Wann een dat Wuert „Handwierk“ héiert, dann denkt ee warscheinlech an éischter Linn u ganz traditionell Beruffer wéi dee vum Schräiner[1], Bäcker oder Daachdecker. Mat Bléck op dës dräi Beruffer kéint een d’Handwierk als eppes konkreet Gräifbares, souguer Buedemstänneges bezeechnen. De Schräiner benotzt Holz, fir doraus z. B. en Dësch oder e Schaf ze bauen. De Bäcker hëlt Miel, verschafft et zu Deeg a baakt doraus Brout. Den Daachdecker deckt oder reparéiert Diecher a gräift dobäi op verschidde Materialie wéi Toun a Schifer oder Metaller wéi Zénk, Koffer, Aluminium a Stol zeréck. Et fält op, datt dat, wat hei jeeweils produzéiert gëtt, e ganz konkreeten Zweck erfëllt. En Dësch soll stabil sinn, fir eppes kënnen dropzestellen. D’Funktioun vun engem Daach ass et, viru Reen, Wand oder Hëtzt ze schützen. D’Brout soll sat maachen an am beschte Fall och gutt schmaachen.
D’Definitioun vum Begrëff „Handwierk“ läit gewëssermoossen am Wuert selwer: Et geet ëm e Wierk, dat (gréisstendeels) mat den Hänn gemaach gëtt. Natierlech kënnen dobäi Maschinnen oder Geschier an den Asaz kommen, mee et ass net vergläichbar mat der industrieller Masseproduktioun. Am Vierdergrond steet de Mënsch, deen d’Aarbecht plangt a steiert, dee säi Fachwëssen, seng Erfarung a säi Geschéck benotzt, fir eppes hierzestellen oder ze reparéieren. Wéi gesot ass de prakteschen Notzen zentral bei engem handwierkleche Produkt. Allerdéngs bedeit dat net, datt Schéinheet a Qualitéit bei engem héichwäertegen Handwierksproduit keng Roll géife spillen.
Et ass net esou evident, eng allgemeng Definitioun vu Konscht ze ginn. Mam Begrëff kann een awer sécher ganz bekannte Perséinlechkeete wéi de Pablo Picasso, den Auguste Rodin oder d’Frida Kahlo a Verbindung bréngen. Et denkt een u Muséeën oder Galerien, wou d’Konschtwierker hir Plaz fannen a vun interesséierte Leit kënne betruecht ginn. Eventuell huet een och den Topos vum „leidende Kënschtler“ am Kapp: Konscht ass an deem Fall d’Resultat vu Péng, Leed, Einsamkeet, ënnerleche Konflikter an existenzielle Krisen. De Kënschtler transforméiert déi intensiv negativ Emotiounen an eng ästheetesch Form, déi banal Alldagserfarungen transzendéiert a méi déif Wourechten ze erkenne gëtt.
Ech perséinlech denken direkt un d’Bild „Der Wanderer über dem Nebelmeer“ vum Caspar David Friedrich, deen der däitscher Romantik zouzerechnen ass. Wann ech mir dat Landschaftsbild ukucken, da léist et e Gefill vu Rou, Wäitbléck, „Sehnsucht“ a Fräiheet a mer aus. D’Konscht huet domat e ganz anere Schwéierpunkt wéi d’Handwierk. Et geet net ëm Funktionalitéit. Konscht ass virun allem e mënschlechen Ausdrock an enger spezifescher Form, déi Bedeitung schaaft. Se kann Emotiounen aktivéieren, Froe stellen, irritéieren oder och inspiréieren. Konschtwierker hunn d’Potenzial, d’Leit déif ze beréieren an hir Siicht op d’Welt radikal ze veränneren.
Beim Begrëff „Konschthandwierk“ trëfft d’Handwierk souzesoen op d’Konscht – mir hunn et mat engem Zwëscheraum ze dinn, deen an der Mëtt vun deenen zwee bis elo diskutéierte Beräicher läit. Fir et aneschters ze formuléieren: E Konschthandwierker stellt e Produit hier, deen engersäits eng kloer Funktioun huet an anerersäits eng offensichtlech ästheetesch Qualitéit opweist. Eng Keramikschossel huet beispillsweis e prakteschen Notzen a ka gläichzäiteg als Konschtwierk ugesi ginn. E Keramiker géif sech deemno am Grenzberäich vun definéiertem Zweck a Kreativitéit beweegen, e verbënnt handwierklech Prezisioun mat kënschtlerescher Gestaltung. Och e Glasbléiser oder e Goldschmadd kéint dësem Grenzberäich zougeuerdent ginn.
De Spektrum „Handwierk – Konschthandwierk – Konscht“ ass am éischte Moment absolut plausibel an erméiglecht eng sënnvoll Zouuerdnung vu Produiten. Et däerf een allerdéngs net aus den Ae verléieren, datt d’Iwwergäng fléissend sinn. Wann een engem Handwierker bei senger Aarbecht nokuckt, fënnt ee séier eraus, datt seng Aktivitéit duerchaus eng kreativ Dimensioun huet. All Entscheedung, d’Materialwal an d’Léisung vun engem handwierkleche Problem ka jeeweils als schëpfereschen Akt interpretéiert ginn. Firwat soll net en Dësch e Konschtwierk duerstellen? E kann eng gewëssen Ästheetik hunn an e positiivt Gefill bei sengem Besëtzer ausléisen.
Op där anerer Säit brauch d’Hierstellung vu Konscht an der Reegel eng handwierklech Grondlag. E Bild, eng Skulptur oder e Roman entsteet net eleng aus Inspiratioun. De Kënschtler brauch Technik, Materialkenntnis an Übung – beim Schrëftsteller wär d’Materialkenntnis seng intensiv Beschäftegung mat anerer Literatur. Vill Kënschtler verbrénge Joren domat, hiert Handwierk ze léieren, ier se hiren eegene Stil entwéckelen.
Eventuell soen déi hei formuléiert Begrëffsënnerscheedunge méi iwwer eis Aart a Weis ze denken aus wéi iwwer d’Realitéit selwer. Se verweisen op dem Mënsch seng Tendenz, Saache mam Verstand kloer anzeuerdnen, fir esou Orientéierung ze hunn a Sécherheet ze erliewen. Tatsächlech hu meng Iwwerleeunge mech e Stéck wäit vun de Kreatiounen ewechgeholl, deenen ech mech a Rou zu Buerglënster widme wollt. Hir Schéinheet ass vu mengem Verstand rationaliséiert ginn. Datt d’Leit Erfëllung dora fonnt hunn, mat hiren Hänn, duerch eng schëpferesch Tätegkeet, eppes an d’Welt ze setzen, hat ech aus den Ae verluer. Heiansdo ass et besser, beim Staunen ze bleiwen.
En Artikel vum Heng Barone
[1] Natierlech ginn et och Fraen, déi an dëse Beruffer schaffen. Historesch gesinn ass d’Handwierk aus diverse Grënn awer staark männlech gepräägt. Wann hei an am Follgenden ëmmer déi männlech Form gewielt gëtt, da just wéinst der Lieserfrëndlechkeet.