„Lëtzebuergesch? Jo an Nee!”

Ass d’Lëtzebuerger Sprooch de Schlëssel oder éischter eng Barrière fir d‘Integratioun vun auslännesche Matbierger a Grenzgänger? Op déi Fro wollte mer hei eng schlësseg Äntwert kënne ginn, mee et sollt am Laf vun eise Recherchen anescht kommen, wéi ufangs geduecht.

Am Fong hate mer gemengt, datt jiddereen, dee mir zu dësem Thema befroen, déi selwecht Äntwert géing ginn, an zwar „Jo, d’Lëtzebuerger Sprooch ass de Schlëssel fir d‘Integratioun”. Dat war awer net de Fall an d’Äntwerte si bei Lëtzebuerger oft ganz anescht ausgefall wéi bei Auslänner, déi hei zu Lëtzebuerg liewen.

[membership level="2,3,4" show_noaccess="true"]

E laangjärege President vun engem Fussballsveräi sot eis, datt et am Jugendberäich ganz wichteg ass, datt um Terrain an och an de Vestiären eng Sprooch geschwat gëtt, déi all Kand versteet an och ka schwätzen. „An dat ass an deenen meeschte Kategorien nu mol Lëtzebuergesch. Do hunn déi eenzel Traineren eng wichteg Roll ze spillen, wëllen se een ongebrachenen Zesummenhalt an enger Equipe hunn an domadder och fir d’Integratioun vun den auslännesche Kanner Suerg droen. Mee wat mécht een da mat Kanner, déi d’Sprooch net kënnen?

Déi kann ee jo awer net heemschécken. Bei deene Klenge geet et jo awer fir d’éischt ëm de Spaass um Sport. Wa mer elo vun deene verlaangen, Lëtzebuergesch ze schwätzen, also eng Sprooch, déi se (nach) net kennen, da grenze mer déi jo direkt aus …!?” Et misst een also e Mëttelwee fannen.

Am Schoulbetrib hu mer och verschidden Äntwerte kritt. Wann och vill Schoulmeeschtere behaapten, d’Lëtzebuerger Sproch wier een, wann net dee wichtegsten Pilier fir den Unterrecht, esou soen anerer: „Mir hunn eng multikulturell Gesellschaft, eng méisproocheg Gesellschaft a mir kënnen net méi ëmmer esou maachen, ewéi wa mer just nëmmen hei Lëtzebuergesch oder Däitsch schwätzen, mee mir musse schonn dem Fakt Rechnung droen, datt déi vill Sproochen niewenteneen existéieren. Nëmmen duerch dat Een-anenaner-Gräifen an Zesummeliewe wäert et méiglech sinn, fir dass jiddwereen sech hei ugeholl fillt an ee mat deem anere ka schwätzen.“

Fir den Amir Vesali, President vum Lëtzebuerger Jugendparlament, gëtt et do nëmmen eng Äntwert: „D’Integratioun an eng Gesellschaft geet am beschten duerch d’Léiere vun der Landessprooch respektiv vun de Landessproochen.” Den Amir ass am Alter vun 10 Joer aus dem Iran geflücht, well sengem Papp virgeworf gouf, hie wier e Spioun. Haut ass hien 20 Joer al a wunnt zu Wooltz. Hie wëll Rechts- a Wirtschaftswëssenschafte studéieren. Den Amir schwätzt excellent Lëtzebuergesch. „Wéi ech op Lëtzebuerg komm sinn, konnt ech weder Däitsch nach Franséisch, vum Lëtzebuergesche guer net ze schwätzen. Ech hunn am Ufank alles gemaach, fir Däitsch ze léieren, dono och Franséisch. Ech hunn nuechtelaang doheem geléiert, bis dass ech mech konnt an deenen zwou Sproochen ausdrécken. Si hu mer gehollef, datt ech a mengem alldeegleche Liewen eens gi sinn, dat heescht, ech konnt mech beim Dokter, bei Verwaltungen, asw. verständlech maachen. Mee integréiert hunn ech mech zu deem Ament awer nach guer net gefillt.”

Dat Gefill huet den Amir eréischt kritt, wéi hien beim Spillen an am Ëmgang mat deenen anere Kanner aus dem 4. Schouljoer lues awer sécher Lëtzebuergesch schwätze geléiert huet. „Virun 10 Joer koum ech direkt an ee ganzt normaalt 4. Schouljoer, net an eng classe d’accueil, well et déi an der Gemeng, wou ech du gelieft hunn, nach net ginn ass. Mee ech mengen haut, datt dat fir mech dat Bescht war, wat mer konnt geschéien. Ech hu keng Lëtzebuergesch-Coursë matgemaach, ech hu Lëtzebuergesch geléiert, andeem ech mat menge Schoul- a Spillkolleege geschwat hunn an hinne villes nogeplappert hunn.”

Op d’Fro, Schlëssel oder Barrière, äntwert den Amir ganz kloer mat „Schlëssel”. Säi Frëndeskrees hätt sech eréischt du vergréissert, wéi hie bis Lëtzebuergesch geschwat hätt. Eréischt dunn hätt hie gemierkt, datt hien akzeptéiert war. „Nach eng Kéier: Eng richteg Integratioun geet menger Meenung no nëmmen iwwer d’Landessprooch. Ech hunn dat um eegene Leif erfuer!”

E weidere Flüchtling, den Emanuel Kamura, deen aus dem Guinea 2013 iwwer Italien op Lëtzebuerg komm ass an haut hei Jura studéiert, stellt no eiser Fro direkt eng Géigefro: „Wéi definéiert Dir dann Integratioun?” Den Emanuel seet, datt een hei zu Lëtzebuerg senger Meenung no eng vun den Haaptsprooche muss kënnen, fir „dozouzegehéieren”. An dat wier Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch. „Wann een net mam Gedanke spillt, d’Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen, dann ass et menger Meenung no net esou wichteg, ob ee Lëtzebuergesch kann oder net.” Hie misst awer zouginn, datt hien, esoubal hie Lëtzebuergesch schwätzt, d’Gefill hätt, datt hie méi séier an enger Gesellschaft dozougehéiert. Et wier vill méi einfach, Kontakt mat anere Leit ze kréien.

En Artikel vum Roger Infalt

Leider hues du kee Premium Abonnement!

E Premium Abonnement huet vill Virdeeler!

Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit. Ut elit tellus, luctus nec ullamcorper mattis, pulvinar dapibus leo.