Fotoen: © Alain Holtz  

Tiny House: manner ass méi

Liewen am Tiny House

Am Abrëll vun dësem Joer war et dann esou wäit fir d’Lis an den Alain. Déi zwee hunn sech säit Laangem en autarkt an nohaltegt Liewe gewënscht a konnten endlech déi éischt Nuecht an hirem Tinyhouse Maus Kätti verbréngen.

Previous slide
Next slide
[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Wat ass eigentlech en Tinyhouse?

Wéi dat englescht Wuert et jo seet, handelt et sech hei ëm kleng Haiser. Generell hunn dës Haiser manner wéi 50 Meterkaree, déi aus verschiddene Modülle gebaut ginn, esou datt een se erëm ofmontéiere kann. Deemno wéi stinn se esouguer op Rieder, esou datt een se fortbeweege kann. Hei am Land ginn et nach keng eenheetlech Norme fir d’Bauform vun de sougenannten Tinyhaiser.

Beim Lis a beim Alain zu Besuch an hirem Wunnwaggon N136 hu mir eis ganz séier ewéi doheem gefillt. Ronderëm hiren Dësch souze mir wéi an der spréchwiertlecher gudder Stuff, wärend den Alain vun hirer Erfarung erzielt huet. Dobäi huet eis d’Natierlechkeet vum Bau gefall. Dat Ganzt huet iergendwéi berouegend op eis gewierkt. Vun der Technik bis zum Choix vun de Miwwele war dat Ganzt esou iwwerluecht, datt d’Plaz bis op de leschte Millimeter genotzt gëtt. Den Alain formuléiert et esou: „ Sech vum Iwwerflëssegen ze trennen, ass befreiend.“ No e puer Stonnen an hirem Tinyhouse ware mir erstaunt, wéi grouss 31 Meterkaree dann awer kënne sinn.

Eier déi zwee awer an hiert neit Heem plënnere konnten, hu si mussen un eng sëllegen Diere klappen, fir Äntwerten op all hir Froen ze kréien. „Oft si mir awer mat méi Froen erëm heemgaangen, ewéi mir komm sinn“, erzielen den Alain an d’Lis.

Wat als Sich no engem Terrain ugefaangen hat, ass du quasi zu enger Missioun ginn: „D’Zäit huet ugefaangen, knapp ze ginn, de Wunnwaggon war bestallt, en Deel dovunner war bezuelt, de Liwwerdatum ass ëmmer méi no komm, mee en Terrain war net a Siicht“. Esou ass et du komm, datt d’Tinyhouse haut am Gaart vum Elterenhaus steet.

A well ëmmer méi Froen ewéi Äntwerten op den Dësch komm sinn, sinn den Alain an d’Lis du Member bei der 2020 gegrënnter Tiny House ASBL ginn. D’ASBL ass eng gemëschte Grupp vu Leit, déi sech zu Lëtzebuerg als Zil gesat hunn, eis Matmënschen iwwer dësen éischter minimalistesche Liewensstil ze informéieren an en hinne méi no ze bréngen. E weidert Zil vun der ASBL ass et, d’Demarchen, fir en Tinyhouse hei am Land bauen a bewunnen ze kënnen, ze vereinfachen.

Wat sinn dann d’Demarchen, déi ee maache muss?
Ufank 2023 huet de Ministère de l’Intérieur de Guide de mise en oeuvre – Tiny House verëffentlecht an huet domat e legale Kader fir d’Tinyhaiser geschafen. De Ministère huet domadder kloergestallt, wat vun hinnen als okay gëllt. Elo wier et dann un de Gemengen, ze entscheeden, wat si bei sech zouloossen a wat net.

Doduerch ass dat Ganzt e gudde Schratt no vir komm, an esou gouf ee vun den Ziler vun der Tinyhouse-Communautéit verwierklecht :

Eng Richtlinn fir d’Bautereglement

Wéi geet et da weider hei am Land?
Nodeems d’Gemeng Stroossen sech 2022 als éischt Gemeng am Land fir en Tinyhouse-Projet ugebueden an dësen och ëmgesat huet, hunn déi aner Gemengen et elo méi einfach, esou eppes unzegoen. Hei ass de Gemengen de Plan d’aménagement général (PAG) aus dem Guide de mise en oeuvre eng grouss Hëllef.

Och d’Gemeng Walfer huet den 2. Juni 2023 a Presenz vum Minister Henri Kox en änleche Projet virgestallt. E Lotissement mat aacht Tinyhaiser an ee Community House sollen zu Bäreldeng geschafe ginn. All Tinyhouse besteet aus Holz a gëtt aus 4 Modüllen zesummegesat, wat herno eng Wunnfläch vu ronn 40 Meterkaree ergëtt. Geduecht sinn dës Haiser fir Bierger mat klengem Akommes oder jonk Leit tëscht 18 an 32 Joer, déi no enger abordabeler Wunnméiglechkeet sichen.

Als Kand huet esou muenchereen d’Liichtegkeet vum Peter Lustig an sengem bloe Baucontainer op der grénger Wiss bewonnert. Vläicht ass d’Beweegung ronderëm d’Tinyhaiser e Schrëtt an déi richteg Richtung.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.