De gesonde Schlof

De Philosoph Arthur Schopenhauer huet eng Kéier gesot:„Der Schlaf ist für den ganzen Menschen, was das Aufziehen für die Uhr.“

Mir liewen haut an enger Welt, déi sech ëmmer méi schnell ze dréie schéngt. Vill Leit hunn d’Gefill, si missten ëmmer erreechbar a präsent sinn – am beschten zu all Ament, Dag an Nuecht. Den Handy um Nuetsdësch gehéiert zum festen Inventar.

E wichtegen Deel vun eisem Liewe kënnt dobäi leider oft ze kuerz: eise Schlof.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

Schonn als Kand hu mir geléiert, dass de Mënsch ëm déi aacht Stonnen Schlof den Dag brauch. Een Drëttel vun eisem Liewen ze verschlofen, ass awer haut fir esou munchen eng Schreckensvisioun. Et kann dach net sinn, dass ee wäertvoll Liewenszäit einfach esou verschléift.

Mee wie kennt net d’Gefill vun ze wéineg oder schlechtem Schlof. Mir hu Problemer, eis ze konzentréieren. Mir fillen eis schlapp, ouni Energie, verréckele verschidden Aktivitéite léiwer op muer an och no der x-ter Taass Kaffi fillt een sech am beschte Fall kënschtlech iwwerdréit.

Dobäi gëllt: E gesonde Schlof bedeit keen Zäitverloscht, mee duerch de Schlof regeneréiere mir eis a gewannen esouguer wäertvoll Liewenszäit.

 

Wéi kommen ech zu engem gudde Schlof?

Normalerweis hëlt de Kierper sech dat, wat e brauch. Et gëllt, sech also virun allem net geckeg ze maachen: „Ech muss elo onbedéngt Direkt schlofen, soss sinn ech muer net fit“. Sech selwer esou mental ënner Drock se setzen, verhëlleft engem sécherlech net dozou, dass ee séier aschléift, mee bewierkt éischter de Géigendeel.

Et gëtt och sécherlech net deen ee Geheimtipp, dee jiddwerengem zu engem gesonde Schlof verhëlleft.

Trotzdem gëtt et awer verschidden Aspekter, déi e gesonde Schlof éischter fërderen oder éischter stéieren.

Do wier emol ze éischt den „Tatort”: eist Bett                     

Eist Bett soll grouss genuch sinn. Während dem Schlof beweege mir eis. An der Fachliteratur gëtt vu ronn 20 gréisseren a weider 50 méi klenge Beweegunge geschwat. Eist Bett soll also schonns méi laang a méi breet si wéi mir selwer.

Déi eng Leit leie gären op enger knëppelhaarder Matrass, déi aner wëlle léiwer d’Gefill hunn, am siwenten Himmel ze schwiewen. Wichteg ass, dass een sech freet, fir sech an d’Bett ze leeën. D’Bett soll eng „Wuelfilloase” sinn. Ob dat mat enger vill ze haarder oder mëller Matrass méiglech ass? Eise Kierper huet während dem Dag villes geleescht. Sëtzen, stoen, goen, lafen… all déi Positioune belaaschten eis Muskelen, Seenen a Schanken. An der Nuecht sollen si sech ausroue kënnen. Eis Matrass soll dem Kierper Halt ginn. Den Drock, deen d’Gewiicht vun eisem eegene Kierper op eis ausgeüübt gëtt, soll gläichméisseg verdeelt ginn. Wann Dir d’Gefill hutt, de ganzen Drock läit virun allem op engem Deel vun Ärem Kierper, zum Beispill op der Schëller, oder wann Äre Kierper duerchhänkt, da sollt Dir onbedéngt eng nei Matrass kafen, fir Iech besser Bedéngunge fir e gudde Schlof ze schafen. Souwisou sollt Dir Är Matrass mindestens all zéng Joer austauschen an, jee no Material, och während dem Joer regelméisseg op déi aner Säit dréien.

Och fir en ideaalt Kappkësse gëtt et eng Recommandatioun: eng gutt Schlofpositioun erreecht e mat engem Pillem vun ongeféier 80 x 40 Zentimeter, well da gi virun allem de Kapp an d’Genéck gestäipt.

D’Bett soll ausschliisslech fir ze schlofe benotzt ginn.

Nu jee, bestëmmten Ausname sinn erlaabt. E Bett ass keng Fernsehscouch, keen Iessdësch a ganz sécher och kee Schreifdësch, mee eng Schlofplaz, op déi mir eis no engem aktiven Dag freeën an déi eis signaliséiert, dass mir elo zur Rou kënne kommen. Virum Schlofen nach e wéineg an engem Buch ze liesen an domadder d’Gedanke vum Dag ofzesträifen, ass sécherlech eng gutt Iddi. D’Liesen an engem Roman lenkt eis Gedanken ewech vun eisen Alldagssuergen an ass eng flott Bréck hin zur Dramwelt während eisem Schlof. Wie vum traditionelle Buch op en elektronescht Buch gewiesselt ass, soll awer onbedéngt d‘„Night Shift”-Funktioun (déi een normalerweis an den Astellunge fanne kann) vu sengem Apparat aktivéieren. Mat dëser Funktioun gëtt den Undeel u bloem Liicht, dat schlofhemmend Auswierkungen huet, vun den elektroneschen Apparater gedrosselt.

All Mënsch huet säin eegene Biorhythmus.

Bei jiddwerengem ginn et Auerzäiten, wou hie besser oder méi schlecht aschlofe kann. Fannt eraus, wéini bei Iech déi Zäite sinn, a probéiert, Iech an Zukunft un déi Zäiten ze halen. Eng gesond Schlofhygiene heescht och, sech bewosst Ritualer a Rhythmussen unzëeegnen, déi d’Owes- an d’Schlofzäit méi regelméisseg an ausgeglach maachen.

Är Schlofkummer sollt eng entspaanten Atmosphär ausstralen.

Wat op Iech entspanend wierkt, wësst Dir sécherlech selwer am beschten. Dat kann eng relax a roueg Musek sinn, fir besser anzeschlofen, oder en angenehme Geroch, wéi dee vum Lavendel. Genuch Sauerstoff am Schlofzëmmer ass wichteg, dofir vergiesst net, Äert Schlofzëmmer am Dag ze lëften. Eng Schlofkummer sollt net iwwerhëtzt sinn, 18 Grad sinn ideal. Allgemeng zielt d’Regel „Waarm Féiss an e kille Kapp”. Waarm Féiss loossen Iech méi schnell aschlofen, iwwerdeems de Kapp éischter kill soll sinn, well eist Gehir eréischt beim Fale vun der Kierpertemperatur an de Schlofmodus geréit. Also éischter d’Féiss a waarm Strëmp gepaakt oder ënnert eng waarm Decken, an de Pillem vläicht nach kuerz an de Frigo geluecht.

Duerchzuch soll een onbedéngt am Schlofzëmmer vermeiden. Hell Luucht hemmt d’Entwécklung vum Schlofhormon Melatonin.

Fir datt de Spigel vum Melatonin héich genuch ass, soll et an der Schlofkummer also méiglechst donkel sinn.

Eis Ernärung, virun allem owes, ass selbstverständlech och e wichtege Facteur, deen op eise Schlof wierkt.

Allgemeng gëllt do d’Regel „Weder auserhéngert nach puppsat an d’Bett“ ze goen. Schwéiert a fettegt Iesse bedeit vill Aarbecht fir eisen Daarm, d’Liewer an d’Gal – mee och hinne soll während der Schlofphase eng Rouzäit gegënnt sinn. .

D‘Aminosaier L-Tryptophan allerdéngs ass e Virleefer vum Schlofhormon Melatonin an et fënnt een se a Mëllech, Kakao, Nëss a Bieren. Planzlech Hëllefsmëttel, déi een a Form vun Téi zou sech huele kann, sinn zum Beispill Baldrian, Happ, Melisse oder Lavendel. Allgemeng ass et gënschteg, wéinstens zwou Stonne virum Schlofegoen näischt méi ze iessen.

A vergiesst net:


Op e gudde Schlof preparéiert ee sech scho am Laf vum Dag. Sidd aktiv, beweegt Iech a strengt Iech roueg emol kierperlech un – all dat verhëlleft Iech dono zu engem bessere Schlof.

Vläicht sot Dir Iech elo: wat hëllefe mir all déi gutt Rotschléi, wa mäi Partner niewent mir am Bett esou haart schnaarcht, dass d’Mauere wackelen? Do hutt Dir absolut Recht. Haart Schnaarche beanträchtegt de gesonde Schlof vun deenen zwee Partner. Dofir e leschte Rot: Schwätzt dat aktiv mat Ärem Partner un, loosst Iech eventuell beroden oder probéiert, Iech soss iergendwéi zesumme schlauzemaachen, wéi Dir dem Schnaarche lass gitt… an net Ärem Partner.

Well wat gëtt et méi Schéines, ewéi no engem gesonde Schlof ze erwächen an dee Mënsch niewent sech am Bett leien ze hunn, deen engem um Häerz läit.

An deem Sënn: Gutt Nuecht.

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.