Gastronomie“ wären se nach méi niddereg. Dëst virum Hannergrond, datt déi duerchschnëttlech Käschte pro Aarbechtsstonn an der Baubranche an den dräi Nopeschlänner méi héich sinn (zum Beispill bei 36 Euro pro Aarbechtsstonn an der Belsch).
Zudeem louch déi duerchschnëttlech Wuesstumszuel vun de Käschte pro Aarbechtsstonn an der Baubranche tëscht 2020 an 2022 bei 3,2 Prozent an domat ënner dem Duerchschnëtt vun alle Secteuren (3,5 Prozent), esou de Rapport weider. „Dat heescht, datt sech dʼAarbechtskäschten am Vergläich zu anere Secteuren ënnerduerchschnëttlech entwéckelen.“
Zur nämmlechter Zäit ass tëscht 2010 an 2020 de sougenannte Bruttobetribsiwwerschoss an der Promoteursbranche ëm bal dat Aachtfacht geklommen, ouni datt méi Wunnenge gebaut goufen, ënnersträicht dʼAgence weider. Och wann dat zum Deel op d’Präisser fir Bauland, déi rasant klammen, zeréckzeféieren ass, sou freet si sech awer, ob sech an de leschte Joren de Gewënn, dee vun den Trägeren opkaaft gouf, op dʼWunnengskäschten nidderschléit, ouni datt dʼAarbechtskräften eppes dovu kréien.
Fir dʼAgence gëtt et zwou Haapthypothesen, déi de konstante Mangel erkläre kéinten. Engersäits kéint dësen op onattraktiv Aarbechtskonditiounen zeréckzeféiere sinn, anerersäits kéint dee vun de Patronen beklote Mangel, esouwäit deen sech op qualifizéiert Aarbechtsplaze bezitt, op e schlecht Verhältnes tëscht dem Besoin vun den Entreprisen an der Branche an de Qualifikatioune vun den disponibelen Aarbechter zeréckzeféiere sinn.
„Aus wettbewerbsrechtlecher Siicht stellt sech dʼFro, ob dëse Phenomeen op eng onzoulässeg Ofsprooch tëscht de groussen Acteuren vun der Branche zeréckzeféieren ass, déi sech eens gi sinn, dʼPaien niddereg ze halen an dʼUstellung vun Aarbechter manner attraktiv ze maachen“, freet sech dʼAgence. Déi wéineg attraktiv Aarbechtskonditioune géifen deemno dʼBaukapazitéite vun den Acteure reduzéieren, dʼZuel vun den nei gebaute Wunnengen erofdrécken, dʼPräisser an dʼHéicht dreiwen a gläichzäiteg dʼGewënner vun de Patronen klamme loossen.
„Betruecht een d‘Entwécklung vum sougenannte Bruttobetribsiwwerschoss an der Promoteursbranche, wär et effektiv räsonabel, ze erwaarden, datt de Wettbewerb ëm Aarbechtskräften zu méi héije Paie féiere géif“, sou dʼAgence.
Den OGBL gesäit dat wuel änlech: Amplaz mam Sträiche vun Aarbechtsplazen ze dreeën, soll de Secteur besser e Gest maachen, fir ze weisen, datt en attraktiv bleift, sou dʼGewerkschaft viru ronn zwou Wochen géintiwwer dem Tageblatt. Deemools haten dʼPatrone vun der Branche viru Krise-Konsequenze fir dausende Mataarbechter vum Secteur gewarnt. Méi attraktiv Aarbechtsbedéngunge schénge keng Prioritéit ze sinn. D’Verhandlungen iwwer e Kollektivvertrag zéie sech schonn zanter 18 Méint ëmmer weider an dʼLängt, sou dʼGewerkschaft deemools.
Bei den Handwierksleit ass een net frou iwwer dʼAussoen, déi an dësem Bericht gemaach goufen. „Ginn et Fakten, Här Minister, déi op kriminell Aktivitéiten, Ofsproochen oder soss eppes hiweisen?“, freet de Romain Schmit vun der „Fédération des artisans“ op Twitter un de Wirtschaftsminister Franz Fayot geriicht. „Wa jo, #NameAndShame! Wann net, ass et alt nees eng Sau, déi duerch dʼDuerf gedriwwe gëtt …“
En Artikel vum Christian Muller (Tageblatt)