Fir munch Betriber lount sech den Asaz bei engem sabbelege Krunn oder engem futtisse Luuchteschalter einfach net. Dat ass net béis gemengt, mee de Client kann dat op verschidde Weisen ze spiere kréien. Entweeder léisst de Betrib sech gutt Zäit, fir op d’E-Mail ze äntwerten, oder den Devis ass immens héich oder awer d’Waardezäit bis zum Termin ass esou ugesat, datt een dës Offer net méi wëll unhuelen.
Firwat ass dat esou? Ganz einfach, well sech fir en ondichte Krunn oder e futtisse Luuchteschalter de logisteschen Opwand plus Deplacement fir vill Betriber net wierklech lount respektiv den Asaz proportionell zur Reparatur immens deier an opwändeg ass. Dat heescht, datt d’Käschte ronderëm dacks méi héich ewéi déi tatsächlech Reparatur sinn. Wann een also net grad zwou lénker Hänn huet, ass et dacks besser, esou Klengegkeete selwer ze flécken. Am Netz fënnt ee mëttlerweil bal alles am Detail erkläert a mat Hëllef vun der KI och op säi ganz spezifesche Fall fokusséiert.
Mee wéi gesäit et mam Luuchteschalter oder mat der defekter Steckdous aus? Do ass schliisslech Stroum dran! An dësem Fall wär et also dréngend ze empfeelen, e professionellen Elektriker erbäizekréien. Zumindest, wann ee sech onsécher ass, wéi eng dann elo déi richteg Sicherung ass, déi ee muss ausschalten, ier een un d’Steckdous fummele geet.
Et stellt sech also d’Fro: Wou fannen ech dann elo dee richtegen Handwierker? Dat hänkt natierlech dovunner of, wat genee mäi Projet ass an och wéi dréngend et ass.
Am Noutfall hu vill Leit d’Tendenz, op der Map mam grousse G ze kucken. Do fënnt een op ee Bléck, wéi eng Betriber an der Noperschaft eventuell esou Déngschter ubidden. Oder et hëlt een d’Sichmaschinn a googelt unhand vu Stéchwierder. Ass et wierklech dréngend, sollt een am beschten direkt uruffen. Dat geet bal ëmmer méi séier, ewéi en E-Mail ze schreiwen oder e Kontaktformular auszefëllen, an et kann een um Telefon direkt Neel mat Käpp maachen. Oder och net, mee da weess ee wéinstens, wou een drun ass, a rifft deen nächsten Handwierker un.
Am allerbeschten ass et awer, wann een ee kennt, deen ee kennt … deen dat gutt, séier a bëlleg ka maachen. Zu Lëtzebuerg leeft nämlech villes iwwer Mondpropaganda. Dëst ass sécherlech méi wäert ewéi eng vun de sëllege Rezensiounen am weltwäite wëlle Web, bei deenen een och ni ka sécher sinn, ob se tatsächlech echt sinn.
Wann d’Mondpropaganda keng Friichten dréit an ee bei der wëller Sich am Netz de Bësch vu lauter Beem net méi gesäit, da kann een och op eng vun de spezialiséierte Plattformen zeréckgräifen. De Prinzip ass hei bal ëmmer dee selwechten. Et beschreift ee säi Projet oder d’Reparatur, déi ze maachen ass, an da kritt ee meeschtens innerhalb vu 24 bis 48 Stonnen e puer Offere geschéckt vu Betriber respektiv Handwierker, déi dat maache kënnen.
Hei e puer Beispiller vu Plattformen, déi virun allem kleng Aarbechte maachen, woubäi mer awer net den Usproch hunn, komplett ze sinn:
alloservices.lu: Si bidde kleng a grouss Reparaturen un, z. B. och en Depannage bei verstoppte Réier.
wedo.lu: Setzt de Fokus op méi grouss Projeten, mee och hei fënnt een eng Ënnerkategorie fir kleng Aarbechten. Dës Plattform ass eng Initiativ vun der lëtzebuergescher Fédération des artisans.
my handyman Luxembourg (mhl.lu): Spezialiséiert op éischter méi kleng Aarbechten. De Client beschreift säi Projet, kann och Fotoen eroplueden a kritt da Propose gemaach.
devis.lu: Fir grouss Projeten, mee et fënnt een och eng Kategorie „kleng Aarbechten“. Nodeems ee säi Projet virgestallt huet, kann ee bis zu sechs Devisë vu verschiddenen Handwierker respektiv Firme kréien.
fynd.lu: Ganz änlech funktionéiert dës Plattform. Och hei gëtt et eng Rubrik „Handwierker“ an als Ënnerkategorie „kleng Reparaturen“.
needhelp.com: Ganz beléift an der Groussregioun, virun allem fir Handwierker aus Frankräich an der Belsch ze fannen, déi dacks och grenziwwerschreident schaffen. Et fënnt een z. B. och Handwierker, déi beim Montéiere vu Miwwele vun enger bekannter schweedescher Mark hëllefen.
yoojo.lu: E bëssen anescht funktionéiert dës Plattform. Amplaz säi Projet ze beschreiwen, kritt een hei direkt d’Fotoe vun den Handwierker presentéiert, déi een uklicke kann. Et gesäit een niewent hirer Passfoto och hiren Numm, hir Kompetenzen, de Stonneloun an d’Asazgebitt.
Fir Handwierker a Firmen ze fannen, déi entweeder de Fokus op méi grouss Projeten oder op energeetesch Sanéierunge leeën oder aus der Grenzregioun stamen, hu mer follgend Beispiller erausgesicht:
goodwork.lu: Et beschreift ee säi Projet an et kritt ee bis zu dräi Devisen. Ugebuede ginn ënner anerem Firmen, déi Renovéierunge maachen, am Sanitär schaffen, Daachdecker- oder Usträicheraarbechten ubidden.
rgeiz.lu: Dës Vermëttler-Plattform leet de Fokus op Bau- a Renovéierungsaarbechte souwéi Gaardeprojeten. D’Ufroe vun de Clientë gi gepréift an un déi passend Betriber weidergeleet.
tack.lu: Hei fënnt ee Firmen, déi a fënnef Regiounen zu Lëtzebuerg agedeelt sinn. Et muss ee fir d’éischt säi Projet virstellen an da kritt een Offeren, déi een dono ka matenee vergläichen. Et fënnt een éischter Betriber, fir méi grouss Projeten ze maachen, mee et fënnt een och Handwierker, déi z. B. eng Noutfallreparatur bei elektresche Pannen ubidden.
vert.lu: Dës Plattform ass spezialiséiert op energeetesch Sanéierungen, Wärmepompelen, Solarpannoen an Dämmung an dat Ganzt a Kombinatioun mat de Fërderprogrammer vun der Regierung.
myhammer.de: Virun allem fir Handwierker aus Däitschland (Saarland a Rheinland-Pfalz).
travaux.com ass immens beléift a Frankräich, wou ee Betriber net wäit hanner der Grenz a Loutrenge ka fannen.
Eng weider Alternativ, déi sech niewent der allgemenger Sichmaschinn an den Handwierker-Plattformen ubitt, sinn déi méi klassesch Branchëverzeichnisser. Dës funktionéiere wéi eng Sichmaschinn, just datt hir Sichfunktioun nëmmen op Handwierksbetriber ausgeluecht ass. Dat mécht déi geziilte Recherche méi einfach. Hei e puer Beispiller:
yellow.lu an editus.lu fir Lëtzebuerg
houzz.de oder houzz.fr jeeweils fir Handwierker an Däitschland oder Frankräich, speziell och fir d’Grenzregioun.
pagesjaunes.fr, fir Betriber a Frankreich ze fannen.
pagesdor.be ass de Pendant fir Handwierker aus der Belsch.
Aktuell am Trend fir méi kleng Reparature leien awer ëmmer nach spezifesch Facebook-Gruppen, wou d’Leit sech iwwer hir Erfarunge mat Handwierker a Betriber direkt austausche kënnen. Ëmmer méi beléift sinn och Noperschaftsplattforme wéi z. B. HOPLR, déi mëttlerweil a ville Gemengen am Land am Gebrauch sinn.
Ween de klassesche Wee iwwer d’Sichmaschinn oder d’Branchëverzeichnis wielt, sollt awer drop oppassen, bei méi groussen an deiere Projeten op d’mannst dräi verschidden Devisen unzefroen, hei kann ee séier vill Sue spueren. Awer och hei gëllt: Dee Bëllegsten ass net onbedéngt ëmmer dee Beschten.
E weidere Feeler, deen ee bei der Sich ka maachen, ass d’Virstellung, datt e gudden Handwierker ëmmer Zäit huet – eeben net. Wie wierklech gutt ass, ass och vill gefrot an ass deemno net ëmmer zäitno disponibel. Dofir nach en Tipp zum Schluss: Heiansdo kann e bësse Gedold villes bewierken – ausser bei engem Noutfall – an eng gutt Recherche hëlleft derbäi, kee Schwaarzt Schof u Bord ze lackelen, dat engem um Enn just vill Suen aus der Täsch zitt, ouni vill opweises ze hunn.
En Artikel vum Eric Rings