Chrëschtdagsbeliichtung an eise Gemengen

Wann d’Auer ëmgestallt gëtt an den Auto moies sou lues ufänkt, zougefruer ze sinn, da steet de Wanter virun der Dir. D’Deeg gi méi kuerz an deen een oder anere stellt sech alt op d’Chrëschtzäit an. Wou d’Butteker allerdéngs an de leschte Jore schonn am spéiden Oktober ufänken, hir Fënstere mat Kleesercher a Rendéieren ze rëschten, do zéien d’Gemengen aus dem Land eréischt méi spéit no. Ëm Enn November fänken déi éischt Chrëschtgirlanden an de Stroosse vu Lëtzebuerg u mat liichten an am Dezember ass dann endlech all Kanton dem Chrëschtdagsféiwer verfall.

Un der Spëtzt a Saachen Deko steet wéi all Joer d’Stad Lëtzebuerg. Vum 22. November bis de 14. Januar 2018 liichten d’Stroossen a Plaze vun eiser Haaptstad a suergen esou fir déi néideg Atmosphär. Ronn 375 nei Installatiounen huet sech d’Stad Lëtzebuerg dëst Joer geleescht, fir déi üblech Chrëschtdagsbeliichtung nach e Krack méi festlech ze gestalten. Ob 3D-Stären um Boulevard Roosevelt, Liichterteppecher, déi wéi e Waasserfall glënneren an der Rue des Capucins oder grouss Bullen op der Gare – wien déi nächst Méint duerch d’Stroosse vun der Stad spadséiert, deen huet definitiv eppes ze kucken. Mee net nëmmen de Kär vun der Gemeng gëtt dekoréiert, och an den anere Quartiere liichte Stären, Girlanden a Schnéiflacken ëm d’Wett. Feelen dierfen hei natierlech och net déi traditionell Beemercher. Eleng am Zentrum ginn 28 Chrëschtbeemercher opgeriicht, déi gréissten dorënner ass eng 12 Meter grouss Dänn op der Plëss.

Als Haaptstad vum Minett steet Esch-Uelzecht Lëtzebuerg a Saache Chrëschtdeko an näischt no. Hei ass et allerdéngs net d’Gemeng selwer, déi sech ëm d’Beliichtung vun de Stroossen a Gebaier këmmert, mee zanter éiweg d‘Escher Entreprise „Electricité Will anc. Delstanche“. Vum 1. Oktober 2017 bis de 15. Februar 2018 gëllt et och hei, esou vill wéi méiglech festlech Stëmmung ënnert d’Leit ze bréngen. „E grousse Chantier“ nennt de Patron Romain Will dat Ganzt, well, fir dass am Dezember och all Bier liichte kann, muss am Virfeld eng ganz Rëtsch u Preparatioune geleescht ginn. Als Haaptachs gëllt zu Esch natierlech d’Uelzechtstrooss, mee domat ass et nach laang net gedoen: Vum Stadhaus bis bei d’Brillplaz gëtt och all kleng Niewestrooss beliicht, an dat sinn der eng Jett. „Mir schaffen net nëmme mat gespaante Seeler, mee och d’Haiser gi mat Liichterteppecher dekoréiert an all Luuchtepotto an der Uelzechtstrooss gëtt vun uewen erof mat véier Girlande gerëscht“, erkläert den Här Will. Nei dëst Joer si riseg Bullen, déi vum Theater bis an d’Dicksstrooss de Foussgänger de Wee liichten. Fir dass awer net ze vill Stroum an dat Ganzt fléisst, setzt Esch säit Joren op déi méi spuersam LED-Bieren a schafft mat engem ganz spezielle System. Sou gehéiert d’Beliichtung fir d’Chrëschtzäit net zum „éclairage public“, mee gëtt ganz individuell gesteiert, jee no Bedarf. „Wann zum Beispill mëttes de Kleesche kënnt an et nach hell ass, kann, engersäits déi Plaz trotzdeem beliicht ginn, anerersäits mussen awer d’Luuchten a Stroossen déi manner befuer sinn, net esou laang liichten“, verréit den Här Will.

Manner Bieren, mee grad esou vill Charme hunn dann och déi méi kleng Gemengen aus dem Land. Fir hir jeeweils 812 a 780 Awunner an déi richteg Chrëschtdagsstëmmung ze bréngen, setze Simmer a Sëll op klassesch Dekoratioun. Stären op de Luuchtepottoen a beliichte Chrëschtbeemercher an all Duerf vun der Gemeng sinn hei Traditioun, och wann de Budget fir méi grouss Elementer feelt. Oft gëtt hei méi punktuell gerëscht amplaz ganz Alleeën ze beliichten, verréit de Gemengesekretär Jean Trausch vu Pëtschent: „Eng Kierch kritt e Stär an an all Entrée vun engem Duerf hänkt eppes Klenges iwwer der Strooss. Einfach esou, datt och jidderee sech wuelfillt elo an dëser Zäit“. Ëffentlech Gebaier dierfen natierlech fir Chrëschtdag och net ze kuerz kommen, virun allem Klassesäll stinn a ville Gemenge ganz uewen op der Deko-To-Do-Lëscht. „Eis Schoule kréie Beemercher vun 1,50 oder 1,80 Meter a ginn da vun de Kanner zesumme mat der Erzéierin selwer dekoréiert“, erkläert den zoustännegen Elektriker Ben Genot vu Jonglënster. Ab dem 1. Dezember soll et hei an der Gemeng dann och glënneren, dofir ass elo nach e bëssen eppes ze schaffen.

Zu Wäisswampech a Waldbriedemes gëtt vill mat de Beem geschafft, déi souwisou dat ganzt Joer iwwer an der Gemeng sinn. Hei stinn déi grouss Dänn an d’Lannen scho prett a waarde just drop, mat flotte Girlande gerëscht ze ginn. „Da sinn déi Gréng frou, wa kee Bam extra ëmgehae gëtt“, schmunzelt de Luc Cordewener vu Waldbriedemes. An effektiv, bei der Unzuel u Biere gëtt bei de meeschte Gemengen net gespuert, mee trotzdeem geet den Trend ganz kloer a Richtung Energie spueren an op LED-Luuchten ëmsteigen. Sou kann der festlecher Ambiance näischt méi am Wee stoen an d’Chrëschtsaison gëtt lues a lues am klenge Lëtzebuerg ageleet.

Laura Tomassini

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.