Ëffentleche Wunnengsbau – Ass abordabel schonn ze deier?

673.342 Euro. Esou vill kascht e subventionéiert Eefamilljenhaus vun 140 Meterkaree op 3,38 Ar Terrain – d’Primme scho matgerechent. Dat ass e Beispill aus der Präislëscht vun der SNHBM vum Projet Geessewee zu Bieles. D’Société Nationale des Habitations à Bon Marché baut hei fir d’Gemeng Suessem 93 Eefamilljenhaiser an 90 Appartementer.

99 Joer laang gëllt den Droit d’emphytéose op den Terrain, an d’Gemeng respektiv de soziale Promoteur SNHBM huet e Virkafsrecht, falls d’Proprietären d’Logement wëlle verkafen. De Verkafspräis ass dann och souzesoe „gedeckelt“. Esou soll garantéiert ginn, dass déi abordabel Haiser a Wunnengen net um privaten, iwwerdeierte Marché verkaf ginn an domadder der ëffentlecher Hand verluer ginn.
Fir de Verglach ze zéien: Zu Bieles kaschten Haiser, déi vun der Wunnfläch vergläichbar, awer net nei gebaut sinn, ëm 850.000 Euro. Dat ass definitiv en Ënnerscheed.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

D’Abordabilitéit fir d’Mëttelschicht

Mee wien dierf vun den abordabele Präisser vun der SNHBM profitéieren? Et gëlle ganz geziilt Konditiounen, fir e Logement vun der SNHBM dierfen ze kafen. De finanziellen Hannergrond ass den entscheedende Facteur, mee och de Lien mat der Gemeng oder ob een an der Géigend schafft, kënnen ausschlaggebend sinn. Mee kënnen sech Elteren, déi zu zwee schaffen a béid de qualifizéierte Mindestloun verdéngen, esou en Haus leeschten? Hei ass bewosst d’Beispill vun enger Famill mat Kanner gewielt ginn, well eng Koppel en Haus vun 140 Meterkaree mat grousser Warscheinlechkeet net géing kréien. D’Zesummesetzung vum Stot, déi sougenannte Composition de ménage, spillt nämlech och eng Roll.

En Test mam Kredit-Rechner vun enger Lëtzebuerger Bank ergëtt, dass een, fir 600.000 Euro Prêt ze kréien (mir ginn dovunner aus, dass déi fiktiv Famill e bëssen eppes op d’Säit geluecht huet), mam predefinéierten Zënssaz vu 5,45 Prozent pro Mount 3.406,90 Euro misst zeréckbezuelen. Bei zwee Mol de qualifizéierte Mindestloun, also zwee Mol 2.708,35 Euro, ergëtt dat en Akommes pro Mount vu 5.416,7 Euro, ouni Kannergeld oder aner staatlech Aiden. Ma allgemeng brauch een net laang, fir festzestellen, dass dës fiktiv Famill sech dat Eefamilljenhaus zu Bieles mol schonn net wäert kënne leeschten. Staatlech Aidë kéinten do och net vill drun änneren. Obwuel also béid Eltere schaffe ginn, ass en Haus vun engem ëffentleche Bauträger am Süde vum Land net bezuelbar. D’Abordabilitéit gëtt eppes fir d’Mëttelschicht.

D’Clientë gi rar

Dass sech déi ënnescht Revenuë keng Proprietéit kënne leeschten a Leit mat ze héije Paie souwisou net eligibel sinn, wierkt sech beim soziale Promoteur aus a bréngt eng ganz nei Situatioun mat sech. Wärend et Waardelëschte mat Interessente gëtt, fënnt d’SNHBM trotzdeem keng Clienten. Well de Finanzement vun de Banken net accordéiert gëtt, sprange Stéit vum Kaf of, esou den Direkter Guy Entringer, wéi de Bilan vun zejoert publizéiert gouf.

Mat den nämmlechte Problemer ass och de Fonds du Logement confrontéiert, den zweeten ëffentleche Bauträger. Méi bëlleg baue geet net, well allgemeng d’Baukäschten an d’Luucht ginn. Well d’Erausfuerderunge fir déi ëffentlech Bauträger ëmmer méi grouss ginn an op där anerer Säit duerch d’Zënshausse ëmmer manner Leit fir de Kaf a Fro kommen, setzen déi sozial Promoteure verstäerkt op déi abordabel Locatioun. Hei gëtt de Loyer op Basis vum Revenu gerechent an deementspriechend och reegelméisseg ugepasst. Fir eng Locatiounswunneng zougesprach ze kréien, gëllen änlech sozial Krittäre wéi fir de Kaf. Ma och hei ass d’Demande méi héich ewéi d’Offer.

Eleng zejoert krut de Fonds du Logement 3.664 nei Demandë fir eng bezuelbar Locatiounswunneng. Dovunner wieren awer mol net d’Hallschent komplett, heescht et op Nofro. Aus dem Rapport vun zejoert geet ervir, dass 4.818 Stéit op der Waardelëscht sinn. Aktuell huet de soziale Promoteur mat iwwer 2.000 Locatiounswunnengen dee gréissten abordabele Parc locatif hei am Grand-Duché. Zejoert goufen awer trotzdeem „nëmmen“ 102 Logementer fir d’Locatioun oder d’Vente fäerdeggestallt.

Wou steiert den ëffentleche Wunnengsbau hin?

Fakt ass, déi sozial Promoteure bidde souwuel an der Locatioun wéi och an der Vente Präisser un, déi wäit vum private Marché fort sinn. Fir vill Leit eng gutt Alternativ. D’Joresrapporte weisen och, dass ëmmer méi gebaut gëtt an och ëmmer méi Logementer an d’Locatioun ginn. Mee d’Waardelëschte bleiwe laang, well méi séier bauen nach ëmmer net séier genuch schéngt.

Dobäi kënnt den dach relativ rezente Phenomeen vun enger rapider Zënshausse, déi derfir suergt, dass ëmmer manner Leit sech iwwerhaapt eng Proprietéit leeschte kënnen. Wou steiert den ëffentleche Wunnengsbau hin? Eleng ass de soziale Logementsmarché eng Drëps op de waarme Steen.

D’Fro bleift éischter, wéi sech de Wunnmarché allgemeng entwéckelt a wéi de Staat och um private Marché, dee jo däitlech dominéiert, reglementéiere kann. Et bleift e Bléck an d’Glaskugel.

En Artikel vum Monica Camposeo

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.