Scho säit den 90er Joren ass d’Wandenergie eng vun den effizientsten Alternativen zu Atomstroum a Co. hei am Land. Genau 66 Wandmille sinn den Ament autoriséiert an dat ënner anerem an de Gemenge Clierf, Wäiswampech, Parc Housen oder Wëntger. Den Norde vum Land schéngt a puncto grénger Stroumproduktioun also fir d’Zukunft gut opgestallt, mee wéi gesäit et da mam Rescht vum Groussherzogtum aus?
Wéi vill Wandparken an de nächste Jore genau geplangt sinn, dat kann d’Pressespriecherin Simone Dengler vun der Ëmweltverwaltung net soen – d’Decisioun, esou Anlagen ze bauen, läit bei de jeeweilege Gemengen. Den nationalen Aktiounsplang gesäit awer vir, datt bis 2020 schätzungsweis 131 Megawatt Energie mat Wandkraaft solle produzéiert ginn. Am Verglach louch dëse Wäert 2015 laut Statistiken nach bei nëmmen 105 Megawatt. Et geet also biergop mat der grénger Energie. Ee vun de grousse geplangte Projeten ass den „Wandpark Sudwand“ a fënnef Gemengen am Süde vum Land. De Bedreiwer vun dësen zukünftegen Anlagen ass d’Société luxembourgeoise des énergies renouvelables, kuerz Soler. Als ee vun den Haaptacteuren am Wandsecteur ka Soler op jorelaang Erfarung mat Wandmillen zeréckgräifen. Zesumme mat Sudgaz wëll d’Entreprise ab 2020 néng nei Wandrieder installéieren, dat ënner anerem an de Gemenge Réiser, Monnerech a Suessem.
Bis e Projet awer iwwerhaapt esou wäit ass, muss en duerch verschidde Prozedure goen. „Als éischt mussen eng ganz Rei onofhängeg Etüde vun agreéierte Büroe gemaach ginn, iert decidéiert ka ginn, ob e Projet geplangt gëtt oder net. D’Ëmweltverwaltung kënnt eréischt an d’Spill, wann et ëm d’Autorisatioun vum Projet geet – dat heescht an där Phase, wou well verschidden Decisioune geholl goufen“, erkläert d’Simone Dengler. Ier et also un de Bau vu Wandrieder geet, muss eng sougenannten „évaluation des incidences sur l‘environnement“, kuerz EIE, duerchgefouert ginn. Heizou goufe bei enger Question parlementaire 2016 och konkret Aspekter vun der Ëmweltministesch zesumme mam Ekonomiesminister definéiert, déi et ze berücksichtege gëllt. Esou gesäit de Volet „Ëmweltschutz“ ënner anerem de Schutz vu bestëmmte sensibele Fliedermaus- a Villerchersaarte vir, während de Volet „Paysage“ sech drëms beméit, datt unhand vu Fotosimulatiounen den Erhalt vum Landschaftsbild soll garantéiert ginn. Ma och de Mënsch gouf 2016 net vergiess, well besonnesch de Kaméidi an de Schiet si Zweifel, déi bei ville Lëtzebuerger beim Thema Wandenergie fir Kappzerbrieches suergen.
Fir d’Bierger dann iwwer all méiglech Detailer opzeklären, huet d’Firma Soler am Februar a Mäerz vun dësem Joer zwielef Informatiounsversammlungen an verschidden Gemengen ofgehalen. Hei goufen nieft spezifeschen Uleiesse vun de Bierger och generell Froen zu Wandmille gekläert. Esou ass et beispillsweis interessant ze wëssen, datt eng eenzeg Wandkraaftanlag am Duerchschnëtt 5,5 Milliounen Euro kascht an eng Liewenserwaardung vun 20 Joer huet. Während dëser Zäit produzéiert esou e Wandrad ëm déi 3.000 Kilowatt Energie pro Joer – dat ass Stroum fir ongeféier 1.400 Stéit mat véier Persounen.
National Reglementer, wat d’Distanz zu bewunnten Terraine betrëfft, existéieren hei am Land (nach) net. „Verschidde Gemenge schreiwen allerdéngs Distanzen an hire Baureglementer vir“, heescht et vun der Säit vun der Ëmweltverwaltung. D’Projete vu Soler halen sech generell un d‘800-Meter-Regel an hu bis elo laut eegener Aschätzung relativ gutt Erfarunge mat der Akzeptanz vun de Bierger gemaach. D‘Viv Meintz-Maas (57), wat mat senger Famill e Weekendhaus zu Holler huet, ass eng vun de Befierworterinne vu Wandmillen a kennt d’Vue op déi grouss Anlagen: „Eigentlech stéieren se eis guer net. Ech fannen, et gëtt esouguer iergendwéi e bëssen e berouegend Gefill, wann ech owes virum Haus op der Bänk sëtzen an ech gesinn déi Wandmillen do dréien. Et héiert een se och net, ech schätzen, se sinn e puer Kilometer vun eis ewech, an se dréien och net all, d.h., wann net genuch Wand oder guer kee Wand ass, schalten se déi eng oder aner aus. Mech perséinlech stéieren se wierklech net, an se passen och an e Landbild, op alle Fall besser wéi esou muench aner Saachen.“
Quell: Ministère du Développement durable et des Infrastructures
Ma déi tëscht 45 an 150 Meter grouss Wandrieder stoussen awer net bei jidderengem op esou en Zousproch. Sou huet de Gemengerot vu Fëschbech an senger Sëtzung vum 30. Januar 2018 en negativen Avis zum Projet „Wandpark Miersch“ ofginn, baséiert op den Aschätzunge vun engem externen Expert. Am Compte rendu heescht et, datt „de geplangte Wandpark um Territoire vun de Gemenge Miersch a Lëntgen steet, awer d’Gemeng Fëschbech am Allgemengen an d’Duerf Schous am Speziellen déi ganz Nodeeler a Nuisancen ze spiere kréien“. Kritiséiert ginn ënner anerem ze niddereg Wandvitessen um Plateau Rollengerbierg, d’Lag vum ausgewielte Site no un der Afluchschneis vum Findel an d’Gefäerdung vu seelenen Déierenaarten, wéi dem Grousse Mausouer (eng Zort Fliedermaus) oder dem Uhu, déi an deem Gebitt liewen.
Gréng Energie, a besonnesch déi vu Wandkraaftwierker, ass aus der Stroumproduktioun definitiv net méi ewech ze denken, ma och an Zukunft bleiwen nach vill Froen zum Thema ze klären. Op pro oder contra Wandmillen, eent steet sécher fest: ouni den Dialog tëscht Bedreiwer a Bierger sinn d’Ziler vum Aktiounsplang bis 2020 net ze erreechen.
En Artikel vum Laura Tomassini