fir moies waarmt Waasser mat Zitroun ze drénken!
Et kléngt bal ze schéi fir wouer ze sinn, mä ee Glas waarmt Waasser mat Zitroun op den eidele Mo all Moien, ka Wonner fir dech an däi Kierper bewierken. Et fillt ee sech net nëmme wuel, mä et stäerkt och däin Immunsystem an hëlleft dir moies besser an d’Gäng ze kommen.
Ze bemierken ass, datt et dat éischt ass, wat s du moies zou der hëls, esou kann de Kierper all wichteg Nährstoffer ophuelen. Dat eenzegt wat ee brauch ass eng frësch, hallef Zitroun a wa méiglech gefiltert Waasser.
Waarmt Waasser a Zitrounejus ginn dem Kierper natierlech Energie. De Kierper gëtt hydratéiert a kritt zousätzleche Sauerstoff. Du fills dech séier erfrëscht a voll mat Kraaft an dat iwwert e längeren Zäitraum. Beim Koffein ass dat just kuerzzäiteg de Fall.
Op der nächster Säit stelle mir dir aacht Grënn vir firwat s du solls waarmt Waasser mat Zitroun drénken!
D‘Ascorbinsaier (Vitamin C) aus der Zitroun ënnerstëtzt Wonnen an hirem Heelungsprozess.
Als Deel vum Immunsystem brauch de Lymphsystem all Dag genuch Kierperflëssegkeet, wat e Glas waarmt Waasser mat Zitroun wierkungsvoll ënnerstëtzt.
De Ballaststoff Pektin aus der Zitroun reduzéiert d‘Hongergefill an ënnerdréckt de Reflex, fir onkontrolléiert iwwer d‘Iessen hierzefalen.
An den Zitroune stécht, nieft ganz vill Vitamin C, engem effikasse Mëttel géint Erkältungen an Entzündungen, och Kalium, deen d‘Funktioun vum Gehir an den Nerven ureegt.
D‘Saier vun der Zitroun mécht, datt d‘Enzyme verstäerkt d‘Liewer schaffen dinn, fir esou de Kierper ze entgëften.
Zitrounejus hëlleft, de Kierper ze entgëften a reegt d‘Liewer un, Gal ze produzéieren.
Well se alkalesch wierken, bréngen Zitrounen, trotz hirer Saier, de Ph-Wäert vum Kierper an e gesond Gläichgewiicht.
D‘Vitamin C a vill aner Antioxidantien aus der Zitroun wierke géint Falen a loossen d‘Haut méi schéin ausgesinn. Direkt drop opgedroen, kann Zitrounewaasser eng Narb och bleechen.