© SES
Gegrënnt gouf d’SES, deemools nach ënner dem Numm Société européenne des satellites, am Joer 1985 a war domat eng vun den éischte private Satellittefirmen an Europa. Wat als ambitiéisen nationale Projet ugefaangen huet, huet sech iwwer d’Joren zu enger globaler Entreprise entwéckelt, déi haut mat Clienten aus iwwer 150 Länner kooperéiert.
De groussen Duerchbroch koum 1988 mam Start vum éischte Satellit Astra 1A. Säin Haaptzil war et, Fernsee- a Radiosprogrammer direkt un d’Haushalter an Europa ze iwwerdroen. Virdrun hate Satellitten haaptsächlech staatlech oder professionell Zwecker. Mam Astra 1A gouf Satellitten-TV fir eng breet Bevëlkerung zougänglech gemaach. Am Joer 2004 gouf dëse Satellit awer ausser Betrib geholl an duerch méi modern Modeller ersat.
D’Connectivitéit ass eng vun de wichtegste Saile vun der Strategie vun der SES. D’Entreprise ass virun allem dofir bekannt, eng grouss Satellitte-Flott ze besëtzen an ze bedreiwen, déi et erméiglecht, Fernsees- a Radiosprogrammer, Donnéeën an Internetverbindungen iwwer grouss Distanzen ze iwwerdroen – och an Deeler vun der Welt, an deenen et keng klassesch Netzwierker gëtt. Dat ass besonnesch wichteg fir Spideeler op ofgeleeëne Plazen, déi iwwer Satellit mat internationale Spezialiste vernetzt kënne sinn, oder fir humanitär Organisatiounen, déi am Noutfall séier an zouverlässeg kommunizéiere mussen. Vill vun dëse weltwäite Verbindunge ginn direkt vu Lëtzebuerg aus gesteiert. Hautdesdaags bedreift d’SES méi wéi 120 Satellitten a gëllt zanter Joerzéngten als ee vun de Pionéier vun der Satellittekommunikatioun.
Fir dës Satellitten an de Weltall ze bréngen, benotzt d’SES ënnerschiddlech Rakéiten. D’Entreprise kann dobäi tëschent verschiddene Startsystemer wielen. Fréier sinn déi meescht Satellitte mat europäeschen Ariane-Rakéite gestart ginn, déi aus dem franséische Guyana an d’Luucht geschoss goufen. E puer Satellitte goufen och mat enger Proton-Rakéit aus Russland op hir Plaz am Weltall bruecht. An deene leschte Joren ass awer déi amerikanesch Firma SpaceX ëmmer méi wichteg ginn, well dës fäeg ass, vill Satellitten effizient an de Weltall ze transportéieren.
Soubal d’Rakéit hire Wee duerch d’Atmosphär gepackt huet an am Weltall ukomm ass, gëtt de Satellit ofgekoppelt a beweegt sech vun do un op senger festgeluechter Bunn ronderëm d’Äerd, dem sougenannten Orbit. D’SES bedreift Satellitten op verschiddenen Orbiter, jee no Asaz.
Am geostationären Orbit (GEO) stinn d’Satellitte bal „fest“ op enger bestëmmter Plaz a si virun allem fir Televisioun a Radio gëeegent, well se grouss Deeler vun der Äerd ofdecken. Mat nëmmen dräi sou Satellitte kann de ganze Planéit versuergt ginn. Beim Fernseesignal spillt eng kleng Verzögerung nämlech kaum eng Roll, wichteg ass virun allem, esou vill Leit wéi méiglech ze erreechen. Dofir befanne sech déi meescht Fernseesatellitten an dësem Orbit.
Am mëttleren Orbit (MEO) fléien ënner anerem d’Satellitte vum „O3b mPOWER“-System. Se bidden héich Datevitessen a gläichzäiteg eng niddreg Latenz, wat besonnesch wichteg fir Internetverbindungen, Cloud-Servicer a mobil Netzwierker ass. „O3b“ steet fir „Other 3 billion“ a bezitt sech op déi Milliarde Leit, déi laang Zäit keen oder nëmme ganz schlechten Internetzougang haten. Dës Technologie gouf entwéckelt, fir Inselen, Schëffer, Fligeren a Regiounen ouni Kabelinfrastruktur ze erreechen. Virun allem am Loft- a Schëffsverkéier si Satellitteverbindungen onersetzlech, well Fligeren net mat Kabelen un d’Äerd ugeschloss kënne ginn an Netzwierker um Mier onpraktesch oder ze deier wieren.
Am niddregen Orbit (LEO) sinn d’Satellitte vill méi no bei der Äerd, mussen awer a grousser Zuel agesat ginn, fir eng komplett Ofdeckung ze erreechen. Fir Internet- a Kommunikatiounssatellitte mussen Donnéeën extreem séier hin- an hiergeschéckt ginn, dofir ginn dës virun allem am MEO an am LEO agesat.
Wat de Bau vun dëse Satellitte betrëfft, sou huet d’SES méi wéi 40 Joer laang op extern Partner zeréckgegraff. Elo schléit d’Entreprise awer en neit Kapitel op. An Zukunft wëll d’SES en Deel vun de Produktiouns- an Integratiounsaarbechten op Lëtzebuerg verlageren, fir méi Kontroll iwwer wichteg Schlësseltechnologien ze kréien an d’Ofhängegkeet vu baussenzege Fournisseuren ze reduzéieren. Amplaz komplett Satellitte bauen ze loossen, plangt d’Entreprise, standardiséiert Satellitteplattformen ze kafen an dës zu Lëtzebuerg mat eegene softwaredefinéierte Komponenten auszestatten an ze integréieren.
Opgrond vun dësen Innovatiounen huet d’SES sech als Pilier vum lëtzebuergesche Raumfaart- an Technologiesecteur entwéckelt an dréit derzou bäi, d’Positioun vum Grand-Duché als Standuert fir Weltraumaktivitéiten ze stäerken. Et kann ee gespaant sinn, mat wéi engen Neiegkeeten d’Firma gläich nees eng Kéier vu sech schwätzen deet.
Besonnesch interessant ass de Fakt, datt sech de Sëtz vun der Entreprise am Schlass vu Betzder befënnt. Dat historescht Gebai huet bis an d’1960er-Joren der groussherzoglecher Famill gehéiert a souguer de Grand-Duc Henri ass hei 1955 gebuer. Nach haut erënnere Fotoen a Souveniren am Schlass un de Start vu Rakéiten, international Gäscht a bedeitend Perséinlechkeeten aus der Welt vun der Raumfaart. Vun deenen ongeféier 4.000 Mataarbechter schaffen eng ronn 600 Leit am Grand-Duché.
En Artikel vum Laurent Neiertz